Jack Müller

Vu Wikipedia
Jack Müller
Gebuer 23. Oktober 1881
Esch-Uelzecht
Gestuerwen 9. November 1956
Esch-Uelzecht
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler
No Ëmbauten ass vun der «Villa Jack Müller» am Burgronn, ausser der Trap net méi vill original.

De Jacques ("Jack") Müller, gebuer den 23. Oktober 1881 zu Esch-Uelzecht an do och den 9. November 1956[1] gestuerwen, war e lëtzebuergeschen Erfinder, Entreprener a Moler.

Hien ass 1900 an d'Vereenegt Staaten ausgewandert, wou en ufanks daagsiwwer bei senger Sëschter op enger grousser Farm zu Wilson, Kansas, geschafft huet an owes gemoolt huet.

Hien huet an Owescourse Molerei geléiert a gouf Dekorateur. Bannent 10 Joer huet hie 27 Kierchen, ë. a. d'Kathedral vun Denver, Colorado, mat senge Molereien dekoréiert.

Den Jack Müller huet sech 1905 bestuet. fënnefmol ass en op Lëtzebuerg hannescht komm, wou en ë. a. a Privathaiser, der Escher Synagog an der Suessemer Parkierch Wandmolereie gemaach huet.

Dem Jack Müller säin Intressi huet awer och der Fligerei gegollt. Zu Salinas, Kansas, huet hien d'J. Muller's Aeronautic Enterprises gegrënnt. Hien huet ufanks mat Ballongen experimentéiert, duerno, vun 1909 un, mat Aeroplanen. Den 18. Juli 1910 huet hien zu Washington e Propeller ënner der Nummer 2048 patentéiere gelooss. Hien hat awer net genuch Kapital, fir säi wichtegste Projet, e motoriséierte Fliger, fäerdegbauen ze loossen, a sou huet hie seng Entreprise misse verkafen, just ier säi Fliger de Prairie Eagle fäerdeg war.

1914 war e mat senger Famill zoufälleg zu Esch, wéi den Éischte Weltkrich ausgebrach ass, soudatt se hu missen do bleiwen. Fir seng Famill z'ernieren, huet den Jack Müller am Buergronn eng Minière bedriwwen. Hien huet do och en Haus baue gelooss, d'Villa Blanche. Do an der Noperschaft huet hien e fossiliséierten Ichthyosaurier fonnt.

An de Joren duerno huet den Jack Müller eng Fabrick ënner dem Numm Industrie chromatogène gegrënnt, fir aus de Minettssteng Pigmenter ze gewannen. Och e Raschtschutzmëttel huet en erfonnt a patentéiere gelooss.[2],[3]

Hien huet bis nom Zweete Weltkrich a senger Grouf experimentéiert.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • De Biergmann 7. Jg., 26. 1. 1957.
  • Scuto, Denis: "Jack Müller et la hacienda du Bourgrund: 'Villa Blanche', rue Bourgronn, Esch-sur-Alzette." In: Tageblatt Nr. 204 (7. September 1995), S. 7.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Doudesannonce vum Jack Müller am Luxemburger Wort vum 14. November 1956 op eluxemburgensia.lu gekuckt den 9. Februar 2022
  2. Patentnummer 17.332 vum 28. Februar 1930
  3. En anert Patent fir d'Äerzer z'entsanden huet d'Nummer 14930