Surab Jwania

Vu Wikipedia
Surab Jwania
Gebuertsnumm ზურაბ ჟვანია
Gebuer 9. Dezember 1963
Tiflis
Gestuerwen 3. Februar 2005
Tiflis
Doudesursaach Kuelestoffmonoxidvergëftung
Nationalitéit Sowjetunioun, Georgien
Aktivitéit Politiker
Partei National demokratesch Beweegung

De Surab Jwania (Georgesch ზურაბ ჟვანია - Zurab Žvania), gebuer den 9. Dezember 1963 zu Tiflis a gestuerwen den 3. Februar 2005 och do, war e georgesche Biolog a Politiker. Vun November 2003 bis Februar 2004 war en amtéierende Staatsminister a vum 17. Februar 2004 bis zu sengem Doud Premierminister vu Georgien.

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

De Jwania war de Jong vun engem georgesche Papp an enger jiddesch-armeenescher Mamm[1],[2],[3].

1985 huet en déi Staatlech Universitéit Tiflis mat enger Maîtrise a Biologie ofgeschloss. Vun 1985 bis 1992 huet en als Assistent am Labo an an der Fuerschung vun der Fakultéit fir mënschlech an déiere Physiologie vu senger Universitéit geschafft.

1988 huet en déi georgesch Gréng Partei matgegrënnt, an ass 1992 nom Stuerz vum deemolege President Swiad Gamsachurdia an d'Parlament gewielt ginn. 1992/93 huet e seng Partei mat de Leit vum Eduard Schewardnadse zur Biergerunioun vereenegt, war do 1994 bis 1996 Generalsekretär, an huet et 1995 als dem Schewardnadse säin engsten Ënnerstëtzer zum Parlamentspresident bruecht.

Well d'Land ënner dem Schewardnadse awer a grouss Aarmut gerutscht ass, wärend Korruptioun d'Elite ëmmer méi räich gemaach huet a gläichzäiteg déi demokratesch Rechter mat Féiss getrëppelt gi sinn, ass an der Bevëlkerung d'Roserei lues awer sécher héichgekacht. D'USA wollte sech dat zunotze maache fir hir eege geopolitesch an Energie-Intressien an der Regioun, a sou hu si zesumme mat der EU d'Oppositioun a Georgien massiv finanziell ënnerstëtzt. Wéi de Jvania gemierkt huet a wéi eng Richtung den Zuch gefuer ass, do ass hien nach séier opgesprongen. 2000 huet en ugefaange sech vum Schewardnadse ze distanzéieren andeems hien en der Korruptioun beschëllegt huet. Enn 2001 huet en als Parlamentspresident demissionéiert an d'Biergerunioun verlooss, fir d'Joer drop seng eege Partei Vereent Demokraten ze grënnen.

Fir d'Parlamentswalen 2003 ass en e Walbündnis mat deenen aneren zwou groussen Oppositiounsfiguren agaangen, seng Nofollgerin als Parlamentspresident d'Nino Burdschanadse an de fréiere Justizminister Micheil Saakaschwili. Offiziell hu si d'Walen zwar verluer, mä et goung vu massive Walfälschunge rieds, soudatt et wärend zwou Wochen zu de Masseprotester vun der sougenannter Rouserevolutioun koum, an de Schewardnadse schlussendlech huet missen demissionéieren.

De Jvania gouf Minister an der Interimsregierung déi op d'Bee gestallt gouf. Mam Burdschanadse an dem Saakaschwili huet e sech zur neier Partei National Beweegung - Demokraten zesummegeschloss an de Saakaschwili bei de Presidentschaftswalen ënnerstëtzt. Wéi deen déi 2004 gewonnen hat huet e sech revanchéiert an de Jvania ass op seng Propositioun hi vum Parlament als Premierminister gewielt ginn.

De Jvania ass als moderat Géigegewiicht zum radikale Sturra Saakaschwili opgetrueden, an huet sech fir eng méi eng konziliant Approche bei de Verhandlungen ëm déi separatistesch Republike Südossetien an Abchasien agesat. Bei sengem grousse Privatiséirungsprogramm am Kader vun der Liberaliséirung vun der Wirtschaft war en awer séier ëffentlech ëmstridden an et gouf him virgeworf, onduerchsichteg ze agéieren an a Wierklechkeet just eng Ëmverdeelung zu Gonschte vum neie Regierungsclan ze organiséieren. An deene leschte Méint viru sengem Doud ass et och net méi sou gutt mam Saakaschwili gelaf, deen dunn zwee vum Jvania senge Vertrauensleit ofgesat huet fir säin Afloss an der Regierung ze reduzéieren.

Am fréie Muere vum 3. Februar 2005 gouf de Jvania zesumme mat sengem Bekannte Raul Yusupov dout an deem senger Tifliser Wunneng fonnt, offiziell Doudesursaach war Gasvergëftung duerch Kuelemonoxid vun engem futtissen Uewen. D'Rumeuren datt et sech a Wierklechkeet ëm en Attentat gehandelt huet, wollten awer ni ophalen. Am September 2007 huet de Bannen- a Verdeedegungsminister Irakli Okruaschwili op enger Pressekonferenz erkläert, d'Läich vum Premier wier eréischt no sengem Doud an déi Wunneng bruecht ginn.

De Surab Jwania war zanter 1993 mam Nino Kadagidse bestuet, déi zu Tiflis eng Librairie fir englesch Bicher féiert, an en hat e Jong an zwou Duechteren: Elisabeth, Bessarion an Anna. En huet nieft Georgesch och nach Englesch, Däitsch a Rusesch geschwat.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Surab Jwania – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Georgesch Judden optimistesch, The Jewish Week, 28. November 2003
  2. Jiddesch Gemeinschaft betrauert de stënterleche Verloscht vum georgesche Premierminister, Federation of Jewish Communities, 3. Februar 2005
  3. De Premierminister vu Georgien ass houfreg, datt seng Mamm Armeenierin ass, PanARMENIAN.Net, 10. Juni 2004