Peter Benenson

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

De Peter Benenson, gebuer den 31. Juli 1921 a gestuerwen de 25. Februar 2005 zu Oxford, war e briteschen Affekot a Politiker vun der Labour Partei. Et war hien, deen 1961 Amnesty International gegrënnt hat.

1961 huet de Benenson vun zwéi portugisesche Studente gelies, déi zu Lissabon verhaft, an zu siwe Joer Prisong veruerteelt si ginn. Si haten e Patt op d'Fräiheet gedronk. Dat war an der Regierungszäit vum Diktator António de Oliveira Salazar duergaang, fir virun e Geriicht ze kommen.

Den 28. Mee 1961 huet déi d'britesch Zeitung 'The Observer en Artikel mam Titel ‚’Déi vergiesse Gefangen’’ iwwer dee Fall an anerer vum Benenson erausbruecht, an deem hien d'Lieser dozou oprifft, sech fir déi politesch Gefangern an der ganzer Welt anzesetzen, déi nëmme wéinst hirer Hautfaarf, hire reliéisen oder politeschen Iddien agespaart, veruerteelt, gefoltert an higeriicht ginn. Hien hat sech virgestallt, d'Leit sollten deene jeeweilege Regierunge Bréiwer schreiwen, an domat moraleschen Drock op déi maachen, déi menge si kéinten, vun der Weltëffentlechkeet onbemierkt, d'Mënscherechter mat Féiss trëppelen.

Dem Benenson säin Artikel gouf vu villen europäeschen Zeitunge wéi Le monde, déi italienesch Corriere della sera an d'International Herald Tribune publizéiert.

Déi Aktioun, spéider „Appeal for Amnesty, 1961“ genannt, war d'Gebuertsstonn vun Amnesty International.

De Peter Benenson ass de 25. Februar 2005 an de spéiden Owesstonnen am John Radcliffe Hospital zu Oxford gestuerwen.

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]