Gernika

Vu Wikipedia
(Virugeleet vu(n) Guernica)
Gernika-Lumo / Guernica
Land Spuenien
Autonom
Gemeinschaft
Baskeland
Provënz Vizcaya
Awunner 16.863 (INE 2013)
Fläch 8,27
Koordinaten 43° 19’ 00’’ N
      02° 40’ 00’’ W
Telefonszon 94
Postcode 48300
Websäit http://www.gernika-lumo.net/in_index.asp


Gernika, nodeem et vun der Legion Condor zerstéiert gouf.
D'Eech vu Gernika. De Bam hei um Bild gouf 2005 mat enger neier Eech ersat

Gernika (baskesch) oder Guernica (spuenesch), [geɾˈnika]; offiziell Gernika-Lumo respektiv Guernica y Luno, ass eng Stad a Gemeng an der spuenescher autonomer Regioun Baskeland, an der Provënz Biskaia, nordëstlech vu Bilbao. Gernika-Lumo besteet aus der Stad Gernika an der Uertschaft San Pedro de Luno. Si läit um Floss Oka an huet 16.863 Awunner.

Gernika gouf den 28. Abrëll 1366 gegrënnt an ass eng "helleg" Stad vun de Basken. Zanter dem Mëttelalter goufen do, ënner enger imposanter Eech (Gernikako Arbola), Conseilsversammlungen ofgehalen.

Gernika/Guerníca ass international virun allem dofir bekannt, datt se de 26. Abrëll 1937, wärend dem Spuenesche Biergerkrich, vun der Legion Condor vun der däitscher Luftwaffe duerch Bommenugrëffer bal ganz zerstéiert gouf. E puer honnert Mënsche sinn dobäi ëm d'Liewe komm.

De Pablo Picasso huet dës Zerstéierung an engem berümten Tableau interpretéiert.

Zu Gernika ass haut e Friddensmusée.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gernika – Biller, Videoen oder Audiodateien