Goðafoss
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Geographesch Koordinaten:
65° 40’ 58.59’’ N 17° 33’ 02.04’’ W
De Goðafoss ass ee vun de bekanntste Waasserfäll an Island.
E läit um Territoire vun der Gemeng Þingeyjarsveit am Nordoste vum Land. De Floss Skjálfandafljót fält do op enger Breet vun ca. 30 m ongeféier 12 m an d'Déift.
Den Numm "Gëtter-Waasserfall" kéim enger Seechen no dohier, datt ëm d'Joer 1000, den Þorgeir, ee vun den Delegéierten vun engem Thing, op deem decidéiert gouf, datt Island d'Chrëschtentum iwwerhuele sollt, do seng lescht Statue vun nordesche Gëtter an d'Waasser gepucht soll hunn.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
| Commons: Goðafoss – Biller, Videoen oder Audiodateien |