Stan Ockers

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Monument fir de Stan Ockers op der Nationale 62 tëscht Beaufays a Louveigné
Stan Ockers (1951)

De Josephus Constant genannt Stan Ockers, gebuer den 3. Februar 1920 zu Borgerhout, engem Distrikt vun Antwerpen a gestuerwen den 1. Oktober 1956 an enger Klinik vun Antwerpen [1], war ee belsche Vëlosportler.

De Stan Ockers deen 1941 Profi gouf konnt sech eréischt an de 1950er Joren richteg profiléieren. Seng bescht Jore waren tëscht 1953 a 1955 mat Succèsen op der Flèche Wallonne (1953) an um Weekend Ardennais (1955).

1955 gouf hien och an Italien zu Frascati Weltmeeschter op der Strooss, an op der Piste zesumme mam Rik van Steenbergen belsche Champion an der Américaine.

Um Tour de France konnt hie sech zweemol als Zweete placéieren an zwar 1950 hanner dem Ferdi Kübler an 1952 hanner dem Fausto Coppi.

1955 an 1956 war hie beim Tour de beschte Sprinter.

Hien hat knapps 36 Joer wéi hien den 29. September 1956 bei engem Pistefueren zu Antwerpen sou schwéier gefall ass, datt hien zwee Deeg drop gestuerwen ass.

Palmarès[änneren | Quelltext änneren]

1941[änneren | Quelltext änneren]

1946[änneren | Quelltext änneren]

1948[änneren | Quelltext änneren]

1953[änneren | Quelltext änneren]

1954[änneren | Quelltext änneren]

1955[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. "Stan Ockers" vum Claude Degauquier