Sergei Iwanowitsch Beljawski
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Sergei Iwanowitsch Beljawski (Сергей Иванович Белявский), gebuer de 7. Dezember 1883 zu Sankt Petersburg, Russland, a gestuerwen den 13. Oktober 1953 zu Leningrad, war e russeschen Astronom. Aner Schreifweisen vum Numm sinn ë. a. Belyavsky, Beljawskij oder Belyavskii.
Hie war Member vun der sowjetescher Akademie vun de Wëssenschaften. Hien huet op de Gebidder vun der Astrometrie an der Fotometrie geschafft an huet sech intensiv mat dem Studium vun de Verännerleche Stäre beschäftegt.
De Beljawski huet um Krim-Observatoire geschafft, wou hie während senger Carrière 36 Asteroiden souwéi den helle Koméit C/1911 S3 entdeckt huet.