Fernand Boden

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Fernand Boden (*13. September 1943 zu Iechternach) ass e lëtzebuergesche Politiker.

De Fernand Boden huet seng Première am Lycée classique zu Iechternach gemaach an dono um Cours Supérieur an op der Universitéit vu Léck Mathematik a Physik studéiert, wouranner en en Doktorat huet. Tëschent 1966 an 1978 war hie Professer am Iechternacher Lycée.

Seng politesch Carrière huet en 1970 als éischte Schäffe vun Iechternach ugefaangen (bis 1976. 1978 ass hien op der Lëscht vun der CSV an d'Chamber nogeréckelt. Duer gouf en 1979 erëmgewielt, a gouf Minister fir Erzéiung, Jugend an Tourismus an der Regierung Werner-Thorn-Flesch. Dës Portefeuillen huet en och vun 1984 bis 1989 an der Regierung Santer-Poos I bäibehalen.

1989 gouf de Fernand Boden Minister fir Familljen a Solidaritéit, Mëttelstand an Tourismus an der Regierung Santer-Poos II. 1994 koum d'Fonction Publique derbäi. De 26. Januar 1995 gouf de Jean-Claude Juncker Premierminister, an d'Ministeschposte goufe geännert. De Fernand Boden gouf Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a Ländlech Entwécklung, fir Mëttelstand an Tourismus a fir Wunnengsbau.

Tëscht 1999 an 2004, an der Regierung Juncker-Polfer, an tëscht 2004 an 2009, an der Regierung Juncker-Asselborn I, huet de Fernand Boden déiselwecht Portefeuillë bäibehalen.

No de Chamberwale vum 7. Juni 2009 ass de Fernand Boden nees Deputéierten an der Chamber.

Hien ass bestuet a Papp vun zwee Kanner.