Diskussioun:Relioun vun de Kelten

Inhalter vun der Säit ginn an anere Sproochen net ënnerstëtzt.
Vu Wikipedia

Sollt een deen Artikel net léiwer "Druid" oder "Druidentum" nennen? --Otets 23:20, 16. Okt 2008 (UTC)

Dann éischter "Druidentum", well dat den unerkannte an och geleefege Numm fir déi Weltbetruechtung as, a well op der "Reliounssäit" de Begrëff och als Link ugin as. Ofgesin dovun as et bis elo mol e Brouillon an et kennt nach e Kapitel iwert de neien Druidentum zanter der Reformatiounszäit dobei (Neo-Druiden).Ech wärd dat Ganzt och nach ennerdeelen, Teschentitelen asetzen a Literaturquellen noreechen.Azeton 05:15, 17. Okt 2008 (UTC)

Gutt, ech réckelen den Artikel dann elo op Druidentum. --Otets 11:41, 20. Okt 2008 (UTC)

Wann ech esou iwwer den Text kucken mierken ech dass dee méi oder wéineger wuertwiertlech aus dem Däitschen iwwersat ass. Dat ass u sech kee Probleem mee an deem Fall muss de Auteur seng Quellen uginn. --Pecalux 09:23, 17. Okt 2008 (UTC)

Alles mat der Rou[Quelltext änneren]

T´Informatiounen kënnen nëmmen aus enger aanerer Sprooch hierstaamen, resp. d´Basisinformatioune kënnen nëmmen aus auslännesche Quellen staamen, well et am Lëtzebuergeschen keng vergläichbar Texter get, déi ee gebrauche kënnt an déi esouvill Donnéen opzeweisen hätten. Ofgesin dovunner hun ech uewendriwer schon deelweis (am Viiraus) op deng Bemierkungen geäntwert. Kee Streß wgl!Azeton 10:02, 17. Okt 2008 (UTC)

(édit) t´Quellen stin elo dran, fir t´Gemitter ze berouegen.

Iwwerschaffen?[Quelltext änneren]

Eng IP fënnt den Artikel misst iwwerschafft ginn. Wisou schreift se eis awer net dohinner. Wann och keen aneren e spezielle Grond gesäit, da géif ech virschloen déi Schabloun nees aus dem Artikel ze huelen. --Otets 11:03, 20. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]

Trotz menge schlechten Aen, gesinn ech op d'mannst 4 Ursaache firwat misst iwwerschafft ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 11:13, 20. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]
Hm, do sinn net extra vill Wikilinken dran. Dat kéint eng Ursaach sinn. Op den Artikel ënnert dem Lemma "Druidentum" besser do steng an op den Abschnitt "Wee waren d'Kelten" net mat engem aneren Titel den hors sujet evitéiere kéint, dat si just Spekulatioune vu menger Säit. Mee esouguer da wär ech just bei dräi. Wat ass dann elo d'Opléisung (well ouni déi ass schwéier Fortgank an den Artikel ze kréien)? --Otets 12:45, 20. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech hunn elo mol ee Abschnitt erausgehäit well mer doriwwer en Artikel hunn. Duerno goufen d'Interwikie verbessert fir datt mer mol op de richtege Gued an den anere Wikie kommen. Eng Véiert Uraach gesinn ech an der Tatsaach dat en etlech Fomuléierunge ganz schlecht sinn, an eng fënneft datt d'Definitioun miserabel ass. --Les Meloures (Diskussioun) 13:06, 20. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech hunn och e bëssen dra gepiddelt, hoffen et ass lit besser ginn. E Spoiler dee mam Läschen dreet halen ech awer op d'mannst elo fir iwwerdriwwen. --Otets 14:23, 20. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]
Mol en aneren dra gesat. Do hat een ons en décke Batz zimmlech onorganiséiert dragetässelt an duerno net méi vill gemaach. Do wäerte mer nach e gudde Strapp drun ze knaen hunn. Wat reng d'Druiden ugeet proposéieren ech fir déi auszebauen an en eegenen Artikel unzeleeën oder wat mengst du. --81.242.189.241 14:51, 20. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]
Ech huelen emol einfach un datt déi IP den ausgeloggte Les Meloures ass)) Dee Spoiler gefält mer besser, Merci! Wosst net datt mer esou nuanceräicher hätten. Wat elo d'Druiden ugeet, do hues de wuel prinzipiell Recht, just da bleift net vill vum ursprénglechen Artikel, well den Azeton déi keltesch Relioun(sausrichtungen) haaptsächlech iwwert de Wee vum d'Druidentum erkläert. Op der de-wiki hu se zwar grad wéi bei eis d'Mythologie ausgelagert, mee si konzentréiere sech virun allem op Kultpraktiken a Kultplazen (vun deene mär net esou vill soen), a si hunn d'Druide just als Institutioun ugeschnidden. Et gesäit een et jo och am Ufank, de Lemma ass u sech méi richteg "Druidentum". Et muss een elo kucke wou méi Text (an domat Historique dee matzehuele wier) ass. Entweder den Artikel op "Druidentum" réckelen an d'Reliounssaachen eraushuelen an en neien Artikel doriwwer man, oder d'Druiden auslageren a se hei am Artikel frësch a just als Institutioun behandelen. --Otets 20. Sep. 2013 (UTC)
Salut, ech géif emol an éischter Linn Druiden an de Merlin an zwéi separaten Artikele behandelen. An da gesi mer scho besser wat Rescht bleift an den Ëmbau gëtt méi einfach. Fir haut ass awer bei mir de Buttek zou. --Les Meloures (Diskussioun) 17:41, 20. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]

Gutt, ech gi mech dann do drun. --Otets 09:32, 23. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]
Et ass geschitt. Soll nach eppes ëmgebaut ginn, oder kéint een dat elo esou stoe loossen? --Otets 16:03, 23. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]

Moien,
Gutt Aarbecht. Ech hat nach keng Zäit fir mer et elo méi genee unzekucken. Mä mat denger Viraarbecht misst dat elo méi einfach ginn. --Les Meloures (Diskussioun) 17:26, 23. Sep. 2013 (UTC)[äntweren]