Europahymn
| Dëse Museksartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Thema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Europahymn ass d'Nationallidd vun de Länner vum Europarot an de Länner vun der Europäescher Unioun. Lauschtert d'Europahymn.
Inhaltsverzeechnes |
Wat ass d'Europahymn [änneren]
D'Europahymn ass d'Hymn vu der Europäescher Unioun. D'Melodie staamt aus dem 4. Saz vu der 9. Sinfonie vum Ludwig van Beethoven (1823). Et ass d'Instrumentalversioun vun der sougenannter Ode an die Freude.
Wann och vill Europäer fir e gesongenen Text plaidéieren, da gëtt et sou een Text offiziell nach net. Ma et gouf versicht, sou een Text an de verschiddene Sprooche virzeschloen.
Geschicht vun der Europahymn [änneren]
Am Joer 1972 huet den Europarot sech op déi Melodie als Europahymn festgeluecht. An 1985 hunn d'Staats- a Regierunscheffe vun der Europäescher Unioun hiresäits där Melodie de Charakter vun enger offizieller Europahymn ginn. Si soll d'national Hymne vun den eenzelne Memberlänner net ersetzen, ma e Symbol vun de gemeinsame Wäerter sinn.
Kuckt och [änneren]
Um Spaweck [änneren]
Textvirschléi an de verschiddene Sproochen
| Portal EU – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der Europäescher Unioun. |
| Commons: Symbols of the European Union – Biller, Videoen oder Audiodateien |