Sven Clement
De Sven Clement, gebuer den 19. Januar 1989 ass e lëtzebuergesche Politiker.
Hien ass Grënnungsmember vun der Piratepartei Lëtzebuerg déi am Oktober 2009 forméiert gouf, a gouf zu hirem éischte President gewielt.
Hie wunnt zu Duelem a studéiert op der Uni Saarbrécken Wirtschaftsinformatik.
Inhaltsverzeechnes |
Politesch Carrière [änneren]
Am Joer 2010 ass de Sven Clement zesumme mat 3 anere Kandidate vun der Piratepartei,[1] an d'Studenteparlament vun der Uni Saarbrécke gewielt ginn.[2]
2011 konnt d'PiratenHSG nees mat an d'Koalitioun kommen.[3]
D'Piratepartei ass och an der Koalitioun déi d'AStA vun der Uni wielt. Op déi Manéier ass de Sven Clement elo responsabel fir d'Uni vun der "Grande Région" (UGR), fir den ëffentleche Verkéier a fir d'international Kooperatiounen.[4]
Affär Medicoleak [änneren]
Am Kader vun der Affär Medicoleak ass am Abrëll 2012 eng Perquisitioun beim Sven Clement gemaach ginn, bei där zwee Macbooken, zwéin iPhonen an een iPad konfiskéiert goufen [5].
Um Spaweck [änneren]
- Säi Portrait op piratepartei.lu
- Säi Blog Under the Jolly Roger