Joseph Oth

Vu Wikipedia
Joseph Oth
Gebuer 14. Oktober 1877
Habscht
Gestuerwen 5. Mäerz 1955
Dikrech
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Moler, Lycéesprofesser

De Joseph Oth, gebuer de 14. Oktober 1877 zu Habscht a gestuerwen de 5. Mäerz 1955 zu Dikrech, war e lëtzebuergesche Professer a Moler.[1][2]

De Joseph Oth war de Jong vum Schräiner Michel Oth a vun der Marie Lamach.[3] No der Beruffsschoul zu Karlsruhe huet hien op der Académie royale des beaux-arts zu Bréissel an op der Konschtakademie vu München studéiert.[4] Hie gouf Maître de dessin an 1924 Professeur de dessin am Dikrecher Kolléisch ernannt an e gouf 1939 pensionéiert.[5]

Hien huet ënner anerem Landschaften an Ueleg an Aquarell gemoolt. Den Oth war Member vun der Kënschtlervereenegung Cercle artistique de Luxembourg, wou hie vun 1914 bis 1954 am Cercle sengen alljärleche Salonen ausgestallt huet. Am Salon 1917 huet d'staatlech Kommissioun fënnef Biller vum Oth, Dominique Lang, Henri Rabinger, Joseph Strock an André Thyes kaaft.[6]

De Joseph Oth ass no enger kuerzer Krankheet am Alter vu 77 Joer gestuerwen.[7]

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Referenzen an Notten[Quelltext änneren]

  1. Jos Welter, red. (1993) Rétrospective : Cent ans d'art luxembourgeois 1893-1993. Lëtzebuerg: Cercle Artistique de Luxembourg / Crauthem: Lux-Print. ISBN 2-919970-24-0
  2. "Joseph Oth", Lëtzebuerger Konschtlexikon, MNAHA.
  3. Gebuertsschäin n° 68, 1877.
  4. Lambert Herr (2001) Signatures, portraits et auto-portraits : artistes plasticiens au Luxembourg. Lëtzebuerg: Éditions Saint-Paul. ISBN 2-87963-382-6. S. 247.
  5. "Enseignement supérieur et moyen", Mémorial, n° 74, 5. Oktober 1939.
  6. "Luxem b. Kunstverein", Escher Tageblatt, 6. Juli 1917.
  7. "Monsieur Joseph Oth", Luxemburger Wort, 11. Mäerz 1955.
  8. "Ordre de la Couronne de Chêne", Mémorial, 22 Januar 1938.