Totalitarismus

Vu Wikipedia

Ënner Totalitarismus versteet een de politesche System vun engem Regime, an deem am Prinzip nëmmen eng Partei besteet, oder wou eng Partei déi puer aner, déi nach zougelooss ginn, beherrscht, a wou alles (= d'Totalitéit -> Totalitarismus) vum dominante Parteiapparat bestëmmt a kontrolléiert gëtt.

An esou engem Régime sinn d'Politik, sämtlech Aspekter vum sozio-ëkonomesche Liewen, d'Informatioun (Propaganda), d'Arméi an all aner Sécherheetsorganer, den Enseignement, d'Kulturliewen, asw. komplett ënner der Kontroll vun der Parteibürokratie. Dozou kënnt, datt déi meescht totalitär Regimmer eng imperial Dimensioun hunn: se wëllen sech breet maachen, "Liewensraum" erueweren (Nationalsozialismus), "verluere" Gebidder "rëm"-kréien (italieenesche Faschismus) oder no an no d'ganz Mënscheet an engem eenzegen Ensembel vereenegen (Internationalismus oder Kommunismus).

Quasi ëmmer hunn déi totalitär Regimmer ee "staarke" Mann un hirer Spëtz, dee vun der Mass bewosst oder onbewosst als providenziell Figur betruecht gëtt oder muss ginn, an deen sech als "Führer" (Adolf Hitler), "Duce" (Benito Mussolini), "Grousse Steiermann" (Mao Zedong), "Conducator" (Nicolae Ceausescu), asw. bezeechne léisst. De Josef Stalin, dee sech gär als gudde "Väterchen" vun de Vëlker vun der Sowjetunioun feiere gelooss huet, a sech gläichzäiteg als Nofollger vun de grousse Figure vun der russescher Geschicht betrucht huet (Alexander Newski, Iwan IV., genannt "de Schrecklechen", Péiter de Groussen, Katharina II., Michail Ilarionowitsch Kutusow, Lenin..., war kloer ee vun de gréissten totalitäre Potentater.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]