Coelestin V. (Poopst)
| Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Coelestin V., gebuer 1210 zu Isernia, a gestuerwen den 19. Mee 1296 an der Biergfestung Fumone bei Anagni, war Poopst vu der Kathoulescher Kierch am Joer 1294. Säi laténgeschen Numm bedeit: Den Himmleschen.
[änneren] Säi Liewen
De Pietro da Murrone, Bouf vun einfache Leit, ass am Alter vun 20 Joer an de Benediktineruerden agetrueden. Ëm 1240 ass en an eng Hiel um Bierg Murrone bei Sulmone gaangen, fir do e strengt Liewen a Bouss a Gebiet ze verbréngen. D'Verlaange, wäit ewech vu Mënschen ze liewen, huet de Murrone no 5 Joer dozou gedriwwen, op de bal onzougängleche Monte Majella ze goen. En ass awer net laang alleng bliwwen: aner Eremite koumen an hu sech ëm hie versammelt. Dowéinst huet de Pietro eng Kongregatioun gestëft, wou se no verschärfte Benediktinerreegele gelieft hunn. Sengerzäit gouf déi Mönchsgesellschaft "Einsiidler vum Hl. Damian" oder och "Einsiidler vu Murrone" genannt, spéider koum och nach den Numm Cölestiner derbäi. D'Leedung vu der Kongregatioun huet hie scho bal engem Vikar iwwerdroen an ass erëm zréck op de Bierg Murrone gaangen, wou en erëm alleng liewe wollt.
Wéi sech déi zwou Parteie vun de Colonna an den Orsini nom Doud vum Nikolaus IV. no zwee Joer an dräi Méint net op e Poopstkandidat eenege konnten, gouf op Wonsch vum Karl II. vun Neapel, de 5. Juli 1294 zu Perugia de weltfrieme Pietro da Murrone aus den Abruzzen gewielt, dee vum Vollek als Hellege veréiert gouf. No sengem Gebietskampf huet de Pietro d'Wal ugeholl an ass op engem Iesel vum Bierg Murrone erofgeridden.
De Pietro da Murrone, dee sech elo Coelestin V. nennt, ass séier a komplett Ofhängegkeet vum Karl II. geroden a huet missen am Oktober seng Residenz op Neapel verleeën. De Poopst huet geschwënn erkannt, datt e sengem Amt net gewuess war an huet nees nom Fridde vum Allengliewe verlaangert.
Beim Kardinol Benedikt Gaetano, dee sech a rechtleche Froe gutt auskannt huet, huet hien ëm Rot gefrot. Deen huet den Coelestin weider bestäerkt, d'Amt nidderzeleeën an huet d'Ofdankungsformel entworf. Den 13. Dezember 1294 huet den Coelestin offiziell ofgedankt. De 24. Dezember 1294 gouf de Benedikt Gaetano als Bonifatius VIII. säin Nofolger.
De Pietro da Murrone huet misse flüchten an ass, op Uerder vum neie Poopst verfollegt, an engem ofgeleeëne Bësch bei Sulmona verschwonn. Wéint der ongënschteger Witterung ass et ëm net gelongen, iwwert d'Adria ze entkommen. E gouf ausgeliwwert an huet déi lescht zwee Joer vu sengem Liewen, streng bewaacht, an engem Prisong an der Biergfestung Fumone verbruecht.
Hie gouf de 5. Mee 1313 vum Clemens V. helleg gesprach.
[änneren] Den Coelestin a säin Androck op d'Weltgeschicht
Haut gëtt an eisem Kalenner den 19. Mee dem Coelestin V. geduecht.
Während den Dante Alighieri de Coelestin a senger Divina Commedia an d'Hell verweist, éiert de Francesco Petrarca dem Coelestin säi Verzicht op de Poopsttitel als e Beispill vun Demut a stellt den Einsiidlerpoopst méi héich wéi d'Apostelen a vill aner Helleger.
[änneren] Um Spaweck
| Commons: Coelestin V. – Biller, Videoen oder Audiodateien |
| Virgänger | Nofolger | |
|---|---|---|
| Nikolaus IV. | Lëscht vun de kathoulesche Peepst | Bonifatius VIII. |