Beggener Schlass

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Geographesch Koordinaten: Gnome-globe.svg 49° 38’ 36’’ N 06° 08’ 16’’ O
D'Haaptentrée vum Schlass
Eng Postkaart mam Beggener Schlass aus dem Joer 1913

D'Beggener Schlass, sou wéi et haut do steet, gouf 1896 vum Émile Metz am eklektesche Stil baue gelooss. D'Schlass läit a Wierklechkeet awer op Dummeldenger Terrain.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

Ursprénglech stoung op deem Terrain wou elo d'Schlass steet, eng Pabeiermillen, déi am 18. Joerhonnert gebaut gouf a bis an d'Mëtt vum 19. Joerhonnert existéiert huet.

1865 ass den Terrain vun der Société Metz & Cie kaaft ginn, déi zu där Zäit och eng ronn 400 Meter méi südlech, d'Dummeldenger Schmelz gebaut huet. An den 1880er Joren ass um Terrain eng Villa gebaut ginn, déi awer am Januar 1894 komplett verbrannt ass.

Duerno ass d'Schlass no de Pläng vum Bréisseler Architekt W. Janssens (1827-1913) nei opgebaut ginn. Et gouf no sengem Besëtzer och "Emils-Schlass" genannt. Ronderëm d'Schlass ass e Park ugeluecht ginn.

Nom Dout vu sengem éischte Proprietär Emile Metz a senger Fra ass d'Schlass vum Generaldirekter vun der ARBED, dem Emile Mayrisch, iwwerholl ginn a bis zum Zweete Weltkrich huet säin Neveu, den ARBED-President Gaston Barbanson do gewunnt. Nom 10. Mee 1940 gouf et vun der Wehrmacht requisitionnéiert a vun däitschen Offizéier bewunnt. Vun Oktober 1944 bis September 1945 ass et vum US-Militär benotzt ginn.

Nom Dout vum G. Barbanson 1946 koum d'Schlass an de Besëtz vun der Wohltätegkeetsstëftung Fondatioun Veuve Émile Metz-Tesch.

1949 gouf d'Schlass vum belschen Entreprener Jean van der Planck kaaft, deen et 1950 fir 4,2 Mio Frang un d'Gesellschaft Château de Beggen viruverkaaft huet.

Vun 1950 bis 1956 gouf d'Schlass als Hotel ënner dem Numm "Hôtel des Forges" benotzt.

1956 ass d'Schlass, zu deem nach ëmmer en Deel vum Park gehéiert, un d'Ambassade vun der UdSSR verlount ginn. Am Hierscht 1956 hunn e puer Demonstranten, déi géint den Amarsch vun de sowjeteschen Truppen an Ungarn protestéiert hunn, d'Schlass gestiermt a grousse Schued an de Wunnraim gemaach.

1973 huet d'Gesellschaft Château de Beggen d'Schlass komplett mat den 2,8 ha Grondstécker ronderëm fir 8,5 Mio Frang un d'Botschaft vun der UdSSR verkaaft.

Op Initiativ vum deemolege russesche Botschafter Edouard Malayan si vun 2005 - 2009 gréisser Restauratiounsaarbechten am Schlass ausgeféiert ginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Lobo, Paulo, 2011. 12 Bemerkenswerte Gebäude in Luxemburg: 4. Das Schloss Beggen. S. 40-49, Luxédit, ISBN 978-99959-733-0-8

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Beggener Schlass – Biller, Videoen oder Audiodateien