Ernst Haeckel
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Ernst Heinrich Haeckel, gebuer de 16. Februar 1834 zu Potsdam a gestuerwen den 9. August 1919 zu Jena, war en däitsche Naturwësseschaftler a Philosoph.
Den Haeckel huet Medezin op den Universitéiten zu Berlin, Würzburg a Wien studéiert. 1857 huet hie promovéiert an e Joer méi spéit säi Staatsexame gemaach. Hie gouf 1861 Professer fir Anatomie zu Jena a krut do 1865 e Léierstull an der Zoologie bis 1909.
Nodeems hien 1860 e Wierk vum Charles Darwin iwwer d'Entstoe vun den Aarte gelies hat, gouf hien e begeeschterten Unhänger vun der Evolutiounstheorie. 1866 huet hien den Darwin perséinlech kennegeléiert an huet seng Aarbecht der Evolutiounstheorie ugepasst.
Den Ernst Haeckel huet de Begrëff Ecologie geprägt.
| Commons: Ernst Haeckel – Biller, Videoen oder Audiodateien |