Jos Scheuer

Vu Wikipedia
Jos Scheuer
Gebuer 14. November 1943
Lëtzebuerg
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Politiker

De Jos Scheuer, gebuer de 14. November 1943 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergeschen LSAP-Politiker a pensionéierte Lycéesprofesser.

Hie war vum 23. Juli 1984 bis de 7. Juni 2009 Deputéierte vum Walbezierk-Osten an der Chamber.

Vum 1. Januar 1988 bis den 31. Dezember 1993 a vun 2000 bis 2005 war de Jos Scheuer Buergermeeschter vun der Stad Iechternach, wou en nach ëmmer wunnt.

Zanter 2010 ass hie President vun der Fédération luxembourgeoise des pêcheurs sportifs, dem Lëtzebuerger Sportfëscherverband.

Hien ass de Papp vum Ben Scheuer deen och Politiker ass.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Kopie vun enger Säit vun der Chamber, am Webcache vu Google, mat der Lëscht vun de Gielercher vun der Chamber aus dem Joer 2004
  2. Compte rendu des séances publiques n° 17 session 2003-2004