J. R. R. Tolkien

Vu Wikipedia
J. R. R. Tolkien
Pseudonym Oxymore
Gebuer 3. Januar 1892
Bloemfontein
Gestuerwen 2. September 1973
Bournemouth
Doudesursaach Schwier
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun University of Oxford,
Exeter College
Aktivitéit Linguist, Dichter, Universitéitsprofesser, Kannerbuchauteur, Iwwersetzer, Literaturkritiker, Essayist, Offizéier, Auteur, Schrëftsteller, Historiker, Illustrateur, Enseignant, Prosaist, Philolog
Member vun Royal Society of Literature

Den John Ronald Reuel Tolkien gebuer den 3. Januar 1892 zu Bloemfontein, haitegt Südafrika, a gestuerwen den 2. September 1973 zu Bournemouth, England, war en englesche Schrëftsteller a Philolog. Mam Roman The Lord of the Rings (1954/55) gouf hien zu engem Grënner vun der moderner Fantasy-Literatur.

Säi Liewen[änneren | Quelltext änneren]

Kandheet a Jugend[änneren | Quelltext änneren]

Den J. R. R. Tolkien kënnt am Joer 1892 als Jong vun engleschen Elteren, dem Bankmanager Arthur Tolkien a senger Fra Mabel Suffield, zu Bloemfontein am Oranje-Fräistaat (haut Südafrika) op d'Welt, wou sech säi Papp aus beruffleche Grënn opgehalen huet. D'Famill vum Papp huet sächsesch Wuerzelen (den Numm Tolkien kënnt vum däitsche Wuert tollkühn), mä huet awer schonn zanter e puer Generatiounen an England gewunnt. Déi meescht Virfahre vum Tolkien waren Handwierker.

A senger fréier Kandheet ass bis op de Bass vun enger Vugelspann, wat e méiglechen Ausléiser dofir kéint sinn, datt a senge Wierker ëmmer nees Risespannen optrieden, net vill geschitt. 1895 kënnt hie mat senger Mamm, déi dat afrikanescht Klima net gutt verdréit, a sengem Brudder Hilary (*1894) fir eng Vakanz op Birmingham (England). Do krut seng Mamm am Joer drops d'Noriicht vum Doud vun hirem Mann, deen u schwéiere bannenzege Bluddunge gestuerwe war. D'Famill ass doropshin op Sarehole Mill geplënnert, e Faubourg vu Birmingham, deen zu deem Zäitpunkt nach vun der Industrialiséierung verschount bliwwe war. Déi nächst véier Joer verbréngt den Tolkien an dëser ländlecher Idyll, déi spéider d'literaresch Virlag fir de Shire sollt ginn. Do héiert hien och fir d'éischt d'Wuert Gamgee fir Kotteng, wat spéider zum Numm vun engem Hobbit-Protagonist a sengem Haaptwierk The Lord of the Rings wäert ginn.

Seng Mamm, déi 1900 géint de Wëlle vun hiren Elteren a Schwéierelteren zum Katholizismus konvertéiert, erzitt hien an hirem 'neie' Glawen. Dës Grondprägung vun enger Weltusiicht sollt sech duerch dem Tolkien säi ganzt Liewen zéien, an och Auswierkungen op säi Wierk hunn.

Well hie fréi en Interessi u Sprooche weist, bréngt seng Mamm him Grondlagen aus dem Latäin, dem Franséischen an dem Däitsche bäi. Duerch si léiert hien och d'Geschichte vum Lewis Carroll (Alice's Adventures in Wonderland), d'Artus-So an d'Mäerchebicher vum Andrew Lang kennen, an deenen hie fir d'éischt vun den nordesche Soe ronderëm de Siegfried héiert.

Tëscht 1900 an 1902 plënnert den Tolkien mat senger Mamm e puermol zu Birmingham hin an hier, als éischt an den Deel Moseley, dann op King's Heath, wou hien duerch déi ongewinnten Nimm op de Kuelewaggone fir d'éischt Kéier Walisesch liest, a schliisslech op Edgbaston.

Den Tolkien mécht eng Odyssee duerch verschidde Schoulen: nodeem en un der King Edward's School ugeholl gi war, wiesselt hien 1902 op d'St. Philips Grammar School, fir dann 1903 mat engem Stipendium nees op d'King Edward's School zeréckzegoen. Do léiert hien nieft de klassesche Sprooche Latäin a Griichesch duerch en engagéierte Schoulmeeschter och Mëttelenglesch.

De 14. November 1904, den Tolkien huet zwielef Joer, stierft seng Mamm fir hien total iwwerraschend un engem diabetesche Koma no sechs Deeg. Dëse fréien Doud bewierkt beim Tolkien zwou Saachen: Engersäits eng staark emotional Verbonnenheet mat der kathoulescher Kierch an anerersäits eng pessimistesch Grondhaltung, an d'Virstellung datt dës Welt onwiderruflech gefall ass, an all Victoire dat Däischtert nëmme fir e kuerze Moment méi hell maache kann.

Déi zwéi Bridder komme fir éischt bei de Pater Francis Morgan, dee si am Ufank bei hirer Tatta Beatrice Bartlett ënnerbréngt, spéider bei enger Pensiounswiertsfra déi eng Frëndin vun him war. Do léiert den Tolkien 1908 seng spéider Fra Edith Bratt kennen, an déi hie sech séier verkuckt. Dës geheim Affär flitt awer op, an den Tolkien gëtt vu sengem Tuteur gezwongen, d'Edith net méi erëmzegesinn, bis hie volljäreg ass. Dëst huet nach dräi Joer gedauert. Doduerch verwandelt sech d'jugendlech Romanz an eng tragesch Libesgeschicht, déi den Tolkien spéider a senger So vum Beren a Lúthien literaresch verschafft huet.

An der Schoul gëtt den Tolkien duerch säi Rekter net nëmmen op d'Philologie opmierksam, mä léiert duerch ee Schoulmeeschter och d'Aalt Englesch kennen. Zu där Zäit liest hie fir d'éischt en Häerzstéck aus der alenglescher Literatur, d'Gedicht Beowulf, an ass direkt begeeschtert. Am Mëttelenglesche mécht hie sech selwer mat den Dichtunge Sir Gawain and the Green Knight a Pearl vertraut. Iwwer dës dräi Wierker wäert hie spéider bedeitend akadeemesch Aarbechte schreiwen. Schliisslech intresséiert hie sech och fir déi Alnordesch Sprooch fir d'Geschicht vum Sigurd an dem Draach Fafnir, déi hien als Kand sou faszinéiert hat, am Original kënnen ze liesen.

Duerch déi nei philologesch Erkenntnesser fänkt den Tolkien séier un, eege Sproochen z'erfannen, déi awer op sengem bis zu dësem Zäitpunkt scho gudde Wëssen iwwer d'linguistesch Entwécklungsprinzipie berouen. Fréi Versich baséiert hien um Spueneschen, mä wéi hien duerch e Schoulkolleeg op dat Gotescht opmierksam gëtt, fänkt hien net nëmmen un, d'Lücken an dëser doudeger Sprooch selbststänneg opzefëllen, mä och dat Gotescht op eng hypothetesch Ursprooch zeréckzeféieren.

Dës enk Beschäftegung mat Sprooche weist sech och geschwënn an der Schoul, wou den Tolkien seng Nolauschterer bei den Debatten (deemools meeschtens op Latäin) mat fléissenden Exposéen op griichesch, gotesch oder alenglesch iwwerrascht.

Am Summer 1911 grënnt den Tolkien mat e puer Kolleegen, dorënner de Christopher Wiseman, de Robert Quilter Gilson an den Geoffrey Bache Smith, den T.C.B.S. (Tea Club – Barrovian Society), eng informell Gemeinschaft vu Frënn, déi sech am Ufank an der Schoulbibliothéik, spéider dann am Barrow's Stores reegelméisseg treffen, fir mateneen iwwer Literatur ze diskutéieren.

Zu där Zäit a méiglecherweis duerch den T.C.B.S. inspiréiert, fänkt den Tolkien am Eescht domat un, Gedichter ze schreiwen, an deene fir d'éischt Feeëwiesen (fairies) am Bëschland optrieden. E méiglechen Ustouss dozou kéinten déi mystesch Wierker vum kathouleschen Dichter Francis Thompson gewiescht sinn, mat deene sech den Tolkien zu där Zäit ausenanergesat huet.

No engem Echec 1909 geléngt et him am Dezember 1910, e Stipendium vum Exeter College zu Oxford ze kréien. Mam Wëssen datt seng onmëttelbar Zukunft domat geséchert ass, geet den Tolkien an de Rescht vu senger Schoulzäit, wou hien ënner anerem duerch d'finnescht Nationalepos Kalevala op d'Finnesch Sprooch opmierksam gëtt, op där hie spéider seng Konschtsprooch Quenya opbaut. Trotz senger spéiderer Ofneigung géint den Theater hëlt den Tolkien gär d'Roll vum Hermes an enger Opféierung vum Theaterstéck De Fridden (Aristophanes) un, a geet och am Dezember 1911 nach eemol fir eng Opféierung vum Stéck The Rivals (R. B. Sheridan) duerch Membere vum T.C.B.S., wou hien d'Roll vun der Mrs. Malaprop iwwerhëlt, op seng al Schoul zeréck.

An der Zäit no der Schoul bis e säi Studiumufänkt, geet den Tolkien zesumme mat sengem Brudder an e puer anere Kolleegen op eng Wandertour an d'Schwäiz. Eng Postkaart mam Numm Der Berggeist, op där een ale Mann deen ënner enger Kifer op engem Fiels sëtzt, duergestallt ass (d'Bild staamt vum däitsche Moler Josef Madlener vu Memmingen), gëtt no senge spéideren Ugaben d'Inspiratioun fir d'Figur vum Zauberer Gandalf a senger eegener Welt Middle-earth.

Studienzäit[änneren | Quelltext änneren]

Am Oktober 1911 fänkt den Tolkien säi Studium um Exeter College zu Oxford un, fir d'éischt am Fach Classics, dem Studium vun de klassesche Sprooche Latäin a Griichesch an hirer Literatur, mä hie langweilt sech awer séier. Nëmmen d'»Sproochwëssenschaft déi vergläicht« ka säin Interesse op sech zéien, säi Professer an dësem Fach weist hien op d'Walisescht hin, deem sech den Tolkien doropshi begeeschtert zouwent.

No senger Summervakanz 1912, déi hie bei King Edward's Horse, engem Kavallerieregiment, haaptsächlech am Suedel verbréngt (wat e wéineg Liicht op d'Optriede vun der Reiderkultur vu Rohan am Lord of the Rings werfe kéint), geet hien zeréck op Oxford. Hei fänkt hie geschwënn un, sech mam Finneschen ausenanerzesetzen. Dësen Afloss weist sech och doran, datt e säi Projet vun enger Konschtsprooch déi um Goteschen opgebaut ass, opgëtt, a sech u senger neier Liblingssprooch orientéiert. D'Resultat sollt Jore méi spéit als Quenya, Héichsprooch vun den Elben, Agank a seng mythologesch Welt Middle-earth fannen.

Chrëschtdag 1912 verbréngt den Tolkien bei senger Famill, wou en no enger englescher Chrëschtdagstraditioun als Regisseur an Haaptduersteller en Theaterstéck wat e selwer geschriwwen huet, opféiert - eng bemierkenswäert Tatsaach wann ee seng spéider Ofneigung géint den Drama bedenkt.

Den 3. Januar 1913, dem Dag vu senger Volljäregkeet, schreift hie fir d'éischt Kéier nees senger Jugendléift Edith, mä muss awer gewuer ginn, datt si sech an der Tëschenzäit mam Brudder vun enger Schoulfrëndin verloobt huet. Hien huet net wëlles, seng grouss Léift opzeginn, a geet perséinlech bei d'Edith, wou e si iwwerzeege kann, hir Entscheedung z'iwwerdenken. Ee Joer méi spéit, nodeem och d'Edith der kathoulescher Kierch bäigetrueden ass, gi si offiziell verloobt an zwee Joer duerno, den 22. Januar 1916, bestuet.

Säin akadeemesche Wee verleeft an der Tëschenzäit net ouni Problemer. Well hien d'eigentlech Matière zu Gonschte vu senge ville Sproochinteresse vernoléissegt, schléisst hien d'Tëscheprüfung no zwee Joer Studium mat engem »Second« of, wouriwwer hien enttäuscht ass (vergläichbar mat enger Lëtzebuergescher »Zwee«). Op Ureegung vu sengem College, deem säin Intressi fir germanesch Sproochen opgefall war, wiesselt hien op d'Institut fir englesch Sprooch a Literatur. Do liest hien am Kader vum usprochsvollen alenglesche Literaturkanon d'Wierk Crist vum angelsächseschen Dichter Cynewulf (fréit 8. Joerhonnert), eng Sammlung vu reliéiser Dichtung. Zwou Zeile vun deem Gedicht sollten hie staark beaflossen:

Eala Earendel engla beorhtast
ofer middangeard monnum sended
Heel dir Earendel, stralendsten Engel,
iwwer Mëtteläerd de Mënsche geschéckt

Mat »middangeard« oder »Mëtteläerd« ass hei d'Welt vun de Mënsche gemengt. Traditionell als »Liichtstral« iwwersat, gleeft den Tolkien datt den Numm »Earendel« op de Morgenstern, d'Venus, hiweist, dee mat sengem Opgoen d'Enn vun der Nuecht an den Ufank vum Dag ukënnegt. Hie selwer beschreift d'Wierkung vun dësen Zeilen op sech sou:

I felt a curious thrill, as if something had stirred in me, half wakened from sleep. There was something very remote and strange and beautiful behind those words, [...] far beyond ancient English.

Dësen Zäitpunkt ka virsiichteg als Gebuertsstonn vu senger Mythologie ugesat ginn, schonn e Joer méi spéit schreift hien d'Gedicht The Voyage of Earendel the Evening Star, wat mat den uewen zitéierten Zeilen ufänkt, an de Keim vu senger Middle-earth-Mythologie bilt.

Seng weider Studienzäit verleeft ouni gréisser Evenementer - ofgesi vun de weideren Treffe mat senge Frënn vum T.C.B.S., déi hien a sengen dichteresche Beméiungen ënnerstëtzen. Eng Anekdot aus där Zäit werft e Liicht op déi och nach spéider fir den Tolkien charakteristesch Aarbechtsmanéier: Op d'Fro vu sengem Frënd G. B. Smith nom Hannergrond vu sengem Earendel-Gedicht äntwert den Tolkien: »I don't know. I'll try to find out.« Dës Siicht vum Schreiwen net als Neischafung mä als Entdeckungsrees bleift charakteristesch säi Liewe laang. Nom Ausbroch vum Éischte Weltkrich, an der zweeter Juniwoch 1915, schléisst hie säi Studium of – dës Kéier mat Auszeechnung (»First Class Honours«).

Den éischte Weltkrich[änneren | Quelltext änneren]

Hie gëtt als Offizéier fir d'Signalwiesen am 11. Batailloun vum Regiment vun de »Lancashire Fusiliers« geruff an ass am Summer 1916 un der Front bei der Schluecht vun der Somme dobäi, der bluddegster Schluecht am Éischte Weltkrich.

Déi onmëttelbar Erfarung mat de Grausamkeete vum Stellungskrich trëfft hien déif a léist den Abroch vum Béisen an eng friddlech Welt zu engem Grondthema vu sengem Liewen a senger Literatur ginn. De 27. Oktober 1916 weist hien awer Symptomer vu Fleckféiwer wat duerch Lais iwwerdro gëtt, a gëtt den 8. November zur Behandlung an England verschëfft.

Wärend dëser Auszäit fir nees gesond ze ginn, fir d'éischt zu Birmingham an duerno zu Great Haywood, gëtt hien den Doud vu sengem T.-C.-B.-S.-Kolleeg G. B. Smith gewuer, nodeem hien nach a Frankräich scho vum Doud vu sengem Schoulfrënd Rob Gilson a Kenntnis gesat gi war. De leschte Bréif vum Smith hält op mat de beweegenden Zeilen: »May God bless you, my dear John Ronald, and may you say the things I have tried to say long after I am not there to say them, if such be my lot.« Fir den Tolkien ginn si zum Vermiechtnes.

Hie fänkt mat engem Projet un, wat an der Literaturgeschicht ouni grouss Virbilder dosteet, der Erschafung vun engem vollstännege Soenzyklus, dee mat näischt manner wéi der Schöpfung vun enger Welt ugeet. Mat der Néierschrëft vum The Book of Lost Tales, dat an dëser Form eréischt posthum duerch säi Jong Christopher verëffentlecht wäert ginn, existéiere fir d'éischt Kéier gréisser Deeler vu senger Mythologie déi e spéider am The Silmarillion ausschafft.

Hei benotzt hien och fir d'éischt Kéier konsequent d'Sproochen déi hien erfonnt huet, besonnesch Quenya, wat um Finnische baséiert a Sindarin, wat op d'Walisescht zeréckgeet. Déi zwou setzt hien elo als Sprooch vun den Elben a Middle-earth an.

Wärenddeems schwankt säi Gesondheetszoustand, an d'Gefor nees zeréck un d'Front geschéckt ze ginn, schwieft permanent iwwer him. Temporär op Yorkshire versat, gëtt hie geschwënn nees krank a gëtt an d'Sanatorium Harrogate verluecht. Nodeem en nees gesond ass, gëtt en op eng Signalschoul am Nordoste geschéckt, mä gëtt awer nees krank a kënnt dës Kéier an d'Offizéierspidol zu Kingston upon Hull.

Wärend dëser Zäit, de 16. November 1917, kënnt dat éischt gemeinsaamt Kand op d'Welt, deen zu Éiere vum Pater Francis op den Numm John Francis Reuel gedeeft gëtt. Am Oktober 1920 kënnt de Michael Hilary Reuel, am November 1924 de Christopher Reuel a schliisslech 1929 d'Duechter Priscilla Mary dobäi. D'Zäit no der Gebuert vu sengem éischte Jong ass duerch glécklech Momenter geprägt: Bei Landausflig duerch d'Bëscher an der Géigend séngt an danzt d'Edith fir hien - doraus entsteet schliisslech d'Geschicht vun der grousser Léift tëscht dem stierflechen Helden Beren an der wonnerschéiner, mä onstierflecher Elbin Lúthien, déi als ee Mëttelpunkt vum Silmarillion gëlle kann.

No weidere Versetzungen am Joer 1918, zum Beispill op Penkridge an der Grofschaft Staffordshire an nees zeréck op Hull, gëtt hien op en Neits krank, a gëtt nees an d'Offizéierspidol bruecht. Hie benotzt déi Zäit, fir sech nieft der Aarbecht u senger Mythologie e bësse Russesch bäizebréngen. No senger Entloossung am Oktober steet schliisslech fest, datt de Krich op en Enn geet. Op der Sich no Aarbecht adresséiert hie sech un e fréiere Professer vun Oxford, de William Craigie, deen him eng Plaz beim New English Dictionary verschaaft, soudatt den Tolkien am November 1918 mat Fra a Kand op Oxford plënnert.

Fréi Beruffsjoren[änneren | Quelltext änneren]

Northmoor Road 22, wou d'Famill Tolkien bis 1930 gewunnt huet

Och wa sech a senger Satir Farmer Giles of Ham e puer ironesch Uspillungen op seng Zäit beim New English Dictionary fannen, ass datt dach am grousse Ganzen eng glécklech Zäit. Fir d'éischt Kéier lieft hien dauerhaft mam Edith an engem eegenen Haus zesummen, a säi Beruff reegt hien intellektuell un. Spéider wäert hien iwwer déi zwee Joer wou hien un der Produktioun vum Wierderbuch bedeelegt ass, soen, en hätt zu kenger Zäit vu sengem Liewe méi geléiert. Seng Aarbecht fëllt awer net säi ganzen Dag, soudatt hien niewebäi nach Zäit fënnt, als Privatprofesser Studenten z'ënnerriichten. Dës Aarbecht ass lukrativ genuch, soudatt hien 1920 beim New English Dictionary ophale kann.

Mä och wa seng finanziell Situatioun akzeptabel ass, huet den Tolkien säi Wonsch, eng akadeemesch Carrière unzetrieden, net opginn. Do ergëtt sech iwwerraschend am Summer 1920 eng Méiglechkeet: Zu Leeds ass eng Plaz fir e »Reader« um Institut fir englesch Sprooch fräi ginn. Obschonn hien am Ufank skeptesch iwwer seng Chancen nodenkt, kritt hien d'Plaz. Dat bedeit awer och eng weider Trennung vum Edith, déi mat den elo zwéi Bouwen zu Oxford bleift, bis si 1921 noplënnere kënnen.

Vu sengem Virgesetzte gëtt hie fir d'éischt mat der Organisatioun vum Studieplang fir Al- a Mëttelenglesch beopdraagt. Donieft schafft hien zesumme mat sengem Kolleeg Eric V. Gordon un enger Neieditioun vum mëttelenglesche Gedicht Sir Gawain and the Green Knight, déi no hirer Verëffentlechung 1925 séier als erausragende Bäitrag fir d'mëttelenglesch Philologie gëllt.

Och privat komme sech déi zwéi Kolleege méi no a grënne mat Studenten de Viking-Club, an deem ausser enger gudder Portioun Béier alnordesch Drénklidder mat deelweis nawell raue Gesäng an alenglescher Sprooch am Mëttelpunkt stinn. Dëst dréit wuel zu enger gudder Partie zu der Beléiftheet vum Tolkien bei senge Studente bäi. No véier Joer zu Leeds avancéiert den Tolkien 1924 zum Professer.

An de Gedichter aus där Zäit fanne sech déi éischt Hiweiser op Kreaturen, déi spéider a senger Middle-earth-Mythologie hir Plaz fanne wäerten: D'Gedicht Glib zum Beispill beschreift e schläimegt Wiese mat Aen déi schwaach liichten, a wat an enger Hiel lieft, an erënnert domat un d'Figur vum Gollum. Seng »seriéis« Mythologie, haut am Book of Lost Tales ze fannen, ass bal fäerdeg. Zwou vun de Soen, d'Geschicht vum Turin Turambar an d'Erzielung vum Lúthien a Bere wielt hien aus, fir si an eng ausféierlech Gedichtsform z'iwwersetzen.

1925 gëtt op eemol d'Plaz vum Rawlinson a Bosworth Léierstull fir Angelsächsesch zu Oxford fräi. Den Tolkien mellt sech a kritt, wuel ënner anerem duerch d'Reputatioun vu senger Sir Gawain-Iwwersetzung, d'Plaz zougesot.

Déi nächst Jore verlafen no baussen hin ouni bedeitend Evenementer: 1926 grënnt den Tolkien am Kolleegekrees d'Kolbitar (Islännesch fir Kuelebäisser), eng informell Ronn, déi sech reegelméisseg gesäit, fir d'islännesch Sagas an der alnordescher Originalsprooch ze liesen. Zanter 1927 gehéiert zu dëser Grupp och de Clive Staples Lewis, zanter 1926 e Kolleeg vum Tolkien, dee geschwë säin enkste Frënd gëtt. De Lewis ënnerstëtzt hien och bei enger Léierplangreform, déi méi e staarkt Gewiicht op d'Verbanne vu Sprooch- a Literaturwëssenschaft leet, an déi, vum Tolkien initiéiert, 1931 vun der Fakultéit ugeholl gëtt.

Mä et sollt net säi beruffleche Succès sinn, deen den Tolkien berüümt gemaach huet. Seng zwee Haaptwierker, den Hobbit an de Lord of the Rings hunn hir Wuerzel am Familiekrees, an der Roll vum Papp, déi den Tolkien virbildlech géintiwwer vu senger Kanner ausfëllt.

The Hobbit an The Lord of the Rings[änneren | Quelltext änneren]

An de fréien 1920er an 1930er Jore fänkt den Tolkien un, senge Kanner reegelméisseg fantasievoll Geschichten z'erzielen, déi allerdéngs meeschtens baussent der Mythewelt spillen, un där hien zu dëser Zäit schonn eescht schafft. Aus där Zäit stamen ënner anerem d'Erzielung Roverandom, déi op d'Verschwanne vun engem Spillhond vu sengem zweete Jong Michael zeréckgeet. Wärend sech an där Erzielung nëmmen een oder zwee kryptesch, deemools nëmme fir hie verständlech Bezuchnamen op d'gréisser Mythologie fannen, verweist d'Geschicht The Hobbit: or There and Back Again déi hien 1930 ufänkt schonn op méi Evenementer aus senger eeschter Mythologie, an den Allusiounen op d'Elbestad Gondolin an d'Figur vum Nekromant, déi zu där Zäit schonn en Deel vu senger am éischten Zäitalter vu Middle-earth ugesidelt Soewelt ass. Duerch Vermëttlung vun enger fréierer Studentin gëtt de Verlag Allen&Unwin op seng Erzielung opmierksam, an no enger begeeschterter Rezensioun duerch de Jong vum Editeur, de Rayner Unwin, gëtt si am Joer 1937 verëffentlecht. Op den dréngende Wonsch vu sengem Verlag fänkt den Tolkien mat der Aarbecht vun enger Suite un, déi am Ufank, genee wéi den Hobbit, als Kannerbuch ugeluecht ass.

Um Enn vun den drësseger Joren, an no enger Inspiratioun duerch de Clive Staples Lewis, dee mat him elo am literaresche Krees vun den »Inklings« verbonnen ass, enger Grupp, zu där nieft Lewis an Tolkien och den Charles Williams, den Owen Barfield, den Hugo Dyson an den Adam Fox gehéieren, hält hien de Virtrag On Fairy-Stories, dee vill Beuechtung kritt, an an deem hien d'Grondsätz vum spéidere Fantasy-Genre beschreift, a sech energesch géint Virwërf vun Eskapismus (Realitéitsflucht) verdeedegt.

Wärend dem Zweete Weltkrich zitt sech d'Aarbecht u sengem Nofollgerprojet fir den Hobbit hin, deen elo den Numm The Lord of the Rings huet, mä e gëtt awer ëmmer nees duerch aner Aufgaben ënnerbrach.

1945 wiesselt hien, ëmmer nach zu Oxford, op d'Professur fir Anglistik. Eréischt am Joer 1954 gëtt de Lord of the Rings endlech verëffentlecht. D'Verzögerung hat engersäits mam Tolkien sengem Perfektionismus, an anerersäits och mat sengem Wonsch vun engem Wiessel vum Verlag ze dinn, den duerch d'vermeitlech Ofso vu sengem eeschte Mythewierk The Silmarillion motivéiert war. Wéi säin alen Editeur Allen&Unwin en Ultimatum fir d'Verëffentlechung vu senger Gesamtmythologie (The Lord of the Rings an The Silmarillion) ouni Méiglechkeet zur Usiicht vum Manuskript ofleent, wennt sech den Tolkien un d'Verlagshaus Collins.

Obschonn déi am Ufank nach enthusiastesch sinn, bestinn si op grouss Kierzungen, zu deenen den Tolkien net bereet ass, a sou geet hien nees zeréck zu sengem ale Verlag. De Rayner Unwin, den als Kand den Hobbit gelies hat, ass mëttlerweil Junior-Editeur, an hëlt d'Buch ouni weider Korrekturen un.

Nodeem d'Präisser fir Pabéier nom Krich an England extreem an d'Luucht gaange waren, gëtt d'Wierk an dräi Bänn erausbruecht (The Fellowship of the Ring, The Two Towers, The Return of the King), soudatt all Eenzelband zu raisonnable Präisser konnt ugebuede ginn. Doduerch gëtt och haut nach fälschlerweis vun enger Trilogie geschwat, eng Bezeechnung déi den Tolkien säi Liewe laang ofgeleent huet, well hien d'Wierk a sechs Bicher ënnerdeelt hat.

Um Ufank vun den 1960er kënnt an den USA eng net autoriséiert Kopie vum The Lord of the Rings eraus, a léist eng Kultbeweegung ënner de Studenten aus, déi den Tolkien séier zu enger Berüümtheet mécht.

Lescht Joren[änneren | Quelltext änneren]

D'Graf vum Edith a J.R.R. Tolkien zu Oxford

Säi weidert Liewe verbréngt hie mam Ausaarbechte vum Silmarillion, wat hien awer bis zu sengem Liewensenn net méi fäerdeg kritt, a wat säi Jong Christopher Tolkien no sengem Doud erausbrénge wäert.

Fir e puer Joer plënneren hien a seng Fra an d'englesch Séibad Bournemouth. Do stierft d'Edith am Joer 1971, wouropshin den Tolkien zeréck op Oxford geet. Zwee Joer méi spéit stierft och hien am Alter vun 81 Joer no kuerzer Krankheet an engem private Spidol zu Bournemouth, wou hie fir eng kuerz Vakanz zeréckgefuer war. D'Graf vun deenen zwee läit um kathouleschen Deel vum Jordan Hill Cemetery zu Oxford; op hire Grafsteng stinn, nieft hiren Nimm, och d'Nimm Beren a Lúthien.

Scho virum Doud vu sengem Papp hat de Christopher Tolkien d'Schrëftstécker vu sengem Papp beaarbecht an huet zanter 1977 ënner anerem de Silmarillion a vun 1983 bis 1996 och eng History of Middle-Earth erausbruecht.

Säi Wierk[änneren | Quelltext änneren]

Akadeemesch Wierker[änneren | Quelltext änneren]

Prosawierker[änneren | Quelltext änneren]

  • The Hobbit: or There and Back Again, 1937
  • Leaf by Niggle, 1945
  • Farmer Giles of Ham, 1949
  • The Lord of the Rings, 1969/1970, an dräi Bänn erauskomm als
    • The Fellowship of the Ring: being the first part of The Lord of the Rings 1954,
    • The Two Towers: being the second part of The Lord of the Rings 1954,
    • The Return of the King: being the third part of The Lord of the Rings 1955
  • Smith of Wootton Major, 1967
  • Guide to the Names in »The Lord of the Rings«, A Tolkien Compass, posthum 1975
  • The Letters of Father Christmas, posthum 1976
  • The Silmarillion, posthum 1977, dt. 1978
  • Unfinished Tales of Númenor and Middle-earth, posthum 1980
  • Mr Bliss posthum 1982
  • The History of Middle Earth posthum 1983-1996, erauskomm an zwielef Bänn als
    • The Book of Lost Tales, Part I posthum 1983
    • The Book of Lost Tales, Part II posthum 1984
    • The Lays of Beleriand posthum 1985
    • The Shaping of Middle-earth posthum 1986
    • The Lost Road and Other Writings posthum 1987
    • The Return of the Shadow posthum 1988
    • The Treason of Isengard posthum 1989
    • The War of the Ring posthum 1990
    • Sauron Defeated posthum 1992
    • Morgoth's Ring posthum 1993
    • The War of the Jewels posthum 1994
    • The Peoples of Middle-earth posthum 1996
  • Roverandom posthum 1998

Lyrik[änneren | Quelltext änneren]

  • Gedicht The Battle of the Eastern Field 1911
  • Gedicht From the many-willow'd margin of the immemorial Thames 1913
  • Gedicht You & me and the Cottage of Lost Play 1915
  • Gedicht Kortirion among the trees 1915
  • Gedicht Goblin Feet 1915
  • Gedicht The Happy Mariners 1920
  • Gedicht The Clerke's Compleinte 1922
  • Gedicht Iumonna Gold Galdre Bewunden 1923
  • Gedicht The City of the Gods 1923
  • Gedicht The Eadigan Saelidan 1923
  • Gedicht Why the Man in the Moon Came Down Too Soon 1923
  • Gedicht Enigmala Saxonic – a Nuper Inventa Duo 1923
  • Gedicht The Cat and the Fiddle: A Nursery-Rhyme Undone and its Scandalous secret Unlocked 1923
  • Gedicht An Evening in Tavrobel 1924
  • Gedicht The Lonely Isle 1924
  • Gedicht The Princess Ni 1924
  • Gedicht Light as Leaf on Lindentree 1925
  • Gedicht The Nameless Land 1926
  • Gedicht Adventures in Unnatural History and Medieval Metres, being the Freaks of Fisiologus 1927
  • Gedicht Progress in Bimble Town 1931
  • Gedicht Errantry 1933
  • Gedicht Firiel 1934
  • Gedicht The Adventures of Tom Bombadil 1934
  • Gedichtersammlung Songs for the Philologists, zesumme mam E.V. Gordon a. a. 1936
  • Gedicht The Dragon's Visit 1937
  • Gedicht Knocking at the Door: Lines induced by sensations when waiting for an answer a the door of an Exalted Academic Person 1937
  • Gedicht The Lay of Aotrou and Itroun 1945
  • Gedicht Imram 1955
  • Gedichtsammlung The Adventures of Tom Bombadil and other verses from The Red Book 1962
  • Gedicht Once upon a time 1965
  • Gedicht For W. H. A. 1967
  • Gedichtzyklus The Road Goes Ever On: A Song Cycle 1967, vertount vum Donald Swann
  • Gedicht Bilbo's Last Song posthum 1974
  • Ballad The Lay of Leithian posthum 1985 in: The History of Middle Earth, Bd. 3: The Lays of Beleriand
  • Ballad The Lay of the children of Húrin posthum 1985 in: The History of Middle Earth, Bd. 3: The Lays of Beleriand

Verschiddenes[änneren | Quelltext änneren]

  • Autobiographesche Bericht Tolkien on Tolkien 1966
  • LP Poems and Songs of Middle-Earth 1968
  • LPs The Hobbit an The Lord of the Rings posthum 1975
  • Bildband Pictures by J. R. R. Tolkien posthum 1979
  • Bréiwer Letters of J. R. R. Tolkien posthum 1981

Literatur zum Theema[änneren | Quelltext änneren]

  • Humphrey Carpenter, J. R. R. Tolkien. Eine Biographie. Klett-Cotta, Stuttgart 2001, ISBN 3-608-93431-6
  • John Garth, Tolkien and the Great War. The Threshold of Middle-Earth. Houghton Mifflin, Boston 2003, ISBN 0-618-33129-8, Täschenbucheditioun 2005: ISBN 0-618-57481-6
  • Tom A. Shippey, J. R. R. Tolkien. Autor des Jahrhunderts. Klett-Cotta, Stuttgart 2002, ISBN 3-608-93432-4
  • Wayne G. Hammond, Christina Scull, J. R. R. Tolkien. Der Künstler. Klett-Cotta, Stuttgart 1996, ISBN 3-608-93409-X
  • Ariel Pytrell, El Profesor de los Anillos Mondragón Ediciones, Buenos Aires 2003, ISBN 987-20607-0-3

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: J. R. R. Tolkien – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikiquote: J. R. R. Tolkien – Zitater
Middle-earth – All d'Artikelen zum Universum vum J. R. R. Tolkien.