Jean-Pierre Zanen

Vu Wikipedia
Jean-Pierre Zanen
Gebuer 12. Dezember 1878
Gestuerwen 17. Juni 1953
Nationalitéit Lëtzebuerg
Aktivitéit Agronom

De Jean-Pierre Zanen, gebuer den 12. Dezember 1878 zu Wäicherdang a gestuerwen de 17. Juni 1953 an der Stad Lëtzebuerg, war e lëtzebuergeschen Agronom an Auteur.

De J.P. Zanen war Professer an der Akerbauschoul zu Ettelbréck ier hien 1912 Attaché am Akerbauministère gouf.

Vun 1949 bis 1953 war de J.P. Zanen Member vun der Dictionnaires-Kommissioun. Hien ass den Auteur vu Schoulbicher a vu Publikatiounen iwwer landwirtschaftlech Froen. An der lëtzebuergescher Literatur ass hie bekannt als den Auteur vun der Novell "Berels Berta", déi hien 1915 ënner dem Pseudonym “J. vun der Hardt” publizéiert huet; 1939 koum eng erweidert an iwwerschaffte Versiounen dovun eraus an 1951 eng Editioun mat Illustratioune vum Pierre Blanc.

Publikatiounen (Auswiel)[änneren | Quelltext änneren]

  • Zanen, J.P., 1906. Der heutige Stand der Moorkultur und Moorbesiedelung im Deutschen Reiche, dargestellt an der Hand einer kulturtechnisch-ökonomischen Studienreise. Giessen, v. Münchow, VI-92 S.
  • Zanen, J.P., 1908. Praktische Anleitung zum Feldmessen, Grundstückteilen und Nivellieren für landwirtschaftliche Lehranstalten. Stuttgart, Ulmer, VI-95 S.
  • Zanen, J.P., 1909. Rechnen und praktische Geometrie: Übungsbuch für landwirtschaftliche Winterschulen und ländliche Fortbildungsschulen. Stuttgart, Eugen Ulmer, 144 S.
  • Zanen, J.P., 1909. Anleitung zur Geologie des Luxemburger Landes. Luxemburg, Jos. Beffort, 83 S.
  • Zanen, J.P. & A. Hermann, 1910. Arithmétique et géométrie pratique. Lille: Paris, [etc]: Desclée, 138 S.
  • Zanen, J.P., 1915. Berels Berta: eine Bauerngeschichte aus dem Luxemburgischen, Novelle von J. vun der Hardt. Luxemburg, C. Beffort, 149 S.
  • Zanen, J.P., 1918. Leitfaden zum Studium der Mineralogie, Geologie und Bodenkunde des Luxemburger Landes. Luxemburg, Jos. Beffort, 62 S.
  • Zanen, J.P., 1921. Camille Aschmann 1857-1921. Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 15(1921), S. 129-136.
  • Zanen, Jean-Pierre et al., 1921. Étude sur l'alimentation de la ville de Wiltz en eau potable, avec raccordement facultatif des communes limitrophes (conduite d'eau projetée pour les Ardennes). Bulletin de la Société des naturalistes luxembourgeois, 31(1921), 57-72.[1]
  • Zanen, J.P., 1939. Berels Berta: eine Erzählung aus der Luxemburger Heimat. Luxemburg, V. Buck, 110 S.
  • Zanen, J.P., 1951. Berels Berta: eine Erzählung aus der Luxemburger Heimat. [Illustrationen von P. Blanc]. Luxemburg, P. Linden, 146 S.

Gielercher[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Muller, R., Zanen, Jean-Pierre. In: Luxemburger Autorenlexikon. Online-Versioun. Stand: 3. Oktober 2011. [2] [opgeruff de 25. Juli 2012]. (de)

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. Odre de la Couronne de chêne Auszeechnungen 1952 Memorial A N° 10 vun 1952 Archivéiert op 2016-03-04. Gekuckt de(n) 2013-01-04.