Relioun vun de Kelten
D'Relioun vun de Kelten war ursprénglech déi animistesch-heednesch an naturbezunne Relioun vun deene Gruppen, Stämm a Clans, déi vun de Griichen allgemeng mat dem Sammelbegrëff Kelten, Celtoi edel an daper Mënsche, bezeechent goufen, an déi scho virun der Joerdausendwenn, an nach bis an d'Mëttelalter, op de briteschen Inselen, tëschent Gallien a Spuenien, an no Osten hi bis un d'Donau gelieft hunn.
Inhaltsverzeechnes |
Wie waren d'Kelten?[änneren]
Si selwer hu sech praktesch ni Kelte genannt:
1. well si sech net als Vollek oder Ethnie interpretéiert hunn
2. well de Begrëff "Kelten" bei hinne selwer allgemeng guer net bekannt war, héchstens vun e puer méi bereeste "Kelten".
Doduerch kann een och nëmme bedéngt vun enger "keltescher Relioun" schwätzen, mä éischter vun engem heednesch-druidesche Kult oder einfach vum Druidentum.
(n.b.: Datselwecht gëllt och fir d'Germanen an d'Skythen. Den Herodot seet eis, datt d'Griichen zu engem net genee festgehalene Moment dat deemolegt Europa an dräi Kinnekräicher (Zonen) agedeelt hunn: d'Kinnekräicher vun de Skythen, de Germanen an de Kelten. Zu där Zäit waren d'Nordvëlker nach sou gutt wéi onbekannt oder si goufe mat de Germanen an een Dëppe gehäit. Déi dräi Sammelbezeechnungen hunn d'Joerdausenden iwwerlieft. Mer wëssen haut awer, datt déi, déi mat deene Begrëffer geméngt waren, déi Bezeechnunge selwer guer net kannt hunn. Déi dräi genannte Gruppen hunn als homogen Vëlker ni existéiert, mä als Stämm oder Clans, déi sech selwer no Regiounen, no Lokalitéiten, no Mythen oder hiren Helde genannt hunn. Eleng d'Skythen haten honnerte verschidde Stämm, déi erëm ënneragedeelt waren, an alleguer méi oder wéineger autonom an och autark gelieft hunn.)
D'Kelte waren zwar keng homogen "Natioun", mä si haten eng gemeinsam Weltbetruechtung, déi duerch den Cäsar ënnert dem Numm Druidentum bekannt gouf. Haut gëtt am esotereschen Trend vun dem neien Druidentum och nach vum "ale Wee" (der alte Weg - the ancient way) geschwat.
Wéi eng Quelle gëtt et iwwert déi Relioun?[änneren]
Iwwer dat aalt, altertëmlecht Druidentum vu virun eiser Zäitrechnung bis ongeféier 400 no eiser Zäitrechnung ass ausser mytheschen Iwwerliwwerungen net vill bekannt, ergo nëmmen dat, wat mëndlech tradéiert gouf. De Kelten hir Priisteren, d'Druiden hunn, dat ass nach ëmmer ëmstridden, keng eenzeg schrëftlech Opzeechnung hannerlooss. Et gëtt zwar e puer Fragmenter oder a Steng geritzten Texter an der antiker Oghamschrëft, mä déi Zäitdokumenter hunn och no enger Iwwersetzung net vill Neies hierginn.
Iwwert d'keltesch Relioun ass deemno net vill Verléissleches bekannt. Wat awer opfält ass, datt déi Relioun no hire reliéisen Dignitaire genannt gouf (Druiden-tum) a keng Allusioun op d'Vollek opweist, dat se praktizéiert, wéi z. B. Chrëschten-tum oder Judden-tum. De Begrëff Kelten-tum u sech emräisst d'ganz Kultur vun de Kelten a gëllt net speziell fir hir Relioun. Datt se no den Druiden benannt gouf, ass dorop zréckzeféiren, datt en haaptamtleche Priister mat enger quasi onlimitéierter Muecht wéi en Druid bei de Réimer an de Griichen onbekannt war. Den Cäsar war déif beandrockt vun dem Afloss, deen déi keltesch Dignitairen op hir Matmënschen haten an huet sech dëse Faktor och zu Notze gemaach, fir Gallien net nëmmen occupéiren, mä och romaniséiren ze kënnen. Hien hat erkannt, datt mat dem Druid déi keltesch Gesellschaft steet oder fält. De Jean Markale bréngt et op eng Rei: " Ouni den Druid hätt et keng keltesch Gesellschaft ginn, mä ouni déi speziell keltesch Gesellschaftsform hätt et och keen Druid ginn" Den Druid esou wéi en duergestallt gëtt, huet an den antiken europäesche Relioune kee Pendant.
Dat Eenzegt wat mir iwwert den Druidentum wëssen, gouf eréischt no der Christianiséirung (-50 bis +400 n.e.Z) duerch déi (och nach net homogen) réimesch Poopstkierch vun hire Pateren, oder vu konvertéierten Druiden a Barden néiergeschriwwen. Do muss een awer betounen, datt déi Néierschrëfte vun den erzielten Iwwerliwwerungen erwisenermoossen net ëmmer ganz "texto" ausgefall sinn. Beim Liese mierkt een, datt verschidde Passagë bewosst "christianiséiert" goufen, oder datt Feeler beim Iwwersetzen aus dem Gäleschen, dem Brytoneschen (ursprénglech walisesch Sprooch) a besonnesch aus deene villen ireschen Dialekter entstane sinn. Do kommen nach déi Feeler dobäi, déi sech beim Interpretéire vu keltesch-mythologeschen Eegenheeten erageschlach hunn.
Ëm 830 n.e.Z., huet de chrëchtleschen, walisesche Pater Nennius als éischten eng Chronik opgestallt: "Historia Brittonum", Geschicht vun de Briten. Iwwert d'Gallier an d'Ire gëtt et mat Wëssen näischt Vergläichbares. Bei deenen Opzeechnungen ass wahrscheinlech villes ignoréiert oder och falsch interpretéiert ginn. Vun den Ire gëtt et nëmmen déi Geschicht vum Tuan MacCairill senge Metamorphosen, déi awer och erëm zevill mythesch a mystesch verfaasst ass, fir als Zäitdokument gëllen ze kënnen.
Eréischt zanter dem hl.Patrick (389-461), dem hl. Willibrord (658-739), dem hl. Colomba (521(?)-597), dem hl. Ninian (360-432) an dem hl. Kentingern (518-613) gëtt et schrëftlech Opzeechnungen an autobiographesch Notizen iwwert deene Missionaren hiert Liewen a Wierken, wouraus een och Réckschlëss op den deemolege Kulturstand vun de Kelten zéie kann. Ëm déi Zäit war och d'Christianiséirung an den Ae vun der réimecher Kierch ofgeschloss - offiziell um Enn vum 4. Jh., mä inoffiziell eigentlech ni. Déi meescht keltesch Briten, Iren a Gallier (och d'Germanen) haten - obwuel se sech zum Chrëschtentum bekannt haten - niewent der chrëchtlescher Relioun och nach hir al Mythen an Traditiounen oprecht gehal, an/oder mat der neier Relioun vermëscht. Dofir gouf méi spéit vun den éischten Historiker och vun enger "chrëchtlesch-keltescher Kierch" geschwat, déi sech praktesch a ganz Mëtteleuropa verbreet hat.
D'Réimer waren net bis Irland komm, sou datt do de Chrëschtentum e besse méi spéit eréischt, an haaptsächlech duerch den hl. Patrick (haut den Nationalhellege vun Irland) wierksam agefouert gouf.
Vun der irescher Variant vum Druidentum gëtt et ausser mythesch Iwwerliwwerungen an Erzielungen net vill, wat fir eng méi seriös Duerstellung ze gebrauchen ass. De Prinzip an de Pantheon ware méi oder wéineger déiselwecht wéi a Britannien, Gallien an och a Spuenien. Ëstlech am sougenannte Galatien goufen et e puer Ofwäichungen, well do den direkten Afloss vun anere Vëlker méi grouss war. Den Afloss op de mëttleren (Hallstatt-Zäit) a westlechen Deel (La-Tène Zäit) vun Europa, besonnesch laanscht d'atlantesch Küst war a reliéisen an a kulturellen Hisiichten souzesoen en Hannerland, an deem alles e besse méi spéit un d'Rulle koum wéi soss entzwousch. Den Norden (Wikinger, Da(e)nen asw.) gouf nach méi spéit eréischt erfaasst.
Philologesch war den Druidentum eng polytheistesch Weltbetruechtung a si ass besonnesch doduerch opgefall, well si eng Hellewull vu méi ewéi 400 Gëtter a Gëttinnen opzeweisen hat. Vun där Abberzuel Divinitéite sinn déi allermeescht haut guer net méi bekannt.
Well d'Réimer de Kelten hir Gëtterhierarchie ni richteg duerchkucke konnten, hu si iwwert de Wee vun der "Interpretatio Romana" de Kelten hir Gëtter romaniséiert. Datselwecht hunn och d'Griiche gemaach. Sou gouf aus dem kelteschen Teutates de réimesche Merkur, aus dem Cernunnos de Pluto, aus dem Grannu den Apollo oder aus dem Lenus de Mars asw. Si hunn domat einfach d'Aspekter vun de Gottheete matenee verglach a se gläichgestallt. Doraus si vill Mëssverständnisser entstan, déi haut nëmme méi schwéier erëm riichtzebéie sinn.
Déi keltesch Relioun hat eng Eegenaart, déi deenen anere Vëlker (ausser de Germanen, déi bal d'selwecht strukturéiert waren) ongewinnt war. Den Druidentum war reng mythologesch ugeluecht an huet d'Naturwiesen, d'Naturrecht, d'Gëtter, d'Mënschen, d'Déiren an déi organesch a mineralesch Ëmwelt enk matenee verbonnen, souzesoen ontrennbar aneneen agebonnen. Dat Sakraalt gouf vum Profane guer net getrennt. Béid Aspekter hunn zesummen déi keltesch Liewensbetruechtung an -astellung duergestallt. Als Ganzt huet sech de keltesche Glawen aus hirer astrologescher Siicht u Sonn- a Moundfester manifestéiert, dem sougenannte keltesche Joreskrees, an deem quasi alles integréiert war.
Obwuel si u vill Gëtter gegleeft hunn, haten d'Kelten iwwert allegueren nach ee méi héijen: den Ur-Druid. Dësen Ur-Druid stellt déi eng villfälteg an onnennbar Gottheet duer, déi vun Ufank un do war an déi ëmmer an Entwécklung bleift, also net definitiv ass, mä wandelbar. Zou dëser metaphysescher Ur-Gottheet huet sech eng méi naturorientéiert Gottheet gesellt: "Terra mater" oder "Magna mater" , d'Äerd als Mamm vun allen an allem. Déi zwou Divinitéite goufe symbolesch verbonnen an zesummegehale vun engem Bam, am Prinzip vun enger Eech (e wichtege keltesche Symbol), dem Liewensbam. Duerch hir Äscht huet si de metaphysechen Ur-Druid iwwert hire Stamm an hir Wuerzele mat der Erdmamm verbonnen: nom Prinzip "uewe wéi ënnen". Do ass en direkten Hiwäis op eng Trinitéit, déi een ënnert anerem souwuel an der aler Ur-Gnosis wéi och an der chrëschtlecher Relioun erëmbegéint.
Welten[änneren]
Bei hinne gouf et näischt, wat een direkt mat Himmel an Hell hätt vergläiche kënnen. Hir Sphäre waren anescht agedeelt an net esou polariséieret wéi am Chrëschtentum. Si haten eng "dëssäiteg Welt" an eng "déisäiteg Welt", mä déi zwou Welte waren net vunenee getrennt a stoungen och net an Oppositioun. Déi déisäiteg Welt war ëmmer present an der dëssäiteger Welt (an ëmgekéiert) An der Mythologie gëtt dat bildlech sou duergestallt, datt de Kelten hir Druiden, hir Helden a verdéngten Zaldoten zu jidder Moment konnten tëschent deene Welten hin an hier goen. Si hunn an der déisäiteger Welt geeschteg a kierperlech Kraaft recuperéiert a sech gerengegt, eng Aart vu Katharsis. (dat gëtt allegoresch duerch d'Seeche vum Gott Dagda verzielt, dee säi Besuch a senger déisäiteger Welt aus dem magesche Kessel vun den Thuata de Danann - e Kessel, deen ni eidel gouf - gefiddert huet), Seng Visiteuren hu sech mat alen, verstuerwene Frënn getraff, hu gefeiert a sech ameséiert. Den Doud war hinne praktesch onbekannt, op d'mannst hu s en net gefaart an als d'Enn vum Liewe verstan, well si dovunner ausgaange sinn, datt si no hirem Ausscheeden aus der dëser Welt an der anerer weidergelieft hunn. An deem Zesummenhank kurséiert nach ëmmer eng Diskussioun, ob een dat Weiderliewe mat Reinkarnatioun gläichstelle kéint, oder ob et eng spezifesch Eegenaart vum keltesche Glawen duerstellt.
(De Kelte gëtt am Zesummenhank mat hirer Relioun och de Glawen un d'Séilewanderung an un d'Reinkarnatioun nogesot. De Glawen un d'Séilewanderung geet aus hire Reesen an déi déisäiteg Welt ervir. De Glawen un d'Reinkarnatioun dogéint ass nach ëmmer Spekulatioun. Engersäits behaapten d'Unhänger vum Pithagoras (oder sengem Uerden) datt hien de Kelten de Gedanke vun der Reinkarnatioun vermëttelt hätt, anerersäits behaapte verschidde Fuerscher, datt d'Kelte bei hire Reesen an Iwwerfäll a Griicheland de Gedanke vun der Reinkarnatioun eréischt dohin exportéiert hätten an datt d'Schoul vum Pithagoras déi Iddi iwwerholl an ausgebaut hätt.)
Fir an hir déisäiteg Welt eranzekomme gouf et mystesch Portaler a Ritualer. Allgemeng gëtt gesot, dat deejéinegen, deen op déi aner Säit wiesselt, a senger lénkser Hand e sëlweren Dolch hale misst. D'Bedeitung vun dem Dolch an d'Betounung vum Metall sinn nach net gekläert. Fir an déi déisäiteg Welt eranzekommen, hu si missen duerch eng Paart goen (z. B.: Tir nan Og > "Tir" steet fir Agank, Paart, Portal asw.). Dem normale Stierfleche war déi Faveur awer nëmmen op Samhain (quasi Halloween) vergonnt. Op deem Dag konnte si sech mat de Geeschter (Sidhe) austauschen.
Deen Austausch goung der Iwwerliwwerung no ëmmer frëndlech hier. Eréischt no der Wierkung vun der Christianiséierung an enger méiglecherweis pejorativer Iwwersetzung, resp. Interpretatioun vun deem sakralen Aspekt, kruten déi keltesch Geeschter (urprénglech déi verbannten Nokomme vun den Thuata de Danann, piktesch, schottesch, walisesch a bretonesch Korrigans, Gnomen, Zwergen, Wiichtel, Leprechauns asw.) eng negativ Konnotatioun als "Dämonen", déi dem Mënsch nëmme schueden a Schlechtes wëllen. Déi Geeschter géifen d'Mënsche verzauberen, verfluchen a si géife kleng Kanner friessen. Heiandsdo hunn d'Geeschter de Mënschen och e Kuckucksee ënnergejubelt, andeems se eent vun hire Been mat engem mënschleche vertosch hunn, fir doduerch de Geeschter hiert Iwwerliewen an der Gesellschaft ze garantéieren. Do kënnt och de Begrëff "Wechselbalg" hier.
E puer vun deene mythologesch-mystesche Portaler solle sech zum Beispill zu Newgrange (Brugh na Boine) bei Dublin, am Killarney Naturpark (the breasts of Dana) , zu Stonehenge (wat guer net vun druidesch-kelteschem Urspronk ass), zu Carnac an Loc Mariakerk an der Bretagne a besonnesch zu Glastonbury/Wales (de mythologeschen Agank vun Avalon) befannen. Aner déisäiteg Welten hunn d'Kelten ënnert d'Mier an op Insele gesat, wou entweder d'Helden a d'Gëtter oder schéi Fraen a Männer sech zréckgezunn hunn. (Insel vun der Freed, Insel vun de Fraen asw.) Déi eenzeg vun engem griicheschen Auteur festgehale keltesch Seechen iwwert d'Welte vun de Kelten erzielt, datt ee vun hire ganz ale Gëtter - de Bran - vu sengem Bouf op esou eng Insel an eng Hiel verbannt gouf, wou hie ganz eleng weidergelieft soll hunn. Déi Insel ass der Beschreiwung no mat dem haitege Grönland identifizéiert ginn. Dat seet net vill iwwer déi déisäiteg Welt aus, mä et bestätegt, datt d'Kelten zumindest schonn eng Anung vu Land hannert dem Mier haten.
Druiden[änneren]
Dat wat haut iwwert den ursprénglechen Druidentum an hir Priisterkast bekannt ass, hu mir also aus zweeter, heiandsdo souguer nëmmen aus drëtter Hand. Dat Meescht hu mer et vum Ceasar selwer an aus e puer griichesch Texter, déi an hiren Aussoen dem Ceasar sengen zimlech ähnlech sinn.
Deene Leit hiren Opzeechnunge no, hätten d'Kelten eng eise Regel gehat, nämlech näischt a geschriwwener Form fest ze halen. Dat hätt besonnesch fir d'Mythen, d'Ritualer, d'Kulter an hir Wëssenschafte gegollt. Déi reliéis Léier (déi all déi Themeberäicher a sech vereent huet) wier nëmme mëndlech vum Priister op säin Elève vermëttelt ginn. Den Ceasar schreift, dat dës Ausbildung zum Druid bis zu zwanzeg Joer dauere konnt a praktesch all Wëssenschafte vun där Zäit begraff hätt.
Wann et keng schrëftlech Opzeechnunge iwwer dat Sakraalt gëtt, heescht dat net, dat d'Kelten net hätte schreiwen a liese kënnen. Iwwert hiren Handel hu si z. B. zimlech genee Buch gefouert. Dofir hu se d'Oghamschrëft an donieft och nach d'griichesch Sprooch benotzt. Laténgesch Opzeechnunge sinn éischter rar an d'Runeschrëft hu si mat Wëssen net applizéiert.
Ënner sech hunn déi deemoleg Druide sech op regelméissege Meetingen an dem bis haut nach net prezis lokaliséierte "Carnutebësch" ausgetosch, wou se och Gesetzer a Regele, medezinesch an dogmatesch Directiven a politesch Moossname festgeluecht hunn. Op esou Treffen sollen och nei Druiden ernannt gi sinn. Wou dee Bësch geleen huet an op et hien iwwerhaapt als Bësch ginn ass, am net nëmmen als allgemenge Synonym fir en Druidemeeting ze verstoen ass, ass bis haut net gewosst. Déi eng behaapten, e wier irgendwou an der Bretagne. Anerer mengen, e wier op der Insel Mona op der Küst vun Nord-Wales (Insel Man). Do huet erwisenermoossen eng Druideschoul an en Austauschzenter funktionéiert, déi entweder vu réimesche oder piktesch-schottesche Marodeuren an den éischte Joerhonnerte vun eiser Zäitrechnung zerstéiert goufen.
D'Leedung vun der Relioun an och der Politik tëschent de Stämm a Clans war d'Aufgab vum Druid. Den Druid gouf vum Ceasar als Priister identifizéiert (sacerdotes) mä dee Begrëff kënnt der Aufgab an der Muecht vum Druid net no genuch. Déi keltesch Druide waren net nëmme Priisteren (Kleriker, Paschtéier oder Kapléin), well si e vill méi groussen Aflossberäich an Impakt op hir Leit haten wéi hir chrëchtlesch Pendanën op d'Chrëschten. Den Druid huet wuel de sakralen Deel vum Liewe geregelt an iwwerwaacht, mä domat war et net genuch. Hien eleng konnt entscheeden, vermëttelen a Recht spriechen. Souguer de Kinnek vun engem Stamm huet op enger Reunioun oder enger Proklamatioun net dierfe schwätzen, ier den Druid dat éischt Wuert hat. Bei Problemer an der Gesellschaft (Stamm, Clan) ass den Druid als Schlichter opgetrueden oder en huet ënnersicht an eventuell en Uertel gesprach. An oder virun enger Schluecht hat den Druid dat lescht Wuert a war den taktesche Krichsberoder vum Kinnek. Beim Ceasar heescht et souguer, datt een Druid amstand war, tëschent zwou Arméien zu trieden an d'Schluecht op der Minutt ze stoppen. Den Druid huet an d'Zukunft gekuckt, aus de Stäre gelies an den agrartechnesche Kalenner opgestallt. Den Druid war net seelen och en erfuerene Kämpfer an e Waffespezialist. Ähnlech geeschtlech Disziplinne gouf et och an vereenzelte chrëschtleche Uerden, z. B. zu Cluny.
Bei den Druiden huet et sech ëm eng "geeschteg Elite" gehandelt, déi eng zimlech wäit gestreet Muecht hat. Si waren - sou d'Definitioun vum Druid - mat alle gëttleche Kënschte bekannt a vertraut, hu mat de Gëtter kommunizéiert a souzesoen als Vermëttler vum gëttleche Wonsch oder Uerder fungéiert. Deeselwechten Usaatz fënnt een och am fernöstlesche Schamanimus. De Réimer an de Griiche war dës Form vu Priistertum friem, well si an hirer Relioun keng haaptamtlech Priistere kannt hunn.
All Clan oder gréissere Stamm hat een oder e puer Druiden, déi verschidden Aufgaben erfëllt hunn (z. B. Riichter, Heeler, Beroder, Schoulmeeschter, Prophet ...) D'Fra gouf bei de Kelten héich geuecht, sou datt et erwiseneremoossen och weiblech Druide gouf. Vun hirem Aufgabebräich hier, kéint een se mat deene fréie kaukasesche Schamanen vergläichen. Et gi mythologesch, archeologesch an historesch Indicen, datt den Druidentum duerch Wanderungen an Assimiléirung vun de Skythen hirem Glawen an deenen hire Schamanen staark beaflosst gouf.
Beim Goeffrey Ashe ass nozeliesen, dat e gewësse Perkins no enger Rees an de Kaukasus verzielt huet, dat hien do mat hellege Männer (Schamanen) geschwat hätt. Si hätten him erkläert, dat den Druidentum eigentlech eng verfeinert Variant vum kaukaseschen Schamanismus wier. Op de Wanderunge vun de Skythen, de Sarmaten, den Dorier an de Kimmerer ëm 2000 v.e.Z. wier "d'Shambala" (déi helleg Weisheet) no Westen exportéiert ginn, an hätt am Druidntum vun de Kelten eng europäesch Fassung erlieft. Dës Theorie gëtt duerch archeologesch Entdeckungen a reliounsphilosphesch Vergläicher ënnerstëtzt.
Merlin[änneren]
An der keltescher Mythologie kurséire vill Nimm vun Druiden. Vun deenen alleguer sinn der awer nëmmen e puer historesch beluecht. Deen, deen haut nach am beschte bekannt ass, war de Merlin, oder op Walisesch "Myrddin". Zwar ass hien am beschten bekannt, mä a Wierklechkeet gouf et hie guer net. De Merlin ass erwisenermoossen eng literaresch Kreatioun, also eng erfonnte Figur, déi op e gewësse Geoffrey of Monmouth zréckzeféiren ass. A senger "Prophetia Anglicana Merlini" (1134) huet de Monmnouth de Merlin souzesoen agefouert an e puer Joer méi spéit a senger "Historia Regum Britannae" (1138) huet en dem Artus de Merlin als Mentor un d'Säit gestallt. Hien huet sech dofiir un ale Seeërcher an Iwwerliwwerungen orientéiert. Béid, de Merlin an den Artus an déi ganz Tafelronn, sinn dichteresch Kreatiounen, déi aus historesche Versatzstécker, aus mythologeschen Iwwerliwwerungen an aus der perséinlecher Phanatasie vum Monmouth an duerno vun aneren Dichter (Lord Tennyson, Wace, Malory z. B.) zesummegesat, ausgebaut a subliméiert goufen.
Historesch beluecht sinn dogéint awer den ireschen Druid Cathbad (aus dem Kinnekräich Ulster a Papp vum Kinnek Conchobar McNessa), méi oder wéineger och de spueneschen Druid Amergin McMiled (den d'Invasioun vun den éischte keltesch geprägten Mënschen an Irland, e puer honnert Joer virun eiser Zäitrechnung ugefouert huet) den Druid Aneirin (541- ?), den Talhearn, Bluchbearth, Cian esou wéi de Bard Taliesin, déi zur selwechter Zäit (tëschent +- 500 a 600 n.e.Z.) tëschent Nord-Wales an dem Firth of Forth bei hire Kinneken am Déngscht stoungen. Vum Aneirin an dem Taliesin ginn et nach erhale schrëftlech Opzeechnungen. Zu där Zäit - do war Europa scho christianiséiert - haten d'Druiden hire Status als héchst keltesch Instanz schonn agebéisst an déi meescht ware konvertéiert a goufen vum neie Regime als "filidh" offiziell mat kulturellen, erzéiereschen a literareschen Aufgaben, mä inofiziell och nach mat typesch druidesche Missioune betreit (dat war ee vun deene besonneschen Aspekter, deen d'réimesch-keltesch Kierch ausgemaach huet). A Gallien sinn e puer Druiden historesch beluecht, ënnert anerem deen, deen de Vercingétorix bei senger finaler Schluecht géint d'Réimer beroden - e puer Hitoriker mengen - verroden huet.
Verännerung[änneren]
Den Iwwergank vun der animistesch an naturverbonnener, heednescher Relioun an d'Chrëschtentum ass op d'mannst a Britanien an Irland ouni Bluttvergéisse geschitt. Déi gallesch, britesch an iresch oder gälesch Kelten haten, wéi et schéngt, keng grouss Problemer fir de Spronk vun hirer op déi aner Relioun ze maachen, ouni doduerch op e groussen Deel vun hiren eegenen Traditiounen verzichten ze mussen. Dat louch méiglecherweis dorunner, datt déi réimesch Kierch sech méi am Hannergronn gehal huet, an d'Bekéierung vun den Heeden hire keltesch ofstämmege chrëschtlesche Bëscheef iwwerlooss huet. Dobäi sollten déi lokal a regional Eegenheete repektéiert ginn. Den hl. Augustinus (354-430), Bëschof vun Hippo Regius, huet drop bestanen, dat baussenzegt Sakraalt (rituell Gebaier an helleg Plazen) an d'keltesch Dignitairen an déi jesuitesch Weltbetruechtung mat anzebezéien. Hie sot:
"Loosst eis hir Ariichtungen net zerstéieren, mä eisem Här, dem Jesus weien".
Déi eenzeg Konzessioun, déi d'Kelten hu missen akzeptéieren war d'Personifikatioun vum Däiwel als dat Béist. Den Däiwel, oder e Synonym dofir, gouf et virdrun an der keltescher Relioun net.
Wann een haut e groussen Deel vun eise Feierdeeg, grousse Festdeeg a Joreszäite méi genee ënnersicht an och aner al Traditioune mat der Lupp kuckt, fënnt een eraus, datt Villes dovunner nach op ural keltesch a germanesch Bräicher zréckzeféieren ass, déi am Laf vun der reliéiser Verännerung a Mëtteleuropa vum Chrëschtentum assimiléiert goufen. Beispiller: Samhain > Halloween > Allerséilen/Allerhellgen - Summersonnewend a Wantersonnewend > Ouschteren a Chrëschtdag an aner besonnesch Deeg oder Joreszäiten. Duerch Kalennerännerunge stëmmen zwar déi Datume vun de Kelten net méi sou genee mat eisen iwwerteneen, mä den Zesummenhank ass nach gutt z'erkennen.
Den neien Druidentum[änneren]
Nodeem déi chrëschtlech Relioun sech an Europa och als Kierch méi oder wéineger fest installéiert hat, gouf et ronderëm den Druidentum roueg. Tëschent dem 8. an dem 17. Jh. huet bal kee Mënsch méi dovunner geschwat.
Dofir hat awer an der Kierch der Däiwel d'Box un an d'Groussinquisitioun war op der Sich no Hexen, Ketzer an Däiwelsdénger. Am 14. Jh. koum de grousse Chisma, un deem d'kathoulesch Kierch op een Hoer zerbrach wier.
Den da Vinci huet de Mënsch dat dräidimensionalt Kucke geléiert a queesch duerch Europa si geheim Loge wéi Onkraut aus dem Buedem geschoss. De Luther huet seng Thesen op d'Kierchepaart geneelt a verschidde geheim Uerden, wéi beispillsweis d'Illuminaten an d'Rousekräizer goufe verbueden. D'Fräimaurer hate sech zu engem gudden Deel nach mat Zäit no England a Schottland ofgesat. Do goufe si a Rou gelooss an hate genuch Zäit fir sech vun der Klappjuegd um Kontinent erëm ze erhuelen.
England hat sech aus der Hetz um Festland erausgehal an huet de Loge fräie Raum gelooss, fir sech z'installéiren a weider z'entwéckelen.
Et ass haaptsächlech op de Reverend Stuckeley (1687-1765) zréck ze féieren, datt am 18. Joerhonnert. matzen an der Reformatiounszäit déi éischt Druideloge gegrënnt gouf. De Stuckeley war schonn deemools geuecht fir seng Ausmiessungen zu Stonehenge a seng Theorien iwwer d'Entstoe vun deene monumentale Steereien. Hien huet quasi de Grondstee fir en neien Druidentum a gläichzäiteg och fir en neien Heedentum geluecht.
Druidenuerden[änneren]
Den 22. September 1717 ass zu London op Primerose Hill den éischten Druidenuerde mam Numm "Druid Order" vum ireschstämmege Philosoph a Fräidenker John Toland(1669/70-1722) zesumme mat dem Reverend William Stuckeley an d'Liewe geruff ginn. Am Ufank war deen Uerde reng esoteresch orientéiert an ass dobaussen duerch e staarke Protestcharakter opgefall. Méi spéit ass en awer lues a lues duerch anglikaneschen Afloss ëmgeformt ginn.
Offiziell Schrëftstécker ginn et keng, oder se si verluer gaangen, vläicht awer och zerstéiert oder verstoppt ginn. Jiddefalls si se aus dem engen oder anere Grond net ze konsultéieren.
Aus de Statute vum däneschen Druidenuerden "Order Terra" geet awer ervir, datt deen Uerden nom Ideal vum Toland an unhand vun den Archiver vum Stuckeley opgebaut gouf. Déi Archiven, déi genannt ginn, stamen aus griicheschen, arabeschen, asiateschen an indesche Quellen an aus Extraiten aus der Fuggerbibliothéik. Op den éischte Bléck kéint een nawell mengen, datt deen Archiv net vill mat der Druiderelioun ze dinn hätt.
Den däitschen Druidenuerden (Deutscher Druiden Orden DDO) berifft sech op en anere Stammuerden, deen och zu London, an zwar den 29. Oktober 1781 am Café "Kings Arms" an der Poland street deklaréiert gouf. De Grënner war den Henry Hurle, iwwer deen awer kaum Informatiounen ze fanne sinn. Hien huet säin Uerden "Ancient Order of Druids" gedeeft.
Deen Uerde war ganz staark fräimaureresch ausgeriicht an hat a senge Statuten och mutuell Hëllef an eng Aart vu Sozialvirsuerg fir seng Memberen ageschriwwen. An dësem an och am "Druid Order" war den engleschen Dichter William Blake als Member ageschriwwen.
Am 18. Jh. war Héichkultur fir Druidenuerden. 1792 um 29. Oktober – pünktlech op d'Summersonnewend – huet de Waliser Edward Williams, alias Jolo Morganwg (1747-1822), seng "Gorsedd" (Versammlung vun Druiden a Barden) gegrënnt.
Deen 3. Uerden huet sech mat der Zäit zu enger offizieller Druideformatioun entwéckelt. Déi franséisch "Fraternité des Druides, Bardes et Ovates de Bretagne" (kee richtegen Uerden, mä éischter eng Intressegemeinschaft) huet sech der Gorsedd ugeschloss. Et huet sech awer erausgestallt, datt de Bretonen hir Intressien éischter bretonesch-nationalistesch orientéiert waren, an net druidesch oder rituell-reliéis.
Et war och aussergewéinlech, datt an der Gorsedd – déi jo eng druidesch Formatioun duergestallt huet - jidderee sech zu senger eegener Relioun bekenne konnt.
No enger gewësser Ulafzäit huet sech deen Uerden dann an e Fuerschungsveräin um Gebitt vum keltesche Wëssen ëminterpretéiert.
Nei Druiden[änneren]
No dem wichtege Joerhonnert war et erëm eng Zäit roueg, bis sech an der Mëtt vum 19. Jh. erëm hei an do eppes beweegt huet. Déi éischt Druidenuerde sinn an Amerika gegrënnt ginn an e puer dovu si scho kuerz no der Grënnung erëm agaangen. Déi meescht dovu waren Ofleeër vu fräimaurereschen Uerden an haten éischter eng nostalgesch-romantesch Ausriichtung. Déi nei druidesch Entwécklung hat demarréiert a war net méi opzehalen.
Während dem Zweete Weltkrich goufen all Uerden, déi net dem haarde Kär vun Thule verbonne waren, verbueden. Nom Krich ass et nëmme lues erëm biergop gaang.
Ëm 1970 huet dunn eng nei Stréimung Buedem gefaasst, déi sech synchron mat der New Age Bewegung, dem esotereschen Trend an deem deemools neie "gréngen Denke" weiderentwéckelt huet.
An England an Däitschland si bal zur selwechter Zäit, an der Mëtt vun de 90er Joren, kleng Druidenhainer mat e puer Memberen an engem selwer ernannten Druid entstan. Déi hu sech als nei Heeden proklaméiert, déi nom ale keltesche Wee géinge liewen. Gläichzäiteg ass de Grondsteen vun der Wikka-bewegung geluecht ginn a vill Fraen hu sech op eemol ëffentlech als Hex ze erkenne ginn. Och déi germanesch an nordesch Variante vum neien Heedentum entstoungen zu där Zäit. De Begrëff "Schaman" ass erëm opgedaucht an eng Hellewull vu Bicher iwwer dës speziell Themen huet dunn och de Bichermaart regelrecht iwwerschwemmt. Mam Internet koumen déi éischt Foren, op deene sech déi nei Druiden (Neo-Druiden) an déi nei Heeden ausgetosch an diskutéiert, awer och no alle Regeln vun der Konscht verbal d'Käpp ageschloen hunn.
E puer vun den Hainen hu sech e relativen Numm gemaach an d'Memberzuel ass an d'Luucht gaang. Ënnert der Féierung vun hirem Druid goufe Coursen ugebuede fir e richtegen Heed ze ginn a géint Bezuelen och eng Ausbildung zum Druid oder God (e God - op däitsch "Gode" – ass souzesoen de germanesche Pendant zum Druid). E puer vun den Druidenhainen hunn awer och en opfalend däitleche Sektecharakter entwéckelt, sou datt d'Uerdnungskräften op de Plang geruff goufen a verschidden Druidenhainer méi genee ënnert d'Lupp geholl hunn.
A leschter Zäit schléisse sech ëmmer méi Druidenhainer engem oder e puer vun den internationalen Druidenuerden un, sou datt sech lues a lues en internationaalt Netz entwéckele kéint.
Obwuel sech déi nei Heeden an Druide vun den Aktivitéiten an der Gesënnung vun de Neo-Nazien an aner faschistoide Fanatiker streng distanzéieren, kënne si net ofstreiden, datt hir Grondastellung als Heed forcément buedemstänneg ass. Wann een da méi genee hikuckt, kéint een nawell mengen, Verschiddener vun hinne géifen heemlech awer nach der vergaangener Blutt-a-Buedem-Mystik notraueren. Do dauche geleeëntlech nach sou mëssverstane Begrëffer wéi "rengrassesch" oder "aresch" op, ouni datt si domat awer bestëmmte Riminiszenzen duerchblécke loossen.
Si bieden erëm déi al Gëtter un a feieren déi al Fester. Si gi sech betount kannerfrëndlech a vertrieden d'Iddi vun der Groussfamill oder dem Clan an dem Stamm. Si liewen an hirem Glawen erëm op hirem "eegene Buedem". E puer versichen, souwäit wéi et méiglech ass, no deenen alen Traditiounen ze liewen an déi nei Erungeschaften dodran anzebannen. Vereenzelter kleede sech ganz bewosst no der Moud, wéi se iwwert d'Kelten an d'Germanen iwwerliwwert gouf. Et kënnt och ëmmer méi op, datt sech jonk Koppelen no kelteschem oder germaneschem Ritual bestueden. Déi meescht vun hinne weisen alles zréck, wat net heednesch ass a sti mat der Kierch a kengem ganz gudde Verhältnes.
Wann een déi nei Druide freet, wou se dann d'Grondlag fir hire Glawen hier hunn, beruffe se sech normalerweis op den ale Wee a seng okkult a mythesch Indikatiounen. Jidderee vun hinnen ass iwwerzeegt, datt hien den eenzegen a leschten Ierwe vun der mëndlech tradéierter Druidentraditioun ass. Et fënnt een awer séier eraus, datt se mat der tradéierter Druidentraditioun net alleguer ëmmer datselwecht mengen.
Well mer jo wëssen, datt déi al keltesch Druiden eis praktesch näischt Schrëftleches hannerlooss hunn, däerf ee sech froen, wou déi nei Druiden dann hir "al Weisungen" hierkréien. Och wa si sech dorop beruffen, dat lescht Glidd an enger Kette vu mëndlech iwwerliwwerter Traditioun ze sinn, sou kënne si per definitionem dat, wat si behaapten, net beweisen.
Literatur[änneren]
Zäitgenëssesch Literatur[änneren]
- Geoffrey Ashe:: Mythology of the British Isles. London 1990
- Geoffrey Ashe: The discovery of King Arthur. London 1992
- Renate Brendel (Hrsg.): Keltische Sagen aus dem alten Irland. Wiesbaden 1984
- David Chauvel:Myrddin, Paris 1999
- Ingeborg Clarus: Die Keltischen Mythen. Düsseldorf 2005
- Barry Cunliffe: Die Kelten und ihre Geschichte München 2004
- Jean-Luc Istin: Merlin, Paris 2000
- Jean Markale: Druiden. Augsburg 1995
- Jean Markale: Die keltische Frau. München 1985
- Jean Markale: Le Christianisme celtique. Paris 1983
- Hans-Joachim Zillmer: Kolumbus kam als letzter. München 2004
- Maitland A. Edey: Anfänge des Seehandels. Amsterdam 1974
- Maitland A. Edey: Lucy. NewYork 1970 (zesumme mat dem Donald Johanson)
- Angus Konstam: Die Kelten. Wien 2005
- Janine Fries-Knoblach: Die Kelten - Stuttgart 2002
- Duncan Norton-Taylor: Die Kelten. Amsterdam 1974
- Sylvia & Paul Botheroyd: Keltische Mythologie von A-Z. München 1991
- Anne Ross: Pagan Celtic Britain. London 1974
- Time Life: Mystische Stätten. Amsterdam 1988
- Frank Trippett: Die ersten Reitervölker. Amsterdam 1974
- Robert Wernick: Steinerne Zeugen früher Kulturen. Amsterdam 1973
- Stefan Zimmer: Die Kelten. Mythos und Wirklichkeit. Stuttgart 2004
- Helmut Birkhan: Kelten. 2. Aplo. Wien 1997
- Ursula Clemen/Kurt Schier (Ed.): Irische Märchen: München 1971
- Joseph Chardronnet: Histoire de Bretagne. Paris 1977
- Martin Kuckenburg: Die Kelten in Mitteleuropa. Stuttgart 2004
- Lancelot Lengyel: Das geheime Wissen der Kelten. Freiburg.i.B. 1976
- Hans Jonas: Gnosis - Frankfurt/a/M 1999
- Hans Leisegang: Gnosis - Stuttgart 1955
- Jean Gebser: Ursprung und Gegenwart - Schaffhausen 1986
Literatur aus der Antikitéit[änneren]
- Caesar: Der gallische Krieg (De Bello Gallico) Köln 2005
- Geoffrey of Monmouth: Historia Regum Britanniae, (lat.) London 1929
- Geoffrey of Monmouth: Vita Merlini - (dt.), Amsterdam 1978
- Chrétien de Troyes: Le Chevalier au Lion/Yvain - Paris 1960
- Chrétien de Troyes: Le Roman de Perceval/Le Conte du Graal - Genf 1959
- Thomas Malory: Koenig Artus, Leipzig 1977
- Strabo: Geographica, Wiesbaden 2005
- Herodot: 9 Bücher zur Geschichte, Wiesbaden 2004
Um Spaweck[änneren]
| Commons: Relioun vun de Kelten – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Timeless Myths - http://www.timelessmyths.com/
Dr. Raimund Karl - http://www.univie.ac.at/alte-geschichte/PublKarl
Dr. Raimund Karl - http://www.univie.ac.at/indogermanistik/
Tapestry - http://www.danann.org/
Celtic Art and Culture - http://www.unc.edu/celtic/
Miss Gien - http://www.missgien.net/celtic/gododdin/index.html
Uni Bochum - http://www.astro.ruhr-uni-bochum.de/nielbock/history/SOFI/node5.html
Uni Bremen - http://www.informatik.uni-bremen.de/~rupp/Mythologie/
Uni Wien - http://www.univie.ac.at/keltologie/