Mass (Zeremonie)
| Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Eng Mass ass eng Liturgie, d. h. eng gottesdéngschtlech Feier vun der réimesch-kathoulescher Kierch. Si gëtt an der Theologie zugläich als "Moolzechtfeier" wéi och als "Affer" gesinn. Mol gëtt méi deen een Aspekt, mol méi deen aneren ënnerstrach. D'Eucharistie ass eng "Moolzechtfeier" an deem Sënn, datt et eng Erënnerung un déi lescht Owesmoolzecht vum Jesus mat senge Jünger op Gréngen Donneschdeg ass, déi hie gläichzäiteg present mécht: Do wou Leit sech a sengem Numm versammelen, ass hie matzen ënnert hinnen. D'Massfeier ass en "Affer" an deem Sënn, datt et eng Vergéigewäertegung vum Affer vu Christus deemools duerstellt.
Opbau vun der Mass [änneren]
Erëffnung [änneren]
- Anzuch vun den Zelebranten a Ministranten (Massendénger), während dem Gesank vum Agankslidd (Introitus)
- Kräizzeechen, Begréissung an Aleedung
- Scholdbekenntnes a Gesank vum Kyrie (O)
- Gloria† (O)
- Dagesgebiet
Wuertgottesdéngscht [änneren]
- 1. Liesung
- Psalm
- 2. Liesung†
- Sequenz††
- Alleluja
- Evangelium
- Priedegt
- Glawensbekenntnis† (O)
- Fürbitten†
Eucharistiefeier [änneren]
- Offertorium (Preparatioun vu Brout a Wäin)
- Gowegebiet
- Prefatioun
- Sanctuslidd (O)
- Wandlung
- Eise Papp-Gebiet
- Agnus Dei-Lidd (O)
- Kommioun (Kommunioun)
- Schlussgebiet
Ofschloss [änneren]
- Segen
- Aussendung
- Auszuch
(O) dës Deeler gehéieren zum Ordinarium Missae, d. h. et handelt sech ëm Texter, déi an all Mass déiselwecht sinn, all déi aner Texter variéieren jee nom Dag vum Kierchejoer, dës gehéieren zum Proprium Missae.
†dës Deeler sinn just op Sonndeger a Festdeeg an der Mass; de Gloria entfält awer während dem Advent an der Faaschtenzäit.
††Sequenzen ginn et der (nach) 5: jee eng fir Ouschteren, Päischten, Erläichendag, Doudemassen an Notre Dame des Douleurs (15. September).
| Commons: Liturgy – Biller, Videoen oder Audiodateien |