Daugava

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Daugava
Riga new bridge.jpg
Längt 1003 km
Héicht vun der Quell
oder Zesummelaf
m
Duerchschnëttsdebit m³/s
Fläch vum Baseng 87.900 km²
Leeft an: Baltescht Mier
Floss - Hydrologie

D'Daugava (Russesch: Западная Двина, Zapadnaja Dwina - Westlech Dwina; Wäissrussesch: Заходняя Дзьвіна, Zachodnaja Dzjvina) ass en eppes iwwer 1000 Kilometer laange Floss, deen a Russland um Waldai-Plateau, westlech vun Twer, entspréngt an duerch Wäissrussland a Lettland leeft, wou en, kuerz hannert Riga, an de Golf vu Riga (Baltescht Mier) mënt.

D'Quell vun der Daugava ass no bei der Waaaseerscheed tëscht dem Balteschen an dem Schwaarze Mier. No 323 Kilometer leeft se iwwer d'Grenz zu Wäissrussland, an 328 Kilometer méi wäit déi vu Lettland. No weideren 352 Kilometer leeft se an de Golf vu Riga.

D'Daugava zu Riga

De Baseng vum Floss ass 87.900 km² grouss an erstreckt sech ausser an deene Länner, an deenen e leeft, och aus op Deeler vun Estland a Litauen.

An der Zäit war de Floss eng wichteg Handelsstrooss.

[änneren] Um Spaweck

Commons: Daugava – Biller, Videoen oder Audiodateien
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen