Benoît XVI. (Poopst)

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
ChristianitySymbol.PNG Dësen Artikel iwwer de Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran.
Benoît XVI.

De Benoît XVI. (biergerlech Joseph Aloisius Ratzinger), gebuer de 16. Abrëll 1927 zu Marktl an Däitschland, war den 265. Poopst an der Geschicht vun der Kathoulescher Kierch. Säi Pontifikat huet den 19. Abrëll 2005 ugefaangen, nom véierten oder fënneften Tour um zweeten Dag vum Konklav.

Den 28. Februar 2013 um 20 Auer (MEZ) huet hie säin Amt aus Altersgrënn néiergeluecht.[1] Domat ass hien deen éischte Poopst aus der Neizäit, dee fräiwëlleg an zu Liefzäite säin Amt opgëtt[2]. Säin Nofolger ass de Franciscus.

Virdru war hien Dekan vum Kardinolskollegium a bis zum Doud vum Jean-Paul II. Präfekt vun der Glawenskongregatioun. Domat war hien ee vun de bedeitendste Kardineel an huet theologesch a perséinlech als riets Hand vum Jean-Paul II. gegollt. A senger Kardinolszäit ass de Ratzinger de Leit als relativ konservativ virkomm.

Seng Jugend a säi Studium[änneren | Quelltext änneren]

De Joseph Ratzinger ass de 16. Abrëll 1927 am uewerbayresche Marktl beim Floss Inn, am Landkrees Altötting (Sprengel, am Bistum Passau) als Jong vum Gendaarm Joseph (1877-1959) an der Käche Maria, geb. Peintner (1884 - 1963), um 4:15 Auer [3] op Karsamschte gebuer, an deeselwechten Dag gedeeft ginn. D'Tatsaach, datt hien an der Ouschternuecht kuerz no senger Gebuert gedeeft gouf, mam frësch geweiten Ouschterwasser, huet hie selwer als besonnesch Verbindung vu sengem Liewenswee am Outschtergeheimnis verstanen a betount.

Hien huet zwee Gesëschter, d'Maria Ratzinger (gebuer de 7. Dezember 1921 a gestuerwen den 2. November 1991) an de Georg Ratzinger (gebuer de 15. Januar 1924). Säin Ëmfeld an deem hien opgewuess ass war déif reliéis geprägt. Säi Groussmonni Georg Ratzinger (1844-1899) war kathoulesche Paschtouer a Reichtagsdeputéierten.

Zwee Joer no senger Gebuert, den 11. Juli 1929, ass d'Famill op Tittmoning geplënnert, de 5. Dezember 1932 dunn op Aschau am Inn, wou hien an d'Primärschoul gaangen ass. An den 1930er Joren, nodeem d'Nationalsozialisten un d'Muecht koumen, huet säi Papp e klengt Bauerenhaus zu Hufschlag bei Traunstein kaaft. Do, sou de Ratzinger spéider, wier déi eigentlech Heemecht vun der Famill gewiescht, well säi Papp, e Gendaarm, deen d'ganzt Liewe laang huet misse flexibel sinn, sech och no senger Pensioun do néiergelooss huet. Trotz der finanzieller Belaaschtung hu seng Elteren hien an de Séminaire St. Michael ob Traustein geschéckt, wou hien duerch säin Éiergäiz besonnesch opgefall ass.

1941 ass de Joseph Ratzinger am Alter vu 14 Joer, sou wéi all Seminaristen zanter 1939, onfräiwëlleg an d'Hitler-Jugend opgeholl ginn. Am Alter vu 16 Joer ass hien dunn als Flakhelfer fir de Schutz vun enger BMW-Fabréck baussent München agesat ginn. Zu dëser Zäit huet hien d'Maximiliangymnasium zu München besicht. 1944 ass hien dunn zur Grondausbildung agezu ginn an an d'éisträichescht Burgenland bei de Reichsarbeitsdienst versat ginn, wou hien ënner anerem fir d'Ariichte vu Panzerspären agesat gouf. 1945 ass hie kuerzzäiteg an US-amerikanesch Krichsgefaangeschaft an d'Lager Neu-Ulm. komm Als Seminarist vum Traunsteiner Priesterséminaire huet hien do um Chiemgau-Gymnasium Abitur gemaach.

Vun 1946 bis 1951 huet hie kathoulesch Theologie a Philosophie op der Philosophescher an Theologescher Héichschoul zu Freisingen studéiert, duerno war hie Seminarist um Herzoglichen Georgianum vun der Ludwig-Maximilians-Universität München.

Akademesch Lafbunn[änneren | Quelltext änneren]

Am Joer 1953 ass de Joseph Ratzinger mat der Aarbecht „Volk und Haus Gottes in Augustins Lehre von der Kirche“ op der Universitéit München zum Dokter an der Theologie promovéiert. Am Joer 1957 gouf hien op därselwechter Universitéit, géint de Widderstand vum respektéierten Dogmatiker Michael Schmaus beim Gottlieb Söhngen, am Fach Fundamentaltheologie habilitéiert mat der Schrëft: Die Geschichtstheologie des Hl. Bonaventura.

1958 huet den 31 Joer alen Joseph Ratzinger mat senger Professur fir Dogmatik a Fundamentaltheologie an der Philosophesch-Theologescher Héichschoul Freising (haut een Deel vun der Ludwig-Maximilians-Universität München) ugefaangen. 1959 ass hien ob d'Universitéit Bonn beruff ginn. Hien hat seng éischt Virliesung iwwer d'Thema „Der Gott des Glaubens und der Gott der Philosophie“. Hien hat de Bonner Léierstull bis 1963, wéi hien dunn an de Seminaire fir Dogmatik an Dogmegeschicht vun der Westfälischer Wilhelms-Universität zu Münster gewiesselt ass. Seng éischt Virliesung do huet hien zum Thema Offenbarung und Überlieferung virun engem iwwerfëllten Auditorium gehalen.

1966 krut de Ratzinger dunn op Recommandatioun vum Hans Küng e Léierstull fir kathoulesch Dogmatik an der Katholesch-Theologescher Fakultéit vun der Universitéit Tübingen. Aus Virliesungen aus dëser Zäit ass d'Buch Einführungen in das Christentum entstanen. Kuerz virun de Stundentenprotester vun Enn der 1960er Joren huet hien 1969 eng Plaz op der Universitéit Regensburg ugeholl, wou hien nees eng Kéier Dogmatik an Dogmatikgeschicht ginn huet. Do huet hien zesumme mam Alma von Stockhausen d'Gustav-Siewerth-Akademie gegrënnt, eng zanter 1988 staatlech unerkannte wëssenschaftlech Héichschoul. Hie war, ier hien 1977 Äerzbëschof gouf, am Joer 1976 Vizepresident vun der Universitéit. Och nodeem hien zum Poopst gewielt gouf, ass hien nach weiderhin Honorarprofesser zu Regensburg.

Paschtouer an Äerzbëschof[änneren | Quelltext änneren]

...

Prefekt vun der Glawenskongregatioun[änneren | Quelltext änneren]

...

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Benedict XVI – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

  1. Récktrëttserklärung vum 11. Februar 2013 an däitscher Iwwersetzung
  2. Déi lescht Kéier, wéi e Poopst fräiwëlleg zréckgetrueden ass, war 1294, den Coelestin V.
  3. Donnéeën aus dem Dafregëster
Virgänger Emblem Holy See.svg Nofolger
Jean-Paul II. Lëscht vun de kathoulesche Peepst Franciscus