New Orleans
| New Orleans | |
|---|---|
| Spëtznumm: The Crescent City, The Big Easy, The City That Care Forgot | |
| 29° 58′ N, 90° 4′ W29.964722222222-90.0705555555560Koordinaten: 29° 58′ N, 90° 4′ W | |
| Land: | |
| Bundesstaat: | Louisiana |
| Parish: |
Orleans Parish |
| Gegrënnt: | 1718 |
| Fläch: | 907 km² dovun 467,6 km² Land |
| Awunner: – Agglomeratioun: |
343.829 (Stand: 2010) 1.167.764 (Stand: 2011) |
| Bevëlkerungsdicht: | 735 Aw./km² |
| Héicht: | 0 m |
| Zäitzon: | UTC-6 |
| Buergermeeschter: | Michell J. Landrieu |
New Orleans ass eng Stad an de Vereenegte Staate vun Amerika am Bundesstaat Louisiana.
Inhaltsverzeechnes |
Geographie an Demographie [änneren]
New Orleans läit um Mississippi am Bundesstaat Louisiana. Si ass déi gréisst Stad an dësem Bundesstaat. New Orleans ass en industriellen Zentrum, e wichtege Mierhafen an huet eng grouss Unzéiungskraft op d'Touristen, well do spillt sech en intensiivt kulturellt Liewen of, dominéiert vun der Jazzmusek an engem gudde Kascht, mat vill Crevetten. Den Epizentrum ass de Mississippi, iwwert dee vill Croisièresschëffer ukommen, an op dem, flossopwäerts, folkloristesch Dampschëffer (Riverboats) mat Passagéier a grousser Stëmmung zirkuléieren.
Geschicht [änneren]
Kolonialzäit [änneren]
D'Stad gouf 1718 vu de Franzousen ënnert der Direktioun vum Jean Baptiste Le Moyne, Sieur de Bienville gegrënnt. Se gouf zu Éiere vum Regent Philippe, duc d'Orléans esou genannt, a gouf 1722 d'Haaptstad vum franséische Louisiana. Virdru war et Biloxi.
Am Joer 1763 ass d'Kolonie wéinst engem Geheimofkommes un d'Spuenier ofgetratt ginn, wat den deemolegen Awunner, déi léiwer vu Frankräich ofgehaangen hätten, staark mëssfall huet. Den 21. Mäerz 1788 goufen 856 Haiser duerch e grousst Feier zerstéiert, an zousätzlech 212 Haiser duerch e Feier am Dezember 1794.
Grouss Epidemie gouf et zu New Orleans duerch d'Ausbréch vum giele Féiwer, Malaria a Pouken. Eréischt no 1905 konnten all déi Krankheeten agedämmt ginn.
Am Joer 1795 huet Spuenien d'Vereenegt Staaten autoriséiert, den Hafen ze benotzen. D'Stad koum dunn 1803 erëm ënner franséisch Kontroll. Mä den Napoléon Bonaparte huet Louisiana fir 80 Mio. Frang un d'Vereenegt Staate verkaaft. Deemools hu nach nëmmen 8.000 Leit zu New Orleans gewunnt.
19. an 20. Joerhonnert [änneren]
New Orleans ass du staark gewuess, besonnesch duerch d'Immigratioun vu Kreolen aus Haïti. Am Joer 1812 hunn d'Englänner probéiert, fir d'Stad anzehuelen, mä d'Truppe vum André Jackson goufe Meeschter an der Schluecht vum 8. Januar 1815 nobäi Chalmette (Schluecht vun New Orleans). D'Bevëlkerung huet sech bis 1830 verduebelt an huet 1840 en Total vun 100.000 Awunner erreecht. D'Stad ass domat déi 4. gréisste Stad an den USA ginn. Bis 1849 war New Orleans d'Haaptstad vu Louisiana an erëm vu 1865 bis 1880 bliwwen. Duerno gouf Bâton-Rouge Haaptstad vu Louisiana. D'Geschicht vun der Delphine LaLeurie, eng begiddert Sozialistin, déi d'Sklave maltraitéiert huet, huet deemools vill béist Blutt a Spektakel gemaach. Am Ufank vum Sezessiounskrich gouf New Orleans ouni Widderstand vun den Unionisten (Nordisten) ageholl a blouf domat verschount, am Géigesaz zou de meeschte Stied am Süde vun den USA.
D'Weltaustellung ass 1884 zu New Orleans ofgehale ginn.
Schonns am Ufank vum 21. Joerhonnert huet d'Lag vu New Orleans, dat deelweis ënnert dem Mierespigel läit, den Autoritéite grouss Suerge gemaach. Däiche sinn du gebaut ginn an d'Konstruktiounen hu sech weesentlech op déi méi héich Plaze konzentréiert. De Rescht vum Terrain war staark suppeg. Dat kann haut nach jidderee feststellen, dee vum Mier aus vun der Mississipimündung op New Orleans zou fiert.
Eng Stad mat engem besonnesche Cachet [änneren]
Bevëlkerung [änneren]
D'Stad selwer huet 484.674 Awunner. Wann een d'Aussebezierker matrechent, kënnt een awer op en Total vun 1.337.726 Leit. An der Stad hu virun der Katastroph duerch den Hurricane Katrina 28,05% Wäisser, 67,25% Afro-Amerikaner, 0,20% sougenannt Native Americans, 2,26% Asiaten an 3,06% Hispano-Amerikaner gelieft. An den Aussebezierker wunne vill Schwaarzer a Mischlingen (Creolen). New Orleans, dat vun den amerikanesche Groussstied déi meescht Afro-Amerikaner huet, ass eng vu den äermsten an den USA. Kukkt déi däitsch Wikipediasäit iwwert den Hurricane Katrina,
Leit a Sprooch [änneren]
Och wann New Orleans am Joer 1718, während der Kolonialzäit, vu Franzousen gegrënnt gouf, gëtt haut zu New Orleans kaum nach franséisch geschwat. D'Franséischt ass nëmme méi eng Etikett fir Touristen. Et ass lo eng amerikanesch Stad mat engem besonnesche Charme ginn. Hei fënnt een eng waarm, häerzeg Atmosphär, déi et soss an Amerika net gëtt. Stroossemusikanten an aner Artiste begéint een op Schratt an Tratt. D'Fuesend vu New Orleans ass gutt bekannt an zitt all Joer, besonnesch um Fuesdënsdeg, (dem Mardi Gras), vill Touristen un. Dat gëllt och fir d'Fest vum Jazz dat all Joer vun Enn Abrëll bis Ufank Mee ofgehal gëtt. D'Bourbonstreet ass eng Strooss zu New Orleans, déi e legendären Numm huet.
Kuckeswäertes [änneren]
Ganz bekannt ass de French Quarter, Hie gëtt och le Vieux Carré genannt, staamt aus der franséischer a spuenescher Zäit a stéisst op de Mississippi, d' "Rempart Street", d' "Canal Street" an d' "Esplanade Avenue" . D'Tramme gehéieren och zum mageschen Unzéiungspunkt vu New Orleans. Berühmt ass d'Ligne St. Charles (greng Voituren), déi New Orleans mat dem Faubourg Carrolton verbënnt. Se besteet zënter 1893. Op der Streck duerch d'St. Charles Avenue kann en am Staddeel Garden District déi vill herrschaftlëch Villaen aus dem 19. Joerhonnert bewonneren. Do ginn et och zwou privat Universitéiten, d'Tulane- an d'Loyola Universitéit. Eng aner Streck ass d'"Riverfront"-Ligne. Zënter 2004 gëtt och d'Ligne Canal Street rëm befuer. Hei kënnt een laanscht de "City Park" mat dem "New Orleans Museum of Arts" .
Well New Orleans sou déif läit, a fir der Gefor vu Seuchen virzebeuge gëtt et hei keng gewéinlech Kierfëchten. Zënter 1830 ginn déi Doudëg a Mausoléiën begruewen. Dës "city of the dead" ass iwregens eng Touristenattraktioun. D'Stad huet nämlech een eegene Style fir d'Begriefnësser entwéckelt (Jazz-Furneral). Vun enger Marching Band gëtt den Doudegen an d'Éiwegkeet begleet.
Eng vu de gréissten Attractiounen ass eng Faart mat engem Mississippi-Riverboat, e Dampschëff, dat vun engem Paddelrad, ugedriwwe gëtt.
Iessen a Drénken [änneren]
D'Stad ass och fir d'gutt Iesse bekannt. D'Gamme vu de Spezialitéiten ass grouss an geet vum Po’boy (kënnt vu poor boy) an Muffaletta Sandwichen bis zu Golf-Austern an aneren Fësch oder Crustacéën. Et ginn och vill kreolesch Platen, wéi Etoufee, Jambalaya an Gumbo. D'Spezialitéit vum Méindeg-Owend besteet aus roude Boune mat Räis. (De Louis Armstrong huet seng Bréiwer dacks mat red beans and ricely yours ënnerschriwwen).
Kultur a Musek [änneren]
New Orleans ass d'Stad vun der Musek, d'Stad vum Jazz. Kukkt och de Beitrag aus der franséischer Wikipedia iwwert de Jazz New Orleans, deen de Louis Armstrong am Ufank vum 20. Joerhonnert mat initiéiert huet.
De Louis Armstrong war ee vun de bedeitenste Bierger vun New Orleans, eng Stad wou vill amerikanesch Museker, Artisten, Schrëftsteller an aner bedeitend Leit doheem waren, wéi:
- Phil Anselmo, US-amerikaneschen Museker
- Louis Armstrong, US-amerikaneschen Jazztrompettist a Sänger
- Pierre Gustave Toutant Beauregard, Generol vu de Konföderéierten Staate vun Amerika
- Barney Bigard, US-amerikanesche Klarinettist
- Buddy Bolden, Trompettist zu New Orleans
- Connee Boswell, US-amerikanesch Blues- an Jazz-Sängerin a Schauspillerin
- Poppy Z. Brite, US-amerikanesch Schrëftstellerin
- Roy Brown, US-amerikanesche Blues-Museker
- George Washington Cable, US-amerikanesche Schrëftsteller
- Truman Capote, US-amerikaneschen Schrëftsteller
- Edward Clark, US-amerikaneschen Politiker an 8. Gouverneur vu Texas
- Patricia Clarkson, US-amerikanesch Schauspillerin
- James Lawton Collins, US-amerikaneschen 2-Stäre-Generol
- J. Lawton Collins, US-amerikanesche 4-Stäre-Generol; Korpskommandeur am 2. Weltkrich
- Harry Connick, US-amerikanesche Sänger, Pianist a Schauspiller
- Ellen DeGeneres, US-amerikanesch Schauspillerin, Moderatorin a Komikerin
- Johnny Dodds, Jazz-Klarinettist
- Fats Domino, Bluesmuseker
- Dr. John, Rock'n'Roll-, Blues- a Jazz-Museker an Musekproduzent
- Clyde Drexler, US-amerikanesche Basketballspiller
- Champion Jack Dupree, Blues-Sänger an -Pianist
- Daniel F. Galouye, US-amerikanesche Journalist an Science Fiction-Schrëftsteller
- Louis Moreau Gottschalk, US-amerikanesche Pianist a Komponist
- Jon Heidenreich, Wrestler
- Lillian Hellman, US-amerikanesch Schrëftstellerin
- George Herriman, US-amerikanesche Comiczeechner a Karikaturist
- Linda Hopkins, US-amerikanesch Blues- a Gospel-Sängerin
- Mahalia Jackson, US-amerikanesch Gospelsängerin
- Papa Charlie Jackson, US-amerikanesche Blues-Museker
- Marie Laveau, Voodoo-Queen
- Elmore Leonard, US-amerikanesche Krimi-Schrëftsteller
- Eli Manning, US-amerikanesche Footballspiller
- Peyton Manning, US-amerikanesche Footballspiller
- Wynton Marsalis, ee vu de bedeitendsten Trompettisten aus eiser Zäit
- Paul Morphy, USA| amerikanesche Schachspiller
- Mystikal, US-amerikanesche Rap-Museker
- Ray Nagin, Buergermeeschter vun New Orleans
- Randy Newman, US-amerikanesche Sänger, Songschreiwer, Pianist a Komponist
- Lee Harvey Oswald, beschëllegt, de Mäerder vum deemolegen US-President John F. Kennedy ze sinn
- Greg Poss, US-amerikanesche Eishockeytrainer
- Godfrey Reggio, US-Regisseur,
- Anne Rice, US-amerikanesch Schrëftstellerin
- Ken Thompson, Informatiker
- John Kennedy Toole, amerikanesche Schrëftsteller
- Allen Toussaint, US-amerikanesche Museker
- Ray Walston, US-amerikanesche Schauspiller
- Andrew Young, US-amerikanesche Biergerrechtler
Economie a Verkéier [änneren]
Industrie [änneren]
Och wann hir Wirtschaftsaktivitéiten net méi déiselwecht Bedeitung behal hu wéi fréier, bleift dach New Orleans eng wichteg Industrie- an Handelsstadt.
Wéi Houston läit New Orleans nämlech an der Noperschaft vum Golf vu Mexiko wou d'Buerplattforme stinn a wou no Ueleg gebuert gëtt. Vill Energieproduzenten, wéi BP, Chevron, ConocoPhillips an Royal Dutch Shell hunn duerfir e regionale Gesellschaftssëtz zu New Orleans.
Verkéiersverbindungen [änneren]
D'Stad profitéiert vum Louis Armstrong New Orleans International Airport, dee 15 km westlech vun der Stad läit. 300 Nonstop-Flich pro Dag starte vun do no allméiglech Destinatiounen an den USA, Kanada, Latäinamerikaan d'Karibik. Eng Rei vun Charterflich verbannen de Fluchhafen och mat Europa. Et gëtt zu New Orleans nach verschidde regional Fluchhäfen. An der Zentralgare ginn et folgend Zich: De Crescent vu an op New York City, de City of New Orleans vun an op Chicago, Illinois, an de Sunset Limited vun Orlando op Los Angeles.
New Orleans huet e grousse Miereshafen, ee vun de meescht beschäftegte vu den USA, wann net vun der Welt. An der Mëtt vum 20. Joerhonnert hu Spezialunitéite vun der USA-Arméi e Kanal gebaut, deen de Golf mam Mississippi verbënnt an d'Banneschëfffaart méiglech mécht.
Naturkatastrophen [änneren]
Well d'Stad ënnert dem Mieresspigel läit, a well d'Stierm (Hurricane) an där Regioun ganz staark sinn, ass New Orleans ëmmer erëm groussen Naturkatastrophen ausgesaat. Den Hurricane Katrina huet den 29. August 2005 vill Affer kascht a grouss Schied hannerlooss.
Um Spaweck [änneren]
| Commons: New Orleans – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Offiziell Touristesäit vun New Orleans
- Biller vun New Orleans op Wikipedia Commons
- Säit vun der Missisippi Development Authority
- Guide fir Croisièren um Mississippi
- Biographie vum Louis Armstrong, englesch
- Websäit vun der Stad