Geologesch Zäitskala

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Geologesch Zäitskala ass eng stratigraphesch Tabell, déi d'Äerdgeschicht zäitlëch andeelt.

Déi international Andeelung vun der geologescher Zäitskala gëtt duerch d'"International Commission on Stratigraphy" (ICS) gemaach.

Déi hierarchesch Andeelung ass:

  • Äon (griich.: Éiwegkeet)
    • Ära oder Zäitalter (griich.:Zäitraum)
      • Period (griich.: en Ofschnëtt dee sech widderhëllt)
        • Epoch (griich.: e Stopppunkt)
          • Alter
Äon Ära/Zäitalter Period Epoch  viru ... Joer (M= Millioune)   Entwécklung
PHANEROZOIKUM

"Zäitalter vun de sichtbare Fossilien"
Känozoikum

Äerdneizäit
Neogen (Quartär)

Dominanz vun de Mamendéieren
Holozän 11.500 Enn vun der Äiszäit. De Mënsch dominéiert. Ausstierwe vu villen äiszäitleche grousse Mamendéieren.
Pleistozän 1,6 M Period vun den jéngsten Äiszäiten. Entwécklung vum Homo habilis iwwer den Homo erectus an Homo heidelberginsis zum Homo sapiens.
Pliozän 5,3 M Grieser an de Steppen a Savannen. Trennung vun der Entwécklungslinn vu Mënsch a Schimpans: éischt mënschenähnlech Spezie, den Ardipithecus ramidus kadabba. Déi eelst Spezie vum Mënsch Homo habilis entwéckelt sech aus dem Australopithecus an Afrika.
Miozän 23,3 M Méi dréchent Klima. An de Steppen a Savannen entwéckele sech d'Mamendéieren.
Paläogen(Tertiär)

Zäitalter vun den Äiszäiten
Oligozän 33,9 M D'Mamendéiere gi méi grouss. Éischt Walen.
Eozän 55,8 M Waarmfiicht Klima. Weltwäit Bëschgebidder. Klenggewuesse Mamendéieren. Grouss Raubvigel.
Paläozän 65,0 M Dinosaurier sinn ausgestuerwen. D'Äerd erhëllt sech lues vu verheerenden Asteroidenaschléi.
Mesozoikum

Äerdmëttelalter - Ära vun den Dinosaurier
Kräid 145,0 M Héichpunkt vun der Dinosaurierentwécklung. Vulle verdrängen d'Fluchsaurier. Primitiv Mamendéieren an Insekten entwéckele sech.
Jura 200,0 M Risendinosaurier domininéieren d'Äerd. Éischt Vullen, Beidelmamendéieren a Bléieplanzen.
Trias 251,0 M Bei de Reptiller zeechent sech den éischten Iwwergang zu de Mamendéieren of. Pangäa zerbrécht.
Paläozoikum

Äerdaltertum
Perm 299,0 M Reptiller dominiéieren d'Festland. Eenzeg grousse Risekontinent entsteet: Pangäa. Éischt Massestierwen vun den Amphibien, de Reptiller an Mieresbewunner.
Karbon 359,2 M Riseg Steekuelbëscher. Bléizäit vun den Amphibien an Insekten. Éischt Reptiller.
Devon 416,0 M Zäitalter vun de Fësch. Éischt Amphibien. Éischt Beem. Iwwergang vun de Flossen zu de Féiss bei den Déieren.
Silur 443,7 M Éischt Planzen u Land. Éischt Riffer duerch Korallen.
Ordovizium 488,3 M Éischt Fësch ouni Kifer (Agnathen), Kappfüsser a Wierbeldéieren.
Kambrium 542,0 M "Kambresch Explosioun": Entstoe vun enger villfälteger Déierewelt: Muschelen, Schleken, Kappfüsser, Korallen a Schwämm. Éischt Schuelen, Knachen a Panzer. Opbrieche vum Superkontinent Megagäa an Entstoe vu waarme Flaachwaassermierer.
PROTEROZOIKUM

Entstoe vu komplexen Eenzeller: Bakterien a Algen.
Neoproterozoikum Ediacarium 630 M Nom Enn vun der globaler Veräisung Entfalung a Verbreedung vun den Villzeller ("Ediacara-Fauna").
Cryogenium 850 M Éischt Villzeller (Metazoen). Global Veräisungen ("Snowball Earth").
Tonium 1.000 M Éischt Déierefossilien.
Mesoproterozoikum Stenium 1.200 M
Ectasium 1.400 M
Calymmium 1.600 M
Paläoproterozoikum

Bléizäit vun de Stromatolithen.
Statherium 1.800 Ma Éischte fräie Sauerstoff an der Atmosphär.
Orosirium 2.050 M Éischt eenzelleg Planzen (Gréngalgen) und Déieren (Protozoen) mat Zellkär ("Eukaryoten").
Rhyacium 2.300 M Éischt Äiszäit.
Siderium 2.500 M Éischt komplex Eenzeller mat Organellen.
ARCHAIKUM

Entstoe vum Liewen.
Neoarchaikum 2.800 M
Mesoarchaikum 3.200 M Éischt Stromatolithen: Entwécklung vun der Photosynthes duerch Cyanobakterien ( Bloalgen).
Paläoarchaikum 3.600 M Éischt Bakterien(Schizophyta) a Bloalgen (Cyanophyta).
Eoarchaikum 3.800 M Ufank vun der chemescher Evolutioun: komplex organesch Moleküller.
HADAIKUM 4.570 M Entstoe vun der Äerd.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Geologic time scale – Biller, Videoen oder Audiodateien