Zermatt

Vu Wikipedia
Zermatt
Land: CHECHE Schwäiz
Kanton: Valais
Distrikt: Visp
Sprooch: Däitsch
Héicht: 1.608 m
Fläch: 242,67 km²
Awunner: 5.495 (2017)
Geographesch
Koordinaten
:
46° 01’ 00’’ N
      07° 45’ 00’’ O
Zermatt
D'Matterhorn
D'Matterhorn, mol anescht gesinn

Zermatt (frz. Praborgne, ofgeleet vum fréiere laténgeschen Numm Pratobornum) ass eng Gemeng an Uertschaft am Bezierk Visp vum Schwäizer Kanton Wallis (frz. Valais). Zermatt huet 5.625 Awunner (1. November 2004) a läit am Mattertal (och Nikolaital genannt) op enger Héicht vu ongeféier 1.610 m. Et ass berüümt well et am Schiet vum Matterhorn läit.

Zu Zermatt gëtt et eng speziell Klausel déi genee fixéiert, wéi vill Touristebetter existéieren däerfen. Déi Reegel seet, datt een Drëttel vun all de Better zu Zermatt musse vu Residente beluecht sinn [Source?]. Sou gëtt Zermatt als Duerf um Liewen erhalen.

Zu Zermatt sinn dräi Kierchen (eng kathoulesch, eng evangeelesch an eng English Church), eng Spillschoul, an eng Primärschoul mat der éischter Lycéesstuf (also bis zur 10. Klass).

Zermatt ass eng vun de wichtegsten a bekanntsten Wantersportuertschafte vun der Schwäiz. Wanter wéi Summer zitt Zermatt wéinst sengem landschaftleche Charme a senge gutt ausgebauten Infrastrukture vill Touristen aus alle Länner un. Zermatt ass och den Ausgangspunkt fir sou munnech Alpinismusexpeditiounen an d'Regioun vum Monte Rosa an dem Matterhorn.

Duerfdeeler vun Zermatt[änneren | Quelltext änneren]

Zermatt besteet aus verschidden Duerfdeeler. Dës Deeler ginn am Wanter vum Skibus verbonne fir de Sportler z'erméiglechen, séier bei hire Lift ze kommen.

Zu Zermatt ass probéiert ginn, am Kader vun der touristescher Entwécklung, keng Bausënne wéi z. B. a Frankräich ze maachen. Aus deem Grond ass d'Duerfbild ländlech bliwwen an et si virun allem Chaleten am traditionelle Baustil ze gesinn. Eng Gaass steet ënner Denkmalschutz. Do gesäit een traditionell Chaleten an och Karspäicheren aus dem 16. Joerhonnert, déi haut och nach bewunnt resp. benotzt sinn.

Kleng Dierfer nieft Zermatt[änneren | Quelltext änneren]

Ronderëm Zermatt leie kleng Dierfer. Do ass virun allem Blatten tëscht Zermatt an dem Furi z'ernimmen. Findeln läit um Secteur vum Rothorn Paradise an ass duerch e Sessellift mat Sunnegga verbonnen. Zu Zmutt ass den Ulrich Inderbiner opgewuess. E Spadséierwee féiert d'Foussgänger op dës Alp mat enger Rei Chaleten an engem Restaurant. Zmutt läit méi héich wéi Furi an ass vun der Skipist tëscht dem Schwarzsee an dem Furi schéin ze gesinn.

Sportméiglechkeeten[änneren | Quelltext änneren]

Zermatt bitt déi ganz Pallett vun alpine Sportaarten un. Am Vierdergrond steet d'alpint Skifueren. Och den Alpinismus (Summer wéi Wanter) huet en héije Stellewäert. Donieft huet Zermatt ganz interessant Skitouren ze bidden.

Mä och aner Sportaarte wéi Äiswaasserfäll klammen, Schlittschung fueren, Hockey spillen, Nordic Walking (mat spezielle Parcoursen), Schlitt fueren (Rotenboden-Riffelberg), Schnéischong goen an normaalt Spadséieren. Och Mountainbiking an Downhill-Biking si méiglech. An der Triftbachhal kënne verschidden Halesportaarte bedriwwe ginn. Hei ass och eng Klotermauer. Um Blauherd gëtt et en Outdoor Ufängerpark fir klammen ze léieren. Donieft kann ee Bungee-Trampolin-Sprange maachen an et gëtt een Héichseel-Bamparcours.

Evenementer[änneren | Quelltext änneren]

All Joer ass zu Zermatt en Triftji bump bash. Dat ass eng Vollekscourse, besser gesot eng Bockelpistecourse, déi fir all Mënsch op ass.

Verkéierssituatioun[änneren | Quelltext änneren]

Zu Zermatt as d'Verkéierssituatioun anescht wéi an deene meeschten Alpendierfer. Et gëtt Wäert drop geluecht, datt d'Duerf autofräi bleift. Aus dësem Grond mussen d'Touristen hir Autoen zu Täsch stoe loossen. Den neien Terminal, e grousst Parkhaus, ass sou konzipéiert, datt een direkt säi Gepäck aus dem Auto op e Gepäckweenchen, dien ee géint CHF 5.- aus dem Gestell huele kann, ëmluede kann an da gläich op den Zuchshuttle-Quai fuere kann. De Gepäckweenche geet da mat an den Zuch an, zu Zermatt ukomm, kann ee mam Weenche bei seng Hausdier oder bei den Taxi fueren.

D'Strooss op Zermatt[änneren | Quelltext änneren]

Et gouf eng Ofstëmmung ënner der Zermatter Bevëlkerung wou decidéiert gouf, datt d'Strooss net, wéi zu Saas Fee, fir den allgemenge Verkéier soll opgoen an da beim Duerf selwer Parkhaiser gebaut solle ginn.

D'Strooss op Zermatt däerf nëmme vun Uerdnungskräften an Ambulanzen, Taxisentreprisen, déi mat Vanen hir Clienten an d'Duerf féieren, an de Bewunner vun Zermatt befuer ginn. D'Bevëlkerung vun Zermatt muss op engem speziell amenagéierten Parking um Rand vum Duerf hir Autoen ofstellen.

Am Duerf selwer verkéieren Elektroautoen a Päerdskutschen. Nieft Hotelstransporter am Elektroauto hunn e puer Hotellen eegen traditionell Päerdskutschen. Zu Zermatt fuere vill Elektrotaxien, soudatt ee sech zu all Moment op déi gewënscht Plaz hiféiere loosse kann. De Vëlo gëtt och vill als Transportmëttel am Duerf gebraucht.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Zermatt – Biller, Videoen oder Audiodateien