Brasília

Vu Wikipedia
D'Gebai vum nationale Kongress (Parlament a Senat)
E Plang vu Brasília mam "Plano Piloto"

Brasília ass d'Haaptstad vu Brasilien. Se läit am Distrito Federal do Brasil (Bundesdistrikt), huet eng Fläch vu 472,12 Quadratkilometer a méi wéi 2 Milliounen Awunner.

Brasília läit op 1158 Meter héicht um zentralen Héichplateau vum Land, no bei der Waasserscheed vun de Basenge vum Amazonas a vum Río de la Plata, an der Mëtt vu Brasilien, mä wäit ewech vun anere Stied wéi São Paulo (872 km), Rio de Janeiro (930 km), Recife (1653 km) a Belém (1600 km).

1891 gouf duerch eng Verfassungsännerung decidéiert, eng nei Haaptstad ze bauen. De 7. September 1922 gouf de Grondsteen fir Brasília geluecht. Déi grouss Aarbechten hunn awer eréischt den 22. Oktober 1956 uegfaangen.

De Plang vun der Stad, "Plano piloto" genannt, ass vum Lúcio Costa. E besteet aus engem Kräiz vun enger Längs- an enger Queeschachs, woubäi d'Queeschachs no hiren zwou Extremitéiten hi gebéit ass, soudatt eng Form vun engem Vull entstanen ass. Den Architekt Oscar Niemeyer war responsabel fir d'Entwërf vun den ëffentleche Gebaier, wouvun déi markantst den Nationale Kongress (Parlament a Senat) an d'Kathedral sinn.

Zanter 1987 steet Brasília op der Unesco-Lëscht vun de Weltkulturierwen.

Fotoe vun der Kathedral[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Brasília – Biller, Videoen oder Audiodateien