Carole Hartmann

Vu Wikipedia
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
Carole Hartmann
Gebuer 3. Juni 1987
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Affekot, Politiker
Partei Demokratesch Partei

D'Carole Hartmann, gebuer den 3. Juni 1987 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Affekotin a Politikerin (DP).

Formatioun a Karriär[änneren | Quelltext änneren]

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Politesch Mandater[änneren | Quelltext änneren]

D'Carole Hartmann ass zanter 2008 bei der JDL aktiv. Si huet sech bei de Gemengewalen 2017 an der Gemeng Iechternach als zweet hannert hirem Papp, dem André Hartmann, op der DP-Lëscht klasséiert, konnt awer hiert Mandat eréischt unhuelen, nodeems hire Papp am Mäerz 2018 als Conseiller demissionéiert huet. Si gouf an der Gemengerotssitzung vum 26. Mäerz 2018 vereedegt.[2] Als Resultat vun de Gemengerotswale vum 11. Juni 2023 gouf si den 13. Juli 2023 als nei Buergermeeschtesch vun der Gemeng Iechternach vereedegt.[3]

2013 war si fir d'éischt Kandidatin bei de Chamberwalen, krut dat éischt Chambermandat awer eréischt bei de Wale vum 14. Oktober 2018 wéi si am Bezierk Osten fir de Lex Delles nogeréckelt ass, deen an d'Regierung genannt gouf. Si ass de 6. Dezember 2018 als Deputéiert vereedegt ginn[4]. Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 gouf si erëmgewilet[5].

Als Deputéiert setzt si hir politesch Prioritéite virun allem an d'Justiz (fir méi séier Prozeduren an zivil- a strofrechtlechen Affären), an d'Opwäertung vum Sport, an an all Froen ronderëm d'Studien an d'Eraklammen an d'Beruffswelt[6].

Den 12. Juni 2022 gouf si um Nationalkongress vun der DP zu der neier Generalsekretärin vun där Partei gewielt.[7]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[änneren | Quelltext änneren]

  1. Carole Hartmann, Fiche signalétique op chd.lu, der Websäit vun der Chamber; fir d'lescht gekuckt de 6. Dezember 2018
  2. Ville d'Echternach. Gemeinderatssitzung vom 26.03.2018.
  3. Assermentation des collèges des bourgmestre et échevins." Communiqué vum 13.07.202 op mint.gouvernement.lu
  4. «Je jure fidélité au Grand-Duc» op wort.lu de 6. Dezember 2018
  5. (fr)Résultats détaillés - Sud. elections.public.lu. Gekuckt de(n) 10.10.2023.
  6. Mit neuem Schwung ins Parlament op wort.lu de 6. Dezember 2018, fir d'lescht gekuckt den 31. Dezember 2018
  7. "De Lex Delles gëtt neie Parteipresident vun der DP." rtl.lu, 12.06.2022.