Schluecht vun der Somme
| Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
|
|
|---|---|
| Schluecht vun der Somme op der Kaart | |
| Datum | 1. Juli - 18. Nov. 1916 |
| Plaz | Un der Somme a Frankräich |
| Resultat | Ouni militäresch Entscheedung |
|
|
|
|
|
|
| 50 Divisiounen. Verloschter: 429.313 Mann (offiz. dt. Angab) No Schätzunge bis 600.000 Mann . |
51 britesch Div. 48 franséisch Div. Verloschter: 419.654 Briten 194.451 Fransousen (offiz. brit. Angab) No Schätzungen: bis 800.000 |
| Éischte Weltkrich | |
D'Schluecht vun der Somme huet den 1. Juli 1916 a Form vun enger britesch-franséischer Groussoffensiv géint déi däitsch Stellungen ugefaangen.
Déi britesch-franséisch Alliéiert haten déi Attack schonns am Dezember 1915 op der Konferenz zu Chantilly decidéiert, fir dem Stellungskrich an den Trancheeën en Enn ze maachen. De 4. September konnten d'Fransouse Forest a Cléry-sur-Somme zréckerueweren. Annerhalwe Mount duerno konnten déi marokanesch Kolonialtruppen de Fort de Douaumont bei Verdun zréckerueweren, an an der Nuecht vum 1. op den 2. November hunn déi däitsch Truppen d'Nopeschfestung de Fort de Vaux opginn.
Duerch déi Victoiren opgemontert huet de franséische Marechal Joffre déclaréiert: "Toutes les audaces sont permises", ouni vill Ophiewes vun de grousse Verloschter ze maachen.
D'Offensiv gouf den 18. November am selwechte Joer ofgebrach, ouni dat eng militäresch Entscheedung erbäigefouert gi war, d'alliéiert Truppen hate knapps 10 Kilometer Front gutt gemaach. Derbäi koum, datt géint November déi däitsch Aviatioun erëm Här a Meeschter an der Loft war.
Mat iwwer 1 Millioun Doudegen, Verwonnten oder Vermëssten war et déi Schluecht, déi am Éischte Weltkrich op alle Säiten zu de gréisste Verloschter gefouert huet. D'Englänner hate 400.000 Mann verluer, d'Fransousen 200.000, an op der däitscher Säit ware 450.000 Zaldote gefall.
E groussen Deel vum Echec vun där Offensiv war, well den Arméiskommando sech op den Asaz vun den engleschen Tankse Mark I verlooss hat, an de 15. September an der Géigend vu Flers eng Panzerattack lancéiert hat.
Déi niddreg Zuel vun de gepanzerte Gefierer, knapps 50 Stéck, an d'schlecht Maîtrise dervunner, waren net déi bescht Viraussetzungen fir esou eng Attack. Derzou koum dat d'Tanksen net an engem Verband geschafft hunn, mee mat Koppelen oder klengen Unitéiten laanscht d'Front verdeelt waren. De Moment fir d'Panzerattack, war trotz de Warnunge vun den Tankisten, schlecht erausgesicht ginn, sou datt e groussen Deel dervunner am schwéiren, duerch de ville Reen, opgeweechten Terrain stieche blouf. D'Panzerung war och esou schappeg, datt se schonns duerch konzentréiert Maschinnegewierfeier konnte schwéier beschiedegt a gestoppt ginn.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Schluecht vun der Somme – Biller, Videoen oder Audiodateien |