Preston Tucker
Ausgesinn
Preston Tucker | |
---|---|
Gebuer |
21. September 1903 Michigan |
Gestuerwen | 26. Dezember 1956 |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | USA |
Aktivitéit | Ingenieur, Entreprener |
De Preston Thomas Tucker, gebuer den 21. November 1903 zu Capac, am Michigan a gestuerwen de 26. Dezember 1956) war en US-amerikaneschen Autodesigner a Fabrikant.
Hien huet 1948 den Tucker Torpedo produzéiert, deen zwar ganz innovativ war, mä vun deem trotzdeem just 51 Stéck produzéiert goufen. Dat mécht se hautdesdaags zu rare Sammlerobjeten.
De Francis Ford Coppola huet 1988 dem Preston Tucker seng Geschicht verfilmt ënner dem Titel Tucker: The Man and His Dream.