Lex Delles

Vu Wikipedia
Lex Delles
Gebuer 28. November 1984
Munneref
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker
Partei Demokratesch Partei

De Lex Delles, gebuer den 28. November 1984 zu Munneref,[1] ass e lëtzebuergesche Schoulmeeschter a Politiker (DP). Hien ass zanter dem 17. November 2023 Minister fir Ekonomie, Energie an Tourismus an der Regierung Frieden-Bettel.[2]

Karriär[änneren | Quelltext änneren]

De Lex Delles gouf 2011 Member vum Schäfferot[3] vun der Gemeng Munneref a gouf den 10. Januar 2014 zum Buergermeeschter ernannt[4], nodeem d'Maggy Nagel Ministesch fir Kultur an der Regierung Bettel-Schneider gi war.

Bei de Chamberwale vum 20. Oktober 2013 huet hien op der Lëscht vun der DP am Walbezierk Oste kandidéiert a gouf an d'Parlament gewielt. Wéi d'Maggy Nagel am Dezember 2015 vun hirem Ministeschamt zeréckgetrueden ass, hätt de Lex Delles hiren Nofollger kënne ginn. Hien huet awer op de Poste verzicht fir Munnerëffer Buergermeeschter ze bleiwen[5]. Den 28.November 2015 gouf hien zum Zweete Vizepresident vun der Demokratescher Partei gewielt.

Bei de Wale vum 14. Oktober 2018 gouf de Lex Delles erëm an d'Chamber gewielt[6], hien huet awer op säin Deputéiertemandat verzicht, fir Minister ze ginn. De 5. Dezember 2018 gouf hien als Minister fir de Mëttelstand an den Tourismus an der Regierung Bettel-Schneider-Braz vereedegt.

Bei de Chamberwale vum 8. Oktober 2023 gouf hien an d'Chamber zeréckgewielt.[7] an huet och nees op säin Deputéiertemandat verzicht, fir de 17. November 2023 Minister fir Ekonomie, Energie an Tourismus an der Regierung Frieden-Bettel ze ginn.

Den 12. Juni 2022 gouf hien um Nationalkongress vun der DP zum neie President vun där Partei gewielt.[8]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Lex Delles – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Fiche "Lex Delles" op der Websäit vun der Chamber, chd.lu (gekuckt 2013-11-18).
  2. Assermentation des membres du gouvernement 2023. gouvernement.lu, 17.11.2023.
  3. Patrick Besch, Blau-rot-grüner Neuanstrich op wort.lu den 10. Dezember 2018 an den 11. Dezember 2018 an der Drockversioun vum Luxemburger Wort den 11. Dezember 2018 ënnert dem Titel „Neue Gesichter“, Säit 2
  4. "Assermentation de quatre nouveaux bourgmestres et de cinq nouveaux échevins." Site vum Inneministère, 17-01-2014.
  5. "Maggy Nagel trëtt zréck, Delles refuséiert Posten." op rtl.lu, de 16. Dezember 2015, fir d'lescht gekuckt den 11. Dezember 2018
  6. elections.lu.
  7. elections.public.lu.
  8. "De Lex Delles gëtt neie Parteipresident vun der DP." rtl.lu, 12.06.2022.