Stroosseverkéier
De Stroosseverkéier ass den Transport op Stroosse vu Persounen oder Gidder.
Zur Infrastruktur vun dësem Verkéierssystem gehéieren nieft dem Stroossennetz och nach Vëlospisten, Trottoiren, Tankstatiounen a Parkplazen.
D'Verkéiersmëttel déi zur Auswiel sti sinn entweder net motoriséiert (Vëlo, Päerdskutsch, Rullstull, …) oder se si motoriséiert, woubäi een do nach tëscht Individualverkéier (Auto, Liwwerwon, Camion, …) an ëffentlechem Transport (Bus, Trolleybus, Sammeltaxi, …) ënnerscheet. Mee och ouni Verkéiersmëttel kann een als Foussgänger um Stroosseverkéier deelhuelen.
Zu Lëtzebuerg sinn d'Acteure vum Stroosseverkéier op staatlecher Säit ë. a. d'Administratioun vun de Ponts et Chaussées, d'Police, an d'Kontrollstatioun.
Verkéiersregelen zu Lëtzebuerg [änneren]
Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Code de la Route (Lëtzebuerg) ![]()
Verkéierssécherheet [änneren]
| Commons: Road transport – Biller, Videoen oder Audiodateien |