Mikael Agricola

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Den Agricola iwwerreecht dem schwedesche Kinnek Gustav I. Vasa seng finnesch Iwwersetzung vum Neien Testament.

De Mikael Agricola, eigentlech Mikael Olavinpoika (= Jong vum Olav), ëm 1509 zu Pernaja (Pernå) gebuer an den 9. Abrëll 1557 zu Uusikirkko (Nykyrka) gestuerwen, war ee finneschen Humanist, Theolog a Reformator. Hie gëllt als de Papp vun der finnescher Literatursprooch.

Liewen a Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Den Agricola, deem säi Papp Bauer war (dofir "Agricola" als Numm), ass wahrscheinlech am südfinneschen Duerf Torsby, an der Par Pernaja, op d'Welt komm. Hien ass zweesproocheg tëscht senger schwedescher Mammesprooch an der finnescher Sprooch opgewuess.

No der Latäinschoul zu Viipuri (Wiborg), a Karelien, wou hien a Kontakt mat den Iddie vum Humanismus a vun der Reformatioun koum, gouf de Mikael Agricola 1528 zum Priister geweit. Duerno gouf hie Sekretär vum Bëschof Martin Skytte zu Turku (Åbo), an der deemoleger Haaptstad vu Finnland, dat déi Zäit zum Kinneksräich Schwede gehéiert huet. Do huet hien de Petrus Särkilax, e fréiere Schüler vum Erasmus vu Rotterdam a vum Martin Luther, kennegeléiert. Et war och zu Turku, an zwar 1531, wou hien sech den Numm "Agricola" zougeluecht huet.

1536 huet de Bëschof Skytte den Agricola op d'Universitéit vu Wittenberg geschéckt, fir sech do weiderzebilden. Do hat hien, ë. a., de Luther an de Philipp Melanchton als Professeren. 1539 ass de frëschgebakene Magister Agricola no Finnland zréckgaangen.

De Mikael Agricola gouf Doumhär (Kanoniker), also Member vum Kapitel vun der Kathedral vun Turku, an och - bis 1548 - Rekter vun der Latäinschoul vun där Stad. 1548 gouf hien du Koadjutor vum Bëschof Skytte, a 1550, no deem sengem Doud, selwer Bëschof vun Turku, allerdéngs - grad wéi säi Virgänger - ouni päpstlech Zoustëmmung. A senger neier Positioun huet den Agricola sech mat méi Energie wéi de Martin Skytte fir d'Intresse vun der Reformatioun agesat, déi am schwedesche Räich, mat de Bridder Laurentius an Olaus Petri, schonn eng Zäitchen um Virmarsch war.

1549 (oder 1550?) huet de Mikael Agricola d'Birgitta Olavintytär (+ 1595) bestuet, mat där hien ee Jong krut, de Christian Agricola, dee 1583 an der Kathedral vun Uppsala (Schweden) zum Bëschof vu Reval (haut Tallinn, an Estland) geweit sollt ginn.

De Mikael Agricola gëllt als de Papp vun der finnescher Literatursprooch. Op der Basis vum Dialekt vun Turku, a mat Elementer aus anere finneschen Dialekter, mat geléinte Wierder - haaptsächlech aus dem Schwedeschen, dem Däitschen an der laténgescher Sprooch - , an och mat Neologismen, huet hien eng finnesch Kultursprooch entwéckelt, mat där och d'Beräicher Theologie oder Wëssenschaft sech elo mat Erfolleg artikuléiere konnten. Seng éischt Publikatioun, déi an engems dat éischt Wierk ass, dat op Finnesch gedréckt gouf, war eng Sammlung vu fundamentale chrëschtlechen Texter, déi sech, mam Titel ABC-Kiria (= ABC-Buch), ë. a. nom Luther sengem Klenge Katchëssem an dem Melanchton sengem Katchëssem orientéiert huet. 1544 huet den Agricola d'Rucouskiria Bibliasta erausginn, en déckt Gebietbuch, op Basis vu Bibeltexter, dat vläicht dat bescht Beispill vun humanistescher Eruditioun am deemolege Kinnekräich Schweden duerstellt. Seng gréisst Leeschtung, awer, war d'Iwwersetzung vum Neien Testament (Se Wsi Testamenti) an d'Finnescht. Dës Aarbecht, déi op de griicheschen Urtext berout, awer och déi laténgesch Iwwersetzung vum Erasmus, déi däitsch Iwwersetzung vum Luther an déi schwedesch Iwwersetzung vum Olaus Petri berücksichtegt, gouf 1543 ofgeschloss a 1548 zu Stockholm publizéiert. 1549 huet den Agricola seng finnesch Adaptatioun vun der Massliturgie (Messu eli Herran Echtolinen) verëffentlecht. 1551 huet hien eng Iwwersetzung vun de Psalmen (Dauidin Psalttari) publizéiert, a kuerz duerno nach aner Iwwersetzunge vu Passagen aus dem Alen Testament. An der Introduktioun zu senger Psalmeniwwersetzung huet den Agricola interessanterweis eng Opzielung vun heednesche Gëtter aus der finnescher Mythologie bruecht an domat, fir spéider Zäiten, eng wichteg Quell hannerlooss, fir d'Etude vun den Traditioune vu Finnland.

De Mikael Agricola war awer net nëmmen ee bedeitenden Theolog, Auteur an Iwwersetzer, mä och ee gudden a virsiichtege Verwalter vum Akommes vum Doumkapitel a vun de Pare vun Turku. 1557 gouf hie vum Kinnek vu Schweden, als Member vun enger diplomatescher Delegatioun déi vum Laurentius Petri ugeféiert gouf, bei de russeschen Zar Iwan de Schreckleche geschéckt, fir un de Friddensverhandlungen tëscht Russland a Schweden deelzehuelen (Traité vun Nowgorod, 1557). Um Heemwee no Finnland ass den Agricola - wahrscheinlech zu Uusikirkko - gestuerwen. Hie gouf an der Kathedral vu Viipuri begruewen, mä et kennt keen déi genee Plaz, wou säi Graf ass.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Simo Heininen & Markku Heikkilä, Kirchengeschichte Finnlands ; Göttingen, 2002.
  • Robert Stupperich, Reformatorenlexikon ; Gütersloh (Verlag Max Mohn), 1984; ISBN 3-579-00123-X
  • Jaakko Gummerus, Mikael Agricola, der Reformer Finnlands ; Helsinki, 1941.
  • Artur Hjelt, Mikael Agricola, der erste finnische Bibelübersetzer ; Leipzig (Deichert), 1908.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Mikael Agricola – Biller, Videoen oder Audiodateien