Gernika

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Gernika-Lumo / Guernica
Escudo de Gernika Lumo.svg
Land Flag of Spain.svg Spuenien
Autonom
Gemeinschaft :
Flag of the Basque Country.svg Baskeland
Provënz : Escudo de Vizcaya.svg Vizcaya
Fläch : 8,27 km²
Awunner : 16.863 Aw.  (INE 2013)
Koordinaten : Gnome-globe.svg43° 19’ 00’’ N
     02° 40’ 00’’ W
Uertschaften - Autonom Gemeinschaften - Provënzen
Gernika, nodeem et vun der Legion Condor zerstéiert gouf.
D'Eech vu Gernika. De Bam hei um Bild gouf 2005 mat enger neier Eech ersat

Gernika (baskesch) oder Guernica (spuenesch), [geɾˈnika]; offiziell Gernika-Lumo respektiv Guernica y Luno, ass eng Stad a Gemeng an der spuenescher autonomer Regioun Baskeland, an der Provënz Biskaia, nordëstlech vu Bilbao. Gernika-Lumo besteet aus der Stad Gernika an der Uertschaft San Pedro de Luno. Si läit um Floss Oka an huet 16.863 Awunner.

Gernika gouf den 28. Abrëll 1366 gegrënnt an ass eng "helleg" Stad vun de Basken. Zënter dem Mëttelalter goufen do, ënner enger imposanter Eech (Gernikako Arbola), Conseilsversammlungen ofgehalen.

Gernika/Guerníca ass international virun allem dofir bekannt, datt se de 26. Abrëll 1937, während dem Spuenesche Biergerkrich, vun der Legion Condor vun der däitscher Luftwaffe duerch Bommenugrëffer bal ganz zerstéiert gouf. E puer honnert Mënsche sinn dobäi ëm d'Liewe komm.

De Pablo Picasso huet dës Zerstéierung an engem berümten Tableau interpretéiert.

Zu Gernika ass haut e Friddensmusée.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Gernika – Biller, Videoen oder Audiodateien