Diglossie

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Diglossie (griichesch διγλωσσία, diglossía, „Zweesproochegkeet“) ass eng besonsch Form vun Zweesprochegkeet: Sie beschreift d'Koexistenz vun enger (Héich-)Sprooch an engem, meeschtens kulturbedéngten, Ausbau-Dialekt dee Famill mat där Sprooch ass. Jiddereen deen an esou enger Gesellschaft opwiisst ka meeschtens automatesch vu klengem un déi zwou Sproochvarietéiten an déi ginn dobäi jee no Situatioun gewiesselt.

[änneren] Bekannt Beispiller

Bekannt Beispiller existéieren an der däitschsproocheger Schwäiz an zu Lëtzebuerg.

An der däitschsproocheger Schwäiz exitéiert eng Diglossie tëschent dem Héich-Däitschen an de schwäizereschen Dialekter; och schwäizer-däitsch Diglossie genannt. Beispillsweis déi gréisst Printmedien an déi meescht Bicher sinn an der däitschsproocheger Schwäiz op Däitsch, de Radio an déi national Tëlee ass dogéint an de verschiddenen Dialekter.

Zu Lëtzebuerg existéiert eng Diglossie tëschent dem Héich-Däitschen an dem Lëtzebuergeschen; och lëtzebuergesch-däitsch Diglossie genannt. Beispillsweis déi gréisst Printmedien (Luxemburger Wort, Tageblatt, Privat, Lëtzebuerger Journal, etc.) an déi meescht Bicher sinn zu Lëtzebuerg op Däitsch, d'Radio (RTL, DNR, Eldoradio, etc.) an déi national Tëlee (RTL, .dok) as dogéint op Lëtzebuergesch. Zwar existéieren zu Lëtzebuerg, wéinst der extrem-héijer Auslännerquot, och nach vill aner Sproochen (Franséisch, Portugisesch, Englesch, etc.), awer déi hunn näischt mat der nationaler Diglossie zu dinn. Ëmmer méi dacks gesäit een aktuell och offiziell Plakater a Flyer (z.B. bei den Walen), déi, vun deenen dräi Amtssproochen, d'Däitsch ewechloossen, well se dovun ausginn, datt all Däitschen zu Lëtzebuerg automatesch och Lëtzebuergesch versteet; leider ass Lëtzebuergesch fir vill awer nëmmen ee vu villen Dialekter an esou stëmmt dat net ëmmer perfekt. Lëtzebuergesch ass trotzdem nach méi no um Héich-Däitschen ewéi z.B. Bairesch oder déi schwäizer-däitsch Dialekter an dowéinst versteet och jiddereen an de sproochverwandten Nopeschregiounen normalerweis automatesch Lëtzebuergesch.

[änneren] Weblinks

Wiktionnaire: Diglossie – Definitioun, Synonymer an Iwwersetzungen
Perséinlech Tools
Nummraim

Varianten
Aktiounen
Navigatioun
Geschirkëscht
An anere Sproochen