Foussball-Weltmeeschterschaft
| Dësen Artikel beschäftegt sech mat de Foussball-Weltmeeschterschafte vun de Männer. Fir d'Weltmeeschterschaft vun de Fraen, kuckt Fraefoussball-Weltmeeschterschaft. Fir aner Bedeitungen, kuckt w.e.g. Weltmeeschterschaft. |
D'Foussball-Weltmeeschterschaft (FIFA-Weltpokal) vun de Männer ass en Foussballturnéier tëscht Nationalequippen dat all véier Joer ofgehale gëtt. Organisateur ass de Weltfoussballverband FIFA. D'Veranstaltung ass nieft den Olympesche Spiller dat bedeitenst Sportevenement vun der Welt. Aktuelle Weltmeeschter ass Italien. Zur Zäit gëtt dei 19. Foussball-Weltmeeschterschaft a Südafrika ausgedroen. D'Finall ass Sonndes den 11. Juli 2010.
Zënter 1991 ass och all véier Joer eng Foussball-Weltmeeschterschaft fir Dammen .
Geschicht [änneren]
Virun 1930 kann een d'Turnéier während an spéider nieft den Olympësche Spiller als Virleefer bezeechnen. Spéitstens mat de Spiller 1928 war d'Wierkung vun engem internationale Foussballturnéier z'erkennen.
1863 gouf zu London d'Football Association gegrënnt an d'Zäit vum organiséierte Foussball hat domat ugefaangen. Zu dësem Zäitpunkt war d'British Empire déi aflossräichsten Natioun vun der Welt, et hat op der ganzer Welt seng Stëtzpunkten a britesch Schëffer waren an all Hafen ze fannen.
Dat historescht Besonnescht war d'Grondlag fir d'weltwäit Verbreedung vun den englesche Foussballregele bannent enger Generatioun. Déi éischt Matcher baussent de briteschen Inselen goufen a Séihäfen vu britesche Matrousen organiséiert.
Um Enn vum 19. Joerhonnert goufen an Europa an Amerika vill Nationalverbänn gegrënnt, wat d'Organisatioun vun internationale Rendez-vousen erméiglecht huet.
Dat éischt Spill tëschent Vertrieder vun nationale Verbänn war den 30.11.1872 zu London. (Schottland – England / Resultat: 0:0)
Den 21.05.1904 war en weideren Meilesteen an der Foussballgeschicht, dësen Dag gouf am franséische Verbandshaus d'FIFA gegrënnt an domat en nationaalt Denken verhënnert, trotzdeem sollt et nach vill Joerzéngten daueren, bis déi amerikanesch Verbänn e bedeitenden Afloss op déi vun den europäesche Verbänn geprägte Politik vun der FIFA kruten.
Turnéier a Weltmeeschter [änneren]
Auszeechnungen [änneren]
Um Enn vun all Weltmeeschterschaft gi méi Auszeechnunge u Spiller an Teams verginn, déi sech vum Rescht beim Betruechten vun verschiddenen Aspekter bemierkbar gemaach hunn.
Aktuell gëtt et fënnef verschidden Auszeechnungen:
- den Adidas Gëllene Schong fir de Spiller deen déi meeschte Goler geschoss huet;
- den Adidas Gëllene Ball fir de beschte Spiller;
- d'Lev Yashin-Trophäe fir de beschte Golkipper;
- den FIFA Fair Play Award fir dat fairsten Team;
- d'Equipe mat der beschter Ënnerhaalung vun der WM
Adidas Gëllene Schong [änneren]
De Gëllene Schong gëtt dem beschten Torschütze vun enger WM-Ennronn iwwerreecht. Fir d'éischt ass dës Auszeechnung bei der WM 1982 vergi ginn.
| Weltmeeschterschaft | Spiller | Goaler |
|---|---|---|
| 1930 Uruguay | Guillermo Stabile (Argentinien) | 8 |
| 1934 Italien | Oldrich Nejedlý (Tschechoslowakei) | 5 |
| 1938 Frankräich | Leônidas (Brasilien) | 8 |
| 1950 Brasilien | Ademir (Brasilien) | 9 |
| 1954 Schwäiz | Sandor Kocsis (Ungarn) | 11 |
| 1958 Schweden | Just Fontaine (Frankräich) | 13 |
| 1962 Chile | Garrincha (Brasilien) Vava (Brasilien) Leonel Sanchez (Chile) Drazen Jerkovic (Jugoslawien) Valentin Ivanov (Sowjetunioun) Florian Albert (Ungarn) |
4 |
| 1966 England | Eusebio (Portugal) | 9 |
| 1970 Mexiko | Gerd Müller (BRD) | 10 |
| 1974 BRD | Grzegorz Lato (Polen) | 7 |
| 1978 Argentinien | Mario Kempes (Argentinien) | 6 |
| Gëllene-Schong-Gewënner | ||
| 1982 Spuenien | Paolo Rossi (Italien) | 6 |
| 1986 Mexiko | Gary Lineker (England) | 6 |
| 1990 Italien | Salvatore Schillaci (Italien) | 6 |
| 1994 USA | Hristo Stoichkov (Bulgarien) Oleg Salenko (Russland) |
6 |
| 1998 Frankräich | Davor Suker (Kroatien) | 6 |
| 2002 Südkorea/Japan | Ronaldo (Brasilien) | 8 |
Adidas Gëllene Ball [änneren]
De Gëllene Ball ass eng auszeechnung, déi un de beschte Spiller vun enger WM-Ennronn vergi gëtt. d'FIFA nomminéiert dofir zéng Spiller, aus deenen dann d'Medienreprésentant'en wiele kënnen. De Spiller mat de meeschte Stëmmen kritt dann de Gëllene Ball iwwerreecht, de Spiller mat den zweet meeschte Stëmmen gewënnt de Sëlwere Ball an den drëttplazéierte gewënnt de Bronzene Ball. Bis elo hunn ëmmer Spiller aus dräi ënnerschiddlechen Natioune déi dräi éischt Plaze beluecht.
| Weltmeeschterschaft | Gëllene Ball | Sëlwere Ball | Bronzene Ball |
|---|---|---|---|
| 1982 Spuenien | Paolo Rossi (Italien) |
Falcão (Brasilien) |
Karl-Heinz Rummenigge (BRD) |
| 1986 Mexiko | Diego Maradona (Argentinien) |
Harald Schumacher (BRD) |
Preben Elkjaer-Larsen (Dänemark) |
| 1990 Italien | Salvatore Schillaci (Italien) |
Lothar Matthäus (Däitschland) |
Diego Maradona (Argentinien) |
| 1994 USA | Romário (Brasilien) |
Roberto Baggio (Italien) |
Hristo Stoichkov (Bulgarien) |
| 1998 Frankräich | Ronaldo (Brasilien) |
Davor Suker (Kroatien) |
Lilian Thuram (Frankräich) |
| 2002 Südkorea/Japan | Oliver Kahn (Däitschland) |
Ronaldo (Brasilien) |
Hong Myung-Bo (Südkorea) |
Lev Yashin-Trophäe [änneren]
D'Lev Yashin-Trophäe gëtt säit 1994 un de beschte Goalkipper vun enger WM-Ennronn verginn. De Präis ass nom legendären russesche Goalkipper Lew Jashin benannt.
| Weltmeeschterschaft | Lev Yashin-Trophäe Gewënner |
|---|---|
| 1994 USA | Michel Preud'homme (Belsch) |
| 1998 Frankräich | Fabien Barthez (Frankräich) |
| 2002 Südkorea/Japan | Oliver Kahn (Däitschland) |
| 2006 Däitschland | Gianluigi Buffon (Italien) |
FIFA Fair Play Award [änneren]
De FIFA Fair Play Award gëtt dem fairsten Team vun der WM-Endronn verginn. Et goufen allerdéngs ginn nëmmen Equipe berücksichtigt, déi sech fir déi zweet Ronn qualifizéiere konnten.
| Weltmeeschterschaft | FIFA-Fair-Play-Award-Gewënner |
|---|---|
| 1978 Argentinien | Argentinien |
| 1982 Spanien | Brasilien |
| 1986 Mexiko | Brasilien |
| 1990 Italien | England |
| 1994 USA | Brasilien |
| 1998 Frankräich | England Frankräich |
| 2002 Südkorea/Japan | Belsch |
Equipe mat der beschter Ënnerhalung [änneren]
D'Auszeechnung vun der Equipe mat der beschter Ënnerhalung geet un d'Equipe, déi d'Publikum mat hirer Spillweis an hirem Optrieden bei der WM-Ennronn am meeschten ënnerhal huet. D'Entscheedung gëtt dobäi vun der Ëffentlëchkeet getraff, déi bei der Ofstëmmung deelhuele kann. Déi Auszeechnung gouf 1994 fir d'éischt Kéier verginn.
| Weltmeeschterschaft | Ënnerhalsamst Equipe |
|---|---|
| 1994 USA | Brasilien |
| 1998 Frankräich | Frankräich |
| 2002 Südkorea/Japan | Südkorea |
Ranglëschten [änneren]
Ranglëscht vun de Weltmeeschter [änneren]
1.
Brasilien - 1958, 1962, 1970, 1994, 2002 (5 Titel)
2.
Däitschland - 1954, 1974, 1990, (3 Titel)
Italien - 1934, 1938, 1982 (3 Titel)
4.
Argentinien - 1978, 1986 (2 Titel)
Uruguay - 1930, 1950 (2 Titel)
6.
England - 1966 (1 Titel)
Frankräich - 1998 (1 Titel)
Ranglëscht vun de Vize-Weltmeeschter [änneren]
1.
Däitschland - 1966, 1982, 1986, 2002 (4x)
2.
Argentinien - 1930, 1990 (2x)
Brasilien - 1950, 1998 (2x)
Italien - 1970, 1994 (2x)
Holland - 1974, 1978 (2x)
Tschechoslowakei - 1934, 1962 (2x)
Ungarn - 1938, 1954 (2x)
8.
Schweden - 1958 (1x)
Ranglëscht vun den Halleffinalisten [änneren]
1.
Brasilien,
Däitschland (10x)
3.
Italien (7x)
4.
Argentinien,
Uruguay,
Schweden,
Frankräich (4x)
Ranglëscht vun de WM-Participatiounen [änneren]
1.
Brasilien (17 Participatiounen)
2.
Däitschland und
Italien (15x)
4.
Argentinien (13)
5.
Mexiko (12x)
6.
Belsch,
England,
Frankräich,
Spuenien (11x)
10.
Schweden,
Uruguay (10x)
Ranglëscht mat de Länner mat de meeschten erzielte Goler bei enger WM [änneren]
1.
Ungarn - 1954 (27 Goler a 5 Matcher; 5,4 pro Match)
2.
Däitschland - 1954 (25 Goler a 6 Matcher; 4,2 pro Match)
3.
Frankräich - 1958 (23 Goler a 6 Matcher; 3,8 pro Match)
4.
Brasilien - 1950 (22 Goler a 6 Matcher; 3,7 pro Match)
5.
Brasilien - 1970 (19 Goler a 6 Matcher; 3,2 pro Match)
Spiller mat de meeschte WM-Participatiounen [änneren]
Zwéi Spiller hunn u fënnef Weltmeeschterschaften deelgeholl:
- Antonio Carbajal (Mexiko) (5 Participatiounen - 1950 bis 1966)
- Lothar Matthäus (Däitschland) (5 Participatiounen - 1982 bis 1998)
Véierzéng Spiller hunn u véier Weltmeeschterschaften deelgeholl:
- Djalma Santos (Brasilien) (4 - 1954 bis 1966)
- Pelé (Brasilien) (4 - 1958 bis 1970)
- Karl-Heinz Schnellinger (Bundesrepublik Däitschland) (4 - 1958 bis 1970)
- Uwe Seeler (Bundesrepublik Däitschland) (4 - 1958 bis 1970)
- Gianni Rivera (Italien) (4 - 1962 bis 1974)
- Pedro Rocha (Uruguay) (4 - 1962 bis 1974)
- Wladyslaw Zmuda (Polen) (4 - 1974 bis 1986)
- Diego Maradona (Argentinien) (4 - 1982 bis 1994)
- Giuseppe Bergomi (Italien) (4 - 1982 bis 1990 und 1998)
- Enzo Scifo (Belsch) (4 - 1986 bis 1998)
- Franky van der Elst (Belsch) (4 - 1986 bis 1998)
- Andoni Zubizarreta (Spuenien) (4 - 1986 bis 1998)
- Paolo Maldini (Italien) (4 - 1990 bis 2002)
- Lew Jaschin (Russland) (4 - 1958 bis 1970)
Ranglëscht vun de Spiller mat de meeschte WM-Matcher [änneren]
1. Lothar Matthäus (25 Matcher)
2. Paolo Maldini (23 Matcher)
3. Diego Maradona, Uwe Seeler, Wladyslaw Zmuda (21 Matcher)
6. Grzegorz Lato (20 Matcher)
7. Wolfgang Overath, Karl-Heinz Rummenigge, Berti Vogts (19 Matcher)
Ranglëscht vun de WM-Torschützen [änneren]
1. Gerd Müller (Däitschland) (14 Goler)
2. Just Fontaine (Frankräich) (13 Goler)
3. Pelé (Brasilien) (12 Goler) Ronaldo (Brasilien) (12 Goler)
5. Sandor Kocsis (Ungarn) (11 Goler) Jürgen Klinsmann (Bundesrepublik Däitschland) (11 Goler)
7. Helmut Rahn (Bundesrepublik Däitschland) (10 Goler) Teofilo Cubillas (Peru) (10 Goler) Grzegorz Lato (Polen) (10 Goler) Gary Lineker (England) (10 Goler) Gabriel Batistuta (Argentinien) (10 Goler)
Fakten [änneren]
- De jéngste Spiller bei enger WM: Norman Whiteside (Nordirland) am Alter vu 17 Joer bei der WM 1982
- De jéngste Spiller, dee bei enger WM en Gol geschoss huet: Pelé (Brasilien) am Alter vu 17 Joer bei der WM 1958
- De jéngste Spiller, dee Weltmeeschter ginn ass: Pelé (Brasilien) am Alter vu 17 Joer bei der WM 1958
- Den eelsten Spiller, deen bei enger WM en Gol geschoss huet: Roger Milla (Kamerun) am Alter vun 42 Joer bei der WM 1994
- Déi éischt Rout Kaart: Carlos Caszely (Chile) bei der WM 1974
- Déi meescht Rout Kaarten: Rigobert Song (Kamerun) - zweemol bei 3 WM-Participatiounen
- Déi meescht Eelefmeter-Goler: Gabriel Batistuta, Eusebio an Rob Rensenbrink – 4 Goler
Kuckt och [änneren]
- Foussball-Weltmeeschterschaft 2006 an Däitschland
Literatur [änneren]
- Bergmann, Winfried / Huba, Karl-Heinz / Mrazek, Karl-Heinz: Die Geschichte der Fussball - Weltmeisterschaft, Copress-Verlag, 1991, 208 Säiten (ISBN 3-7679-0311-3)
- Fuhr, Wolfgang: Fußballweltmeisterschaften, Agon-Verlag, Mee 2005 (ISBN 3-89784-265-3)
- Grüne, Hardy: Fußball WM Enzyklopädie 1930-2006, Agon-Verlag, Dez. 2002 (ISBN 3-89784-205-X)
- Hartmann, Waldemar / Netzer, Günter / Kauer, Robert: Menschen, Tore & Sensationen. Geschichte und Geschichten. WM 1930-2006, Wero Press, Juli 2002, 268 Säiten (ISBN 3-9806973-7-1)
- Schulze-Marmeling, Dietrich / Dahlkamp, Hubert: Die Geschichte der Fußball-Weltmeisterschaft 1930-2006, Die Werkstatt, Abrëll 2004, 560 Säiten (ISBN 3-89533-461-8)
Um Spaweck [änneren]
- Offiziell Websäit
- Natiounenwertung / Éiweg Tabell
- Geschicht vun de Foussballweltmeeschterschaften
- Portal fir d'WM 2006 - Infoen zu Stied, Stadien, Equippen
- 2010 FIFA World Cup South Africa Infomation
Uruguay 1930 - Italien 1934 - Frankräich 1938 - Brasilien 1950 - Schwäiz 1954 - Schweden 1958 - Chile 1962 - England 1966 - Mexiko 1970 - Däitschland 1974 - Argentinien 1978 - Spuenien 1982 - Mexiko 1986 - Italien 1990 - USA 1994 - Frankräich 1998 - Südkorea/Japan 2002 - Däitschland 2006 - Südafrika 2010 - Brasilien 2014 - Russland 2018 - Katar 2022
| Commons: FIFA World Cup – Biller, Videoen oder Audiodateien |