Ptolemäer

Vu Wikipedia
Wiesselen op: Navigatioun, sichen

D'Ptolemäer (och Lagiden, nom Lagos, dem Papp vum Ptolemaios I.), méi richteg Ptolemaier, war de gemeinschaftlechen Numm vun de makedonesch-griicheschen Herrscher vum Alen Egypten während der Spéitzäit.

<
p
t
wA l
M
i i s
>

(Transliteratioun: p:t-wA-l:M-i-i-s)

D'Ptolemäerzäit huet no der Eruewerung vum Alexander dem Groussen 332 v. Chr. ugefaangen, deen d'Perser verdriwwen huet. No sengem Doud war d'Zukunft vu sengem Riseräich ongewëss; et gouf Parteien, déi sech fir eng Zukunft ënner engem Régent ausgeschwat hunn, anerer hätten d'Administratioun léiwer a Satrapie ënner de Genereel vum Alexander gesinn. De Ptolemaios I., Jong vum Lagos an ee vun de Genereel vum Alexander, huet Egypten als Satrapie iwwerholl. Am Joer 304 v. Chr. huet hien de Kinnekstitel Basileus ugeholl, wat engersäits säin Usproch op Egypten gefestegt huet, an anerersäits och e Verzicht op d'Ierfschaft vum Alexander sengem Groussräich war. Ob de Ptolemaios sou Ambitiounen hat, ass bis haut net gewosst. Hien huet erfollegräich ëm d'Hand vun der Kleopatra vu Makedonien ugehalen, der Schwëster vum Alexander dem Groussen, déi vun den Nokomme vum makedonesche Kinnekshaus déi Persoun mam gréissten Usproch war. D'Hochzäit gouf allerdéngs duerch de Regent Antigonos I. Monophthalmos verhënnert, dee seng Muecht a Gefor gesinn huet. D'Kleopatra gouf op säin Uerder hin ëmbruecht.

An der Follegzäit huet sech Egypten als eent vun de wichtegsten an aflossräichsten Diadocheräicher entwéckelt, wat net zulescht un der gënschteger geographescher Lag um Nil louch. Déi folgend véierzéng Herrscher haten alleguer den Numm Ptolemaios mat engem griichesche Bäinumm1. Bestuet gouf sech mat den aneren Diadochen an den Epigonen ; Gesëschterbestiednisser wéi dat vum Ptolemaios II. an der Arsinoë II. waren nach skandaléis Ausnamen.

D'Ptolemäer hunn Alexandria zu engem Zentrum vu Kultur a Fortschrëtt gemaach. Alexandria war déi bescht Plaz, fir sech zum Medeziner ausbilden ze loossen, an hat eng grouss Bibliothéik. Um Haff vum Kinnek goufe Philosophen a virun allem Naturwëssenschaftler gefërdert.

Egypten war dacks am Krich mat den aneren Diadocheräicher, a sou hu sech d'Gesëschterbestiednisser entwéckelt. D'alexandrinesch Bevëlkerung huet e puer Mol géint d'Herrschaft rebelléiert2, eppes, wat ënner den egyptesche Pharaonen ondenkbar gewiescht wier. D'Vollek huet sech net géint e Pharao erhuewen ; dëst ass e Punkt, wou een Ënnerscheeder zu der egyptescher Herrschaft feststelle kann. D'Egypter haten an der Bevëlkerung, déi vu Griichen a Makedonen dominéiert ginn ass, den niddregste Stand, konnten et awer bis an d'Administratioun packen3.

Reginald Arthur, The Death of Cleopatra, 1892.

An der Schluecht vu Raphia goufen nieft de makedoneschen, griicheschen, kelteschen a jiddesche Sëldner och fir d'éischt Kéier Egypter agesat. Mä d'militäresch Ausbildung huet sech als Bumerang erwisen, well d'Egypter hiert Wësse benotzt hunn, fir géint d'makedonesch Uewerherrschaft ze rebelléieren. Egypten hat e groussen Deel vu senger Onofhängegkeet agebéisst, a stoung zulescht ënner der Hegemonie vum Réimesche Räich, wat seng Versuergung mat Weess haaptsächlech op Egypten gestäipt huet. Zulescht stoungen d'ptolemaiesch Herrscher an engem Scholdverhältnis zu de Réimer. De Ptolemaios Auletes huet et nach grad gepackt, säin Testament duerchzesetzen, a seng Duechter Kleopatra VII. kréinen ze loossen. D'Enn vun der Geschicht, d'Kämpf tëscht der Kleopatra an de Beroder vun hire Bridder, gouf virun allem vun de Réimer bestëmmt, déi sech fir d'Kleopatra entscheet haten. Duerch d'Bestiednis mat hirer zweeter grousser Affär4, dem Marcus Antonius, hätt souguer d'egyptescht Groussräich nees entstoe kënnen. Mä déi zwee hu sech dem Octavian misse geschloe ginn, dee géint säi fréieren Triumvir gehetzt huet, a seng Muecht zu Roum duerch d'Koppel a Gefor gesinn huet.

No 30 v. Chr. gouf Egypten als réimescht Protektorat regéiert.

Lëscht vun de ptolemaieschen Herrscher[änneren | Quelltext änneren]

D'Ptolemaierkinneken hu spéider och dacks zesumme mat hire Fraleit regéiert, déi zum Deel och hir Schwëstere waren. Verschidde Kinniginnen hate kinneklech Vollmuechten, déi berühmtesten ass wuel d'Kleopatra VII. (5130 v. Chr.) déi mat hir Bridder an hire Jong als Matregenten hat.

Statu vun der Kleopatra.
Numm Herrschaft Bemierkungen
Ptolemaios I. Sotêr Eurydike, duerno Berenike I. 304282 v. Chr.  
Ptolemaios II. Philadelphos Arsinoë I., duerno Arsinoë II. 284246 v. Chr. huet zesumme mam Ptolemaios dem Jong regéiert.
Ptolemaios III. Euergetes Berenike II. 246221 v. Chr.  
Ptolemaios IV. Philopater Arsinoë III. 221205 v. Chr.  
Ptolemaios V. Epiphanes Kleopatra I. 205180 v. Chr.  
Ptolemaios VI. Philometor Kleopatra II. 180164 v. Chr., 163145 v. Chr.  
Ptolemaios VII. Neos Philopater   145 v. Chr. huet net regéiert.
Ptolemaios VIII. Euergetes II. Kleopatra II., duerno Kleopatra III. 170163 v. Chr., 145116 v. Chr.  
Kleopatra II. Ptolemaios VIII. Euergetes II. 132124 v. Chr. an Oppositioun zum Ptolemaios VIII.
Ptolemaios IX. Philometor Sotêr II. Kleopatra IV., duerno Kleopatra Selene 116107 v. Chr., 8881 v. Chr. éischt Regierungszäit zesumme mat der Kleopatra III.
Ptolemaios X. Alexander I. Kleopatra Selene, duerno Berenike III. 11488 v. Chr. bis 103 zesumme mat der Kleopatra III.
Berenike III. Ptolemaios X., duerno Ptolemaios XI. 8180 v. Chr.  
Ptolemaios XI. Alexander II. Berenike III. 80 v. Chr. huet zesumme mat der Berenike III. regéiert
Ptolemaios XII. Neos Dionysos Kleopatra VI. Tryphaena 8058 v. Chr., 5551 v. Chr. zesumme mat der Kleopatra VI.
Kleopatra VI. Tryphaena Ptolemaios XII. 5857 v. Chr. zesumme mat der Berenike IV.
Kleopatra VII. Ptolemaios XIII. a Ptolemaios XIV. 51 - 30 v. Chr. zesumme mat hire Bridder an der Arsinoë IV.

Genealogie[änneren | Quelltext änneren]

EgyptenPtolemaier.jpg

Literatur zum Thema[änneren | Quelltext änneren]

  • André Bernand, Alexandrie des Ptolémées, CNRS, Paräis, 1995. (ISBN 2-271-05277-7)
  • Auguste Bouché-Leclercq, Histoire des Lagides, Scientia, Aalen, 1978. (ISBN 3-511-05120-7)
  • Madeleine Della Monica, Les derniers pharaons : les turbulents Ptolémées, d'Alexandre le Grand à Cléopâtre la Grande, Maisonneuve et Larose, Paräis, 1993. (ISBN 2-7068-1077-7)
  • Marie-Thérèse Lenger, Corpus des Ordonnances des Ptolémées, Palais des Académies, Bréissel, 1980.
  • Georges Le Rider a François de Callataÿ, Les Séleucides et les Ptolémées : l'héritage monétaire et financier d'Alexandre le Grand, Éditions du Rocher, Monaco, 2006. (ISBN 2-268-05850-6)
  • Jacques Pirenne, Histoire de la civilisation de l'Egypte ancienne, A. Michel, Paräis, 1961-1963.
  • Christian-Georges Schwentzel, Images d'Alexandre et des Ptolémées, Mouseion, Paräis, 1999. (ISBN 2-9510354-3-8)

Um Spaweck[änneren | Quelltext änneren]

Commons: Ptolemäer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Notizen a Referenzen[änneren | Quelltext änneren]

1: Dëse griichesche Bäinumm huet de pharaoneschen Numm awer op kee Fall ersat, mä war komplementär.
2: Eemol wéinst der Ermuerdung vun enger ptolemaiescher Prinzessin, déi beim Vollek beléift war.
3: Viraussetzung heifir war, d'Amtssprooch Griichesch ze schwätzen.
4: Hir éischt grouss réimesch Aventure war mam Julius Caesar.


Discobolus icon.png Hellenopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer Griicheland an der Antikitéit.
Eye of Ra2.svg Portal Egyptopedia – All d'Artikelen op der Wikipedia iwwer dat aalt Egypten.