Walen
| Walen | |||||||||||
|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
| 80 Walaarten, am Verglach mam Mënsch (ënne riets) | |||||||||||
| Systematik | |||||||||||
|
|||||||||||
| Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||
| Cetacea Brisson, 1762 |
|||||||||||
| Ënner-Uerdnungen | |||||||||||
|
Baartewalen (Mysticeti) |
|||||||||||
D'Walen (Cetacea) sinn eng Uerdnung vu Mamendéieren déi all am Waasser, déi meescht vun hinnen am Mier, liewen. Duerch hir Kierperform gläiche s'am Ausgesinn de Fësch, woufir se fréier alt fälschlecherweis Walfësch genannt goufen.
Et gi weltwäit eng 80 bis 90 Wal-Aarten. 5 dovunner liewen am Séisswaasser, déi aner liewen am Mier.
Famillen [änneren]
Wale ginn an zwou Ënner-Uerdnungen agedeelt: Baartewalen (Mysticeti) an Zännwalen (Odontoceti). Nieft de Baarten an den Zänn ginn et nach aner anatomesch Critèren, fir déi zwou Ënneruerdnunge vuneneen z'ënnerscheeden.
- Ënner-Uerdnung Mysticeti (Baartewalen)
- Famill Balaenidae Gray, 1821
- Famill Balaenopteridae Gray, 1864 — Rorquals
- Famill Eschrichtiidae Ellerman and Morrison-Scott, 1951 — Groe Wal
- Famill Neobalaenidae Gray, 1873
- Ënner-Uerdnung Odontoceti (Zännwalen)
- Famill Delphinidae — Delfiner aus dem Mier an Orcaen
- Famill Monodontidae — Belugawal an Narwal
- Famill Phocoenidae — Phocoenidae (Schwéngswalen)
- Famill Physeteridae — Pottwal (ad minima)
- Famill Platanistidae — Séisswaasserdelfinen
- Famill Ziphiidae — Schniewelwalen an Hyperodoon (Intewal)
- Famill Iniidae — Séisswaasserdelfinen (vun aneren ënner Platanistidae klasséiert)
- Famill Kogiidae — Kleng Pottwalen (och alt ënner Physeteridae klasséiert)
- Famill Lipotidae — Chinawal (och alt entweder ënner Iniidae oder ënner Platanistidae klasséiert)
- Famill Pontoporiidae — La-Plata-Delfin (och alt entweder ënner Iniidae oder ënner Platanistidae klasséiert)
Do derbäi kommen Dosende vu Fossilienaarten aus de Gattungen Ambulocetus, Pakicetus a Basilosaurus, déi an d'Ënneruerdnung Archaeoceti klasséiert ginn.
Morphologie [änneren]
Déi verschidde Walaarten hu gemeinsam, datt se e stroumlinnefërmege Kierper, eng glat Haut ouni Hoer a keng Ouermuschelen hunn, Merkmaler déi e séiert Virukommen am Waasser méiglech maachen. Se hu keng Krallen a keng baussenzech Ouerëffnungen (de Gehéierkanal ass no baussen zou). Déi viischt Patten hu sech am Laf vun der Evolutioun zu Flossen entwéckelt déi Flipper genannt ginn. D'Floss um Réck, déi Finn genannt gëtt, feelt bei enger Rëtsch Aarten. De Schwanz ass zu enger Floss ëmgewandelt, déi Fluke genannt gëtt, an horizontal zum Rescht vum Kierper steet (bei de Fësch steet d'Schwanzfloss senkrecht). Déi hënnescht Patte si komplett zréckgebilt.
Wéi all aner Mamendéieren hu Wale Longen a mussen, fir Loft ze huelen, un d'Waasseruewerfläch. Dobäi ootme se duerch en Ootmungslach uewen um Kapp.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Walen – Biller, Videoen oder Audiodateien |