Bois du Cazier
Bois du Cazier ass den Numm vun enger belscher Kuelegrouf bei Marcinelle, no bei Charleroi an der Provënz Hainaut. Dës Grouf gouf traureg bekannt duerch dat gréisste Grouwenongléck dat et jee an der Belsch gouf, an zwar am Joer 1956.
Ee vun den éischte Leit aus enger Rettungsmanschaft, den Angelo Berto, een Italiener, deen aus der Grouf eropkoum, huet ausgeruff: Tutti cadaveri, ee Flammänner dat selwecht: Alle dood.
Et war mueres den 8. August 1956, wéi ee Feier am Pëtz Saint-Charles op 975 Meter Déift ausgebrach ass. Ee Lorry oder och nach Hond genannt, dee schlecht an der Fërderkëscht stoung, huet eng kleng Dunn ewechgerappt an dobäi een elektresche Kabel, eng Uelegleitung an eng Kanalisatioun fir Drockloft zerstéiert.
Onglécklecherweis war dat och nach just an deem Stollen, duerch deen d'Frëschloft an d'Galerie geblose gouf.
Duerch e Kurzschluss, dee beim Räisse vum elektresche Kabel entstane war, sinn et Fonke ginn an déi hunn den Ueleg ugestach. D'Feier, wëll et am Schacht vun der frëscher Loft war, huet sech dunn natierlech séier ausgebreet an den Damp ass an all d'Gallerië weidergeblose ginn, sou datt all d'Mineuren déi an der Grouf waren erstéckt sinn.
Bei deem Ongléck goufen et 262 Doudeger vun 12 Nationalitéiten. Si hunn 204 Witfraen hannerlooss a 417 Kanner hate kee Papp méi. Déi am meeschte betraffen Natioun waren d'Italiener mat 136 Affer, eleng dat klengt Duerf Manopello aus den Abruzzen hat 26 Doudeger ze bekloen. D'Immigratioun vun den Italiener an d'Belsch ass och dorophin bal ganz zesummegebrach.
D'Ursaach vum Ongléck geet haaptsächlich op al verbrauchten Installatiounen zréck an op d'Astelle vu Personal, dat net genuch geschoult war.
Trotzdeem ass nëmmen een Direkter ganz liicht gestrooft ginn.
D'Folge vum Ongléck waren, datt mol endlech d'Sécherheetsbestëmmunge fir d'Grouwe revidéiert goufen.
Zwéi Joer no dëm Ongléck huet d'CECA bestëmmt, datt all déi netkompetitiv Grouwen a Wallounien solle lues a lues zougemaach ginn.
De Bois du Cazier huet 1967 seng Dieren zougemaach.
Haut ass de Bois du Cazier eng Gediechtnesplaz an ee Musée, an deem een alles iwwer de Biergbau an d'Kuelegrouwe ka gewuer ginn.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Bois du Cazier – Biller, Videoen oder Audiodateien |