Diskussioun:Mamendéieren

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Sollten déi Déieren net "Mammendéieren" heeschen? Also mat zwee "m"... Just a thought...

nee, well et geet em Mamen (Zitze) mat denen déi Kleng gesäugt ginn, an net em d'Mamm vun den Déieren well och déi Déieren ouni Mamen hu Mammen --Marcus 16:40, 5 Dezember 2005 (UTC)

Okidoki, merci fir d'Erklärung :-)

Ass hei an der Këscht nees eng Foto vun de Commons geläscht ginn? --Tomateus 07:30, 19 Oktober 2006 (UTC)

Dee Problem ass guer net nei. Vläicht léiert deen een oder deen anere bäi, an e luet d'Foto selwer erop. Mee dat gëtt méi Aarbecht. Da kann ee sech op d'Sich maachen, fir e Léiw anzefänken; a wie soll dat da sinn??? Ech si gespaant. --Cornischong 07:37, 19 Oktober 2006 (UTC)

Merci Cornichong fir däi Léiw, dat war ganz léif :-) --Alexandra 07:55, 19 Oktober 2006 (UTC)

Mamendéieren zu Lëtzebuerg[Quelltext änneren]

Moien, en neit Buch ass an engems (well an Zesummenaarbecht mam lod.lu geschriwwen) eng verbindlech Quell fir d'Nimm op Lëtzebuergesch:

  • Schley, Laurent & Herr, Jan (2018): Säugetiere Luxemburgs. natur&ëmwelt a.s.b.l., Ministerium für nachhaltige Entwicklung und Infrastruktur & Naturverwaltung, Luxemburg.

--Zinneke (Diskussioun) 08:09, 31. Mee 2018 (UTC)[äntweren]

( (well an Zesummenaarbecht mam lod.lu geschriwwen) ass awer fir den Ament keng Referenz fir korrekt Lëtzebuergescht. Den LOD ass och net als offizielle lëtzebuergeschen Dictionnaire ofgeseent, a bei där Schaffvitess a bei de Feeler déi drastinn, wäert en dat och sou bal nach net ginn. Vläicht wann en eng Kéier 20 Millioune kascht huet. --91.177.163.10 09:06, 31. Mee 2018 (UTC)[äntweren]
PS. Souwäit wéi ech erausfonnt hunn gëtt den LOD dat Buch als Quell fir déi lëtzebuergesch Nimm un. Wann hie selwer mat dru geschafft huet dierft en dat net maachen well da géif e sech jo automatesch selwer mat als Quell uginn. --Les Meloures (Diskussioun) 09:29, 31. Mee 2018 (UTC)[äntweren]
PS zum PS: Dobäi iwwersetzt den LOD Gattungsnimm op franséisch mat Aartennimm, dat nëmme just zu deenen hire Kenntnesser. --Les Meloures (Diskussioun) 11:00, 31. Mee 2018 (UTC)[äntweren]