Gréngalgen

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gréngalgen
Pediastrum duplex

Pediastrum duplex
Wëssenschaftlech Klassifikatioun
Räich: Planzen
Ofdeelung: Gréngalgen
Wëssenschaftlechen Numm
Chlorophyta
Pascher, 1914,
emend. Lewis et McCourt, 2004

D'Gréngalgen (Chlorophyta) sinn eng Grupp vun Algen déi Fotosynthes mat Hëllef vun dem Chlorophyll a a b bedreiwen.

Weltwäit gëtt et zirka 6.000 Aarte vu Gréngalgen. Vill vun hinne liewen als Eenzeller, anerer bilden Organismen aus e puer Dosende vun Zellen, oder och laang Fiedem oder makroskopesch grouss Organismen am Waasser.

Déi allermeescht Gréngalge liewen am Waasser, eng Rëtsch och um Land op fiichte Plazen. Anerer liewen als Symbionten am Kierper vun aneren Organismen (z. B. dem Grénge Séisswaasserpolyp, Hydra viridis, Plattwierm ...), oder och zesumme mat Pilzen als Symbionten an de Flechten.

Systematik[änneren | Quelltext änneren]

  • Gréngalgen (Chlorophyta)
    • Prasinophyta
      • Klass Prasinophyceae (5 Uerdnungen a bis zu 30 Aarten)
    • Pedinophyta
        • Gattung Pedimonas (3 Aarten)
    • Chlorophycota
      • Klass Chlorophyceae (24 Uerdnungen a bis zu 1000 Aarten)
        • Uerdnung Chlorococcales
          • Gattung Chlorella
      • Klass Charophyceae (3 Uerdnungen)
Commons: Gréngalgen – Biller, Videoen oder Audiodateien