Gemeng Munzen

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Munzen
Detailer
An anere
Sproochen:
fr: Munshausen
de: Munshausen
Land: Flag of Luxembourg.svg Lëtzebuerg
Distrikt: Dikrech
Kanton: Klierf
Awunner Gemeng: 1.175
(01.11.2011)
Fläch Gemeng: 2.567,08 ha
Koordinaten: 50° 01' 59" N
06° 02' 15" O
Déi fréier Gemeng Munzen (orange) am Kanton Klierf (rout)
Déi fréier Gemeng Munzen (orange)
am Kanton Klierf (rout)
Uertschaften - Gemengen - Stied

D'Gemeng Munzen war bis de 5. Dezember 2011 eng vun den deemools 116 Gemengen am Groussherzogtum Lëtzebuerg. Hiren Numm hat se vun der Uertschaft Munzen.

Inhaltsverzeechnes

Uertschaften an der fréirer Gemeng [änneren]

Geographie [änneren]

D'Gemeng Munzen huet am Nordoste vum Land geleeën. Nopeschgemenge waren Housen am Süden, Kiischpelt an Eschweiler am Südwesten, Klierf am Nordwesten an Hengescht am Norden. Am Osten huet de Floss Our d'Grenz mat der Bundesrepublik Däitschland gemaach. D'Gemeng Munzen louch am Kanton Klierf an am Distrikt Dikrich.

D'Gemeng Munzen war en Deel vum Éislek, dem Lëtzebuerger Deel vun den Ardennen. D'Landschaft besteet aus fräie Plateauen op enger duerchschnëttlecher Héicht vu 500 m, déi vun enke Flossdäller duerchschnidde sinn. Di géi Häng vun de Flossdäller eegne sech éischter fir Bëscher, wougéint op de Plateauen Aker a Wisse sinn. Munzen, grad ewéi di meescht Gemengen an der Géigend, war ëmmer staark ländlech geprägt.

D'Achs Housen-Hengischt, déi duerch Maarnich verleeft, ass d'Trennungslinn tëscht dem Becke vum Floss Clierf am Westen an dem Floss Our am Osten.

D'Gemeng Munzen hat eng Fläch vun 2.257 ha, wat 0,99% vum lëtzebuerger Land ausgemaach huet. D'Héicht iwwert dem Mieresspijel läit tëscht 273 m am Dall vun der Our bei Rueder a 544 m beim RTL-Sender um Schwaarzenhiwwel zu Maarnech. Draufelt läit am Dall vun der Klierf op 330 m, op där selwechter Héicht läit Siwwenaler am Dall vun der Pënsch. Uewen um Plateau leien d'Dierfer Munzen (455 m), Rueder (485 m) a Maarnech (520 m).

Geschicht [änneren]

Munzen huet zu den urspréngleche Gemenge gehéiert, déi am Ufank vum 19. Joerhonnert entstane sinn. Am Ufank hunn ausser Munzen nach 6 Dierfer zur Gemeng gehéiert: Siwwenaler, Maarnech, Rueder, Näidsen, Reiler an Ischpelt. 1813 koum Näidsen bei d'Gemeng Housen. 1823 koumen d'Dierfer Reiler an Ischpelt bei déi nei Gemeng Klierf, déi no der Opléisung vun der Gemeng Wäicherdang entstanen ass. Draufelt, dat bis dohin zur Gemeng Wäicherdang gehéiert huet, koum bei d'Gemeng Munzen, déi bis de 5. Dezember 2011 onverännert blouf.

Gemengefusioun 2012 [änneren]

Am Joer 2002 hunn d'Schäfferéit vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen sech bei deem deemolegen Inneminister Michel Wolter fir eng méi enk Zesummenaarbecht staark gemaach. De 4. Mee 2006 hunn déi dräi Schäfferéit dem Inneminister hir Absicht matgedeelt fir ze fusionnéiren. Doropshi gouf zesumme mam Inneministère en Investitiounsprogramm op d'Bee gesat, deen am Kader vun der Fusioun soll ëmgesat ginn. Et gouf en Informatiounsdokument fir d'Bevëlkerung erstallt, an de Fusiounsprojet gouf de 25. September 2008 a Presenz vum Inneminister Jean-Marie Halsdorf de Leit aus den dräi betraffene Gemengen zu Klierf virgestallt.

Den 12. Oktober 2008 ass an deenen dräi Gemengen e Referendum organiséiert ginn, an dee Referendum ass och zugonschte vun där Fusioun ausgaangen. D'Gemengeréit vu Klierf, Hengescht a Munzen hu sech Enn 2008 definitiv fir déi geplangte Fusioun ausgeschwat an hunn enger entspriechender Konventioun mam lëtzebuerger Staat zougestëmmt. Dës Konventioun gouf de 16. Januar 2009 vun de betraffene Regierungsmemberen ënnerschriwwen.

De 17. Februar 2009 huet den Inneminister de Gesetzesprojet iwwer déi geplangte Fusioun an der Chamber déposéiert. De Staatsrot huet säin Avis den 21. Abrëll 2009 ginn, an d'Gesetz iwwer d'Fusioun vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen ass de 7. Mee 2009 eestëmmeg an der Chamber guttgeheescht ginn.

D'Fusioun vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen zu enger neier Gemeng mam Numm Gemeng Klierf ass de 5. Dezember 2011 rechtsgülteg gi wéi deen nei gewielte Gemengerot no de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 vum Buergermeeschter vereedegt gouf. De Buergermeeschter an déi dräi Schäffe goufen de 24. November 2011 vum Inneminister Jean-Marie Halsdorf vereedegt.

Schoulinfrastruktur [änneren]

D'Kanner vun der Gemeng Munzen sinn op Reiler an déi deemoleg interkommunal Grondschoul vun de Gemenge Klierf, Hengescht a Munzen gaangen.

Wopen [änneren]

De Wope vun der Gemeng Munzen gouf den 21. Oktober 1983 vum Gemengerot vu Munzen ugeholl.

Den Entworf ass vum Jean-Claude Loutsch. D'Beschreiwung vum Wopen ass "op gëllenem Fong e rouden Hirschkapp mat engem schwaarze Kräiz driwwer; um Kapp rout mat dräi sëlwere klenge Märelen".

Buergermeeschteren [änneren]