Gast Waltzing

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Gast Waltzing, gebuer den 13. August 1956 an der Stad Lëtzebuerg, ass e lëtzebuergesche Museksprofesser, Trompettist, Dirigent a Komponist. Hien ass mat der Sängerin a Komponistin Maggie Parke bestuet.

Liewen [änneren]

Am Alter vu 7 Joer ass hien an de Conservatoire vun der Stad Lëtzebuerg gaangen. Spéider huet hien am Conservatoire Royal de Bruxelles an am Conservatoire National Supérieur zu Paräis beim Maurice André Musek studéiert.

1972 huet hien d'Grupp Luxemburg Jazz Five gegrënnt, aus där spéider d'Grupp Atmosphere erfir gaang ass. Vun 1980 u sin e puer LPen, Singlen an CDen opgeholl ginn.

Am Joer 1982 gouf hie Professer fir Trompett am Conservatoire an der Stad Lëtzebuerg. De Gast Waltzing, dee sech och niewent der klassescher Musek fir Jazz interesséiertt, huet am Joer 1986 eng Jazzklass am Conservatoire agefouert.

1986 huet hien zesumme mat senger Fra Maggie Parke d'Grupp Park Café gegrënnt.

1988 ass ënnert senger Leedung d'Big Band des Conservatoires entstaan.

1989 kritt e säin éischten Optrag fir Filmmusek, deen en zesumme mat senger Fra ausféiert. Dorop hin goufen déi zwéin fir d'Best European Filmcomposers of 1989 nominéiert. Dat Joer drop huet en d'Musek zum ZDF-Film Ex und Hopp komponéiert. Spéider schreift en d'Musek fir eng Rei weider Filmer, ënner aneren och fir dem Andy Bausch seng.

Fir d'Kulturjoer huet en zesummen mat senger Fra eng modern Oper Smalltime komponéiert, déi am September 1995 am Stadtheater opgefouert ginn ass.

De Gast Waltzing ass op ville Placken an CDen ze héieren.

Hie produzéiert och CD mat anere Museker op dem Label WPR (Waltzing-Parke Records).

Derniewent komponéiert hien och vill, besonnesch Musek fir d’Televisiouns- a Kinosfilmer.

Filmer fir déi hien d’Musek geschriwwen huet [änneren]

Kinosfilmer [änneren]

Televisiounsfilmer [änneren]

Auszeechnungen [änneren]

Literatur [änneren]

Um Spaweck [änneren]