Max Jacoby (Fotograf)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Max Jacoby, (Max-Moshe Jacoby) gebuer den 8. Juni 1919 zu Koblenz, a gestuerwen de 15. Mäerz 2009 zu Berlin, war en däitsche Fotograf.
Hien ass de Jong vum Johannes Jacoby a senger Fra Mela. 1937 ass de Max mat senger Famill op Buenos Aires emigréiert, wou hien eng fotografesch Ausbildung vum George Friedman krut. Mat 22 Joer huet hie sech selbstänneg gemaach an en huet a Südamerika an zu New York fir Zäitschrëften a fir Fotosagencë geschafft.