Guglielmo Marconi

Vu Wikipedia
Guglielmo Marconi
Gebuertsnumm Guglielmo Giovanni Maria Marconi
Gebuer 25. Abrëll 1874
Bologna
Gestuerwen 20. Juli 1937
Roum
Nationalitéit Kinnekräich Italien
Educatioun Universitéit vu Bologna
Aktivitéit Physiker, Ingenieur, Politiker, Geschäftspersoun, Erfinder, Wëssenschaftler
Member vun Peepstlech Akademie vun de Wëssenschaften, Accademia Nazionale dei Lincei, Accademia Nazionale delle Scienze, Schweedesch Akademie vun de Wëssenschaften, National Academy of Sciences, Accademia delle Scienze di Torino

De Guglielmo (zanter 1924 Marchese) Marconi, gebuer de 25. Abrëll 1874 zu Bologna a gestuerwen den 20. Juli 1937 zu Roum, war en italieenesche Radiopionéier, Entreprener an Nobelpräisdréier (1909, Physik, zesumme mam Ferdinand Braun).

Schonn als Bouf huet de Marconi sech fir physikalesch an elektresch Wëssenschaft intresséiert an huet d'Wierker vum James Clerk Maxwell, Heinrich Hertz, Augusto Righi, Oliver Joseph Lodge, Alexander Stepanowitsch Popow an anere studéiert. Hie gëtt zesumme mam Nikola Tesla als e Pionéier der Kommunikatioun ouni Drot, d. h. der Telegraphie iwwer Radio. 1895 huet hien ugefaangen, Experimenter an déi Richtung ze maachen. 1896 huet en en "Apparat fir elektresch Wellen ze detektéieren an opzezeechnen" vum Alexander Stepanowitsch Popow nogebaut an huet dësen am Juni 1896, virum Popow, patentéiere gelooss. Méi spéit huet hie säi Labo op d'Isle of Wight geplënnert, huet säi System och am Vereenegte Kinnekräich zum Patent ugemellt an 1897 d'Entrepirse Marconi's Wireless Telegraph Company Ltd. at Sëtz zu London gegrënnt.

De 27. Mäerz 1899 huet hien eng éischte Kéier, tëscht dem South Foreland Lighthouse bei Dover a Wimereux Frankräich iwwer den Äermelkanal ewecht eng telegrafesch Funk-Kommunikatioun kënnen op d'Bee stellen. Den 12. Dezember 1901 konnt hien dunn eng éischt Kéier iwwer den Atlantik ewech, tëscht Cornwall an Neifundland a Kanada e Radiossignal schécken. Dat Joer drop huet hien d'American Marconi Wireless Corporation, déi zu New York hire Sëtz hat, gegrënnt. Den 18. Januar 1903 ass dann déi éischt ëffentlech transatlantesch Kommunikatioun zustane komm: En Telegramm tëscht dem US-President Theodore Roosevelt an dem Kinnek Edward VII. vun England.De System gouf vun der Krichsmarine iwwerholl. De Marconi huet och, vun der südwestirescher Mizen-Hallefinsel aus, mat Schëffer um Atlantik kommunizéiert.

1909 krut de Marconi zesumme mam Ferdinand Braun den Nobelpräis fir Physik. Méi spéit huet hi sech mat dem Gebrauch vu Kuerz- a Mikrowelle beschäftegt.

Hien huet weiderhin, mam Poopst Pius XI. an dem Giuseppe Gianfranceschi SJ de Radio Vatikan opgeriicht, deen den 21. September 1930 säi Betrib opgeholl huet.

1928 gouf e President vum italieeneschen Nationale Conseil fir Wëssenschaften, 1930 President vun der Kinneklecher Italieenescher Akademie vun de Wëssenschaften (Accademia Nazionale dei Lincei) an 1931 Member vun der Peepstlecher Akademie vun de Wëssenschaften.

Den 19. Juli 1937 krut de Marconi zu Roum e Schlag, an ass den Dag drop gestuerwen.

Als Gedenkminutt gouf op der ganzer Welt fir 2 Minutten de Funkverkéier gestoppt. A bal all italieenescher Uertschaft gëtt et eng Via Marconi. Och an der Stad Lëtzebuerg gouf déi Strooss, déi bei d'Villa Louvigny féiert, wou bis 1992 RTL seng Studioen hat, no him genannt. Weider kruten en Asteroid, den (1332) Marconia, an e Moundkrater säin Numm. De Fluchhafe vu Bologna krut och den Zousaznumm Guglielmo Marconi.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Walter Kellogg Towers: Masters of space: Morse and the telegraph; Thompson and the cable; Bell and the telephone; Marconi and the wireless telegraph; Carty and the wireless telephone; Publisher: Harper & brothers, New York & London, 1917
  • G. B. Marini Bettòlo: Guglielmo Marconi – Personal Memories and Documents. In: Rivista di Storia della Scienza. Jg. 3, 1986, S. 453 f.
  • F. Gardiol und Y. Fournier: Salvan, die Wiege der Telekommunikation. In: Bulletin SEV/VSE 21-2007, S. 24–28
  • Y. Fournier und F. Gardiol: Marconi et Salvan: à l'aube de la télécommunication sans fil. Hrsg. Porte-Plumes, Ayer 2009
  • M.Giorgi, B. Valotti: Guglielmo Marconi Wireless Laureate, Bononia University Press, 2010

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Guglielmo Marconi – Biller, Videoen oder Audiodateien