Moldawesch

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
Moldawesch (Limba moldovenească)
Gëtt geschwat an : Moldawien, Ukrain, Rumänien
Regioun : Europa
Gëtt geschwat vun: ronn 2,5 Millounen a Moldawien
Klassement : ?
Klassifikatioun no Famill : Indogermanesch
Offizielle Status
Offiziell Sprooch vun : Moldawien
Reglementéiert vun : Wëssenschaftsakademie vu Moldawien (fir dat Rumänescht)
Sproochcoden
ISO 639-1 mo
ISO 639-2 mo1
ISO 639-3 {{{iso3}}}
SIL /

Moldawesch (Laténgescht Alphabet: limba moldovenească, Kyrillescht Alphabet: лимба молдовеняскэ) ass déi offiziell Sprooch a Moldawien, sou wéi se do an der Konstitutioun steet.

Déi meeschte Linguiste gesinn dat Moldawescht awer net als Sprooch, mä just als Dialekt vum Rumäneschen. Anerer dogéint plädéieren fir de Statut vun enger richteger Sprooch, well am Moldawesche vill Aflëss vum Russeschen ze fanne sinn, wat bäim Standardrumänesch guer net de Fall ass. D'Bezeechnung Kulturdialekt trëfft et an dësem Fall wuel nach am beschten.

Bis 1989 ass dat Moldawescht mam kyrilleschen Alphabet geschriwwe ginn. Duerno ass déi rumänesch Variant vum laténgeschen Alphabet offiziell an der moldawescher SSR agefouert ginn, mä ganz vill Moldawier hunn dat kyrillescht trotzdeem bäibehalen (cf. déi moldawesch Wikipedia) an am Separatistenterritoire Transnistrien ass et esouguer offiziell bäibehale ginn.

Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen