Karl Marx

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Portrait vum Karl Marx vun 1875

De Karl Marx, gebuer de 5. Mee 1818 zu Tréier, a gestuerwen de 14. Mäerz 1883 zu London, war en däitsche Philosoph, Historiker, Economist, Journalist a Protagonist vun der internationaler Aarbechterbeweegung.

Dem Karl Marx seng Eltere koumen aus bekannte jiddesche Famillje mat engem grousse preiseschen Nationalhoufert.

1835 huet de Karl Marx zu Bonn Droit studéiert an ass 1836 op Berlin gaangen, wou hie Geschicht a Philosophie studéiert huet.

Hien huet sech kritesch mat de Schrëfte vum Georg Wilhelm Friedrich Hegel ausernanergesat, an huet sech scho mat knapps 20 Joer am Krees vun enger Grupp vu sougenannte Lénkshegelianer engagéiert, déi sech am Dokterklub zesummegedoen haten.

1842 gouf hie Chefredakter vun der Kölner Rheinischen Zeitung, déi duerch hien eng liberal-oppositionell Orientatioun krut, an déi 1843 wéinst engem polemischen Artikel géint en neit Gesetz huet missen zoumaachen.

1843 huet hie seng Jugendléift Jenny von Westphalen bestuet an hien ass op Paräis geplënnert. Do huet hie seng éischt sozialistesch Schrëfte verfaasst an de Friedrich Engels kennegeléiert. Dëse sollt him e gudde Frënd, Mataarbechter an Ënnerstëtzer a finanzieller Nout ginn.

1845 huet de Karl Marx Frankräich misse verloossen, an hien huet sech zu Bréissel néiergelooss. 1848 huet hien do zesumme mam Friedrich Engels fir de kommunistesche Bond d'Kommunistescht Manifest entworf. 1848 ass de Marx no dem Ausbroch vun der Februarrevolutioun iwwer Paräis op Köln gezunn. Hie gouf awer e Joer méi spéit nees ausgewisen an huet zu London eng permanent Residenz fonnt.

Zu London huet de Karl Marx, nieft honnerte vun Ofhandlungen an Zeitungsartikelen, 1864 déi Éischt International' matgegrënnt an 1867 den éischte Band vum "Kapital" geschriwwen.

1883 ass de Karl Marx zu London un enger Longekrankheet gestuerwen.

Editiounen[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Karl Marx – Biller, Videoen oder Audiodateien