Rosa Parks

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen
D'Rosa Parks am Joer 2000

D'Rosa Louise Parks, gebuer de 4. Februar 1913 als Rosa Louise McCauley zu Tuskegee am US-Bundesstaat Alabama, a gestuerwen de 24. Oktober 2005 zu Detroit a Michigan, war eng Symbolfigur vun der US-amerikanescher Biergerrechtsbewegung.

De Bus am Henry Ford Museum

D'Rosa Parks gouf den 1. Dezember 1955 zu Montgomery aus engem ëffentleche Bus eraus verhaft, well se als schwaarz US-Amerikanerin hire Bussëtz net wollt fräimaache fir e wäisse Mann. Déi Zäit hu Schwaarzer missen hannen an de städtesche Busse sëtzen op speziell markéierte Sëtzer. Dowéinst ass déi deemools 42 Joer al Parks an de Prisong gehäit ginn a krut eng Geldstrof vu 14 Dollar. Dësen Akt vu passivem Widderstand huet e wesentleche Bäitrag zur Emanzipatioun vun deene Schwaarzen an den USA geleescht.

Deen zu där Zäit praktesch onbekannte baptistesche Geeschtleche Martin Luther King huet doropshin e Boycott vum ëffentlechen Transport organiséiert, deen 381 Deeg gedauert huet.

No der Verhaftung

Liewen[änneren | Quelltext änneren]

D'Rosa Parks gouf de 4. Februar 1913 als Rosa Louise McCauley zu Tuskegee, Alabama gebuer. De Papp, den James McCauley, huet d'Famill 1915 verlooss, soudatt d'Mamm, d'Leona Edwards, d'Rosa an hiren méi jonke Brudder Sylvester huet missen eleng opzéien. No der Trennung vun den Elteren ass d'Rosa McCauley op Pine Level geplënnert, eng Uertschaft, déi en bëssen ausserhalb vu Montgomery, Alabama läit. Do huet si vun hiren eelefte Liewensjoer un d'Montgomery Industrial School for Girls besicht, eng Schoul, nëmme fir Afroamerikanerinnen.

Duerno ass si an den Alabama State Teachers College for Negroes gaangen, konnt hiren Ofschloss allerdéngs net maachen, well si sech huet missen ëm hier krank Mamm këmmeren. No enger ofgebrachener Ausbildung huet d'Rosa McCauley ugefaangen, als Néiesch ze schaffen. 1932 huet d'Rosa de Raymond Parks bestuet, dee sech politesch engagéiert huet a Member vun der NAACP war. Et war hire Mann, deen si dozou bruecht huet, hiren Ofschloss 1933 nozemaachen an och Member vun der NAACP ze ginn, wou si bis 1957 als fräiwëlleg Sekretärin geschafft huet.

Den 1. Dezember 1955 ass d'Rosa Parks dann an d'Geschicht agaangen: wéi e wäisse Mann sech op hir Plaz am Bus setze wollt, ass si einfach setze bliwwen. Am Fong hätt si him missen hir Plaz iwwerloossen, well d'Segregatiounsgesetz dat sou geregelt huet. De Buschauffer huet doropshin d'Police geruff. Dëse passive Widderstand huet d'Rosa Parks eng Strof vun 10 Dollar wéinst Stéierung vun der ëffentlecher Uerdnung plus 4 Dollar Geriichtskäschte kascht.

No dësem Tëschefall ass d'Rosa Parks nach weider politesch aktiv bliwwen. 1992 huet si hier Autobiographie My Story verëffentlecht.

En anere wichtege Punkt an hirem Liewe war den 30. August 1994. Op deem Dag gouf si vun engem afroamerikanesche Mann iwwerfall. Wéi si hie gefrot huet, ob hie géif wësse, wien en do giff iwwerfalen, huet hie geäntwert, hie giff et wëssen, mä et wier him awer komplett egal. Hien huet also weider op déi mëttlerweil 81-järeg ageschloen an si schwéier verwonnt leeigelooss.

Spéider huet sech d'Rosa Parks op Detroit zréckgezunn an sech manner an der Ëffentlechkeet gewisen. De 24. Oktober 2005 ass si am Alter vun 92 Joer gestuerwen.

De Mythos Rosa Parks[änneren | Quelltext änneren]

Oft gëtt d'Rosa Parks als einsam Kämpferin duergestallt. No engem laangen an haarden Aarbechtsdag soll si sou midd gewiescht sinn, datt si keng Kraaft méi hat, fir hir Sëtzplaz fräizeginn. Si soll also spontan an ouni politesch Motivatioune gehandelt hunn. D'Bild vun enger schwaarzer Fra mëttleren Alters, déi sech eleng a grad dowéinst heldenhaft géint d'Ongerechtegkeet vun der Welt stellt, ass sou awer net ganz richteg.

D'Wichtegkeet an d'Bedeitung vun dëser Aktioun an de Mutt vun der Rosa Parks sollen op kee Fall verklengert ginn. An et sollt een och wëssen, datt hier Decisioun sech iwwerhaapt z'engagéieren, net manner wichteg war wèi hier Standhaftegkeet am Bus. Mä engersäits muss ee wëssen, datt si net déi éischt Afroamerikanerin war, déi sech geweigert huet, hir Sëtzplaz fir eng wäiss Persoun opzeginn. D'Irene Morgan hat dat schonn zéng Joer virdru gemaach a sou duerchgesat, datt zwëschestaatlech Bus- an Zuchverbindunge vun der Rassentrennung ausgeholl goufen. Anerersäits war d'Rosa Parks aktiv an der NAACP, si hat also duerchaus politesch Motivatiounen.

Ausserdeem stellt si och an hirer Autobiographie My Story kloer, datt si net einfach nëmme midd war no engem Aarbechtsdag, wéi dacks erzielt gëtt, mä datt si ës sat hat, ëmmer missen nozeginn.

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

1992 koum hir Autobiographie eraus.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

  • 1979 krut d'Rosa Parks vun der NAACP d'Spingarn Medal, déi héchst Auszeechnung vun der Organisatioun, déi zanter 1915 fir aussergewéinlech Leeschtungen un Afroamerikaner vergi gëtt.
  • 1983 gouf d'Rosa Parks an d'Michigan Women’s Hall of Fame opgeholl an domat fir Aktivitéiten an der Biergerrechtsbewegung geéiert.
  • 1999 krut d'Rosa Parks d'Medal of Honour vum US-amerikanesche Kongress, déi héchst Zivil-Medail an den USA.
D'Rosa Parks

D'American Public Transportation Association huet den 1. Dezember zum Tribute to Rosa Parks Day erkläert. Op deem Dag soll d'Sëtzplaz direkt hanner dem Buschauffer an all Bus fräigehale ginn.

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Rosa Parks – Biller, Videoen oder Audiodateien