Alan Alexander Milne

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

Den Alan Alexander Milne (A. A. Milne), gebuer den 18. Januar 1882 zu London am Henley House zu Kilburn (Hampstead)[1] a gestuerwen den 31. Januar 1956 an der Cotchford Farm zu Hartfield (East Sussex)[2], war en englesche Schrëftsteller.

Ufanks huet hien et als Auteur vun Theaterstécker zu enger gewëssener Renommée bruecht, weltbekannt ass hien awer eréischt mat senge Kannerbicher Winnie-the-Pooh (1926) an The House at Pooh Corner (1928) ginn, an deenen d'Figuren op Plüschdéieren zréck ginn, mat deene säi Jong Christopher Milne gespillt huet.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Massard, J.A., 2006. Vom Armee-Maskottchen zum Kinderbuch-Helden: Winnie-the-Pooh feiert 80. Geburtstag! In: Lëtzebuerger Journal 2006, Nr. 199 (14./15. Oktober), S. 22-23. [1]
  • Thwaite, A., 1990. A. A. Milne. His Life. London, Boston: Faber and Faber, 554 S.
  • Thwaite, A., 1992. The Brilliant Career of Winnie-the-Pooh. The story of A. A. Milne and his writing for children. London, Methuen, 192 S.

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Thwaite 1992, S. 8 (am Gebuertsregëster stinn als Virnimm: Alexander Sidney; d'Virnimm Alan Alexander sinn nodréiglech agedroe ginn).
  2. Thwaite 1992, S. 150.