Ariston

Vu Wikipedia
Ariston
Land Lëtzebuerg
Gemeng Esch-Uelzecht
Plaz Esch-Uelzecht, rue Pierre-Claude
Koordinaten 49° 29’ 27.71’’ N
      05° 58’ 35.70’’ O
Datum vum Bau 1960-1962
Proprietär Stad Esch-Uelzecht

Den Ariston zu Esch-Uelzecht ass e fréiere Kino mat um éischte Stack engem Festsall, um Eck vun der Rue Pierre-Claude an der Rue Zénon-Bernard, net wäit ewech vun der Brillplaz (Place de la Résistance).

D'Gebai gouf tëscht 2020 an 2022 an e Kanner- a Jugendtheater vun der Stad Esch ëmgebaut.

Geschicht[änneren | Quelltext änneren]

D'Gebai gouf 1960 gebaut als Centre communal des Oeuvres paroissiales, an deem nieft engem Kino e Bistro, e Festsall an e Konferenzsall ze fanne waren. Seng Erëffnung gouf 1962 gefeiert.

De Kino Ariston[änneren | Quelltext änneren]

De Kino Ariston zu Esch-Uelzecht, 2006.
De Kino Ariston bannenan (2006).

Den éischte Film deen am Ariston gewise gouf, war A Nun's Story.

Mam allgemenge Réckgang vun de Kinosspectateuren an den 1970er Jore goufen Zanter 1978 bal nëmmen nach Erotik-Filmer gewisen, bis datt den Ariston 1986 zougemaach huet.

De 15. Mee 1991 huet den Utopia Group d'Exploitatioun vum Kino iwwerholl, e restauréiert souwéi d'Technik op den deemolege Stand bruecht.

Am Mee 2006 huet dann den Utopia Group opgehalen a Caramba huet en iwwerholl. Am Juni 2006 gouf de Kino komplett frëschgemaach an no enger Porte ouverte den 22. Juni goung den Ariston op Nationalfeierdag nees op.

De Kino Ariston hat dunn 223 Sëtzplazen, a war mat engem Filmprojektiounsapparat fir 35 mm-Filmer an och engem Digitalprojekter ekipéiert. Den Ecran war 12 m op 5 m grouss.

De 5. Januar 2016 huet Caramba de Kino zougemaach.[1]

Den 23. Mee 2016 huet de Filmmécher Adolf El Assal, an de Fotograf Paulo Lobo eng Petitioun bei Change.org lancéiert fir de Kino z'erhalen.[2][3]

Den 9. Januar 2019 huet den Escher Dokumentarfotograf Jan Guth 15 Fotoen iwwer de Kino Ariston mam Titel « Eise leschte Kino. Den Ariston. » am Kader vum 25. Salon d'auteurs vum Photo-Club Esch an der Galerie vum Escher Theater ausgestallt, dëst als Erënnerung un den Ariston als een Escher Symbol, wéi och als Protest géint d'Opginn, an déi zu dem Zäitpunkt nach ongewëss Zukunft, vum leschten traditionelle Kino zu Esch.[4]

De Kanner- a Jugendtheater[änneren | Quelltext änneren]

Enn Mäerz 2019 huet den Escher Gemengerot annoncéiert, datt d'Stad Esch d'Gebai mam Kino wéilt kafen, fir do e Kanner- a Jugendtheater dran anzeriichten. Se wéilt och e positiven Avis ofginn, fir d'Gebai als nationaalt Monument ze klasséieren, wat dann och den 20. Dezember 2019 geschitt ass[5]. De Kulturministère an déi national Denkmalschutzkommissioun géifen dann och d'Halschecht vun de Käschten, 2 bis 3 Milliounen Euro, bäisteieren.[6]

2020 ass d'Gemeng fir 4,68 Milliounen Euro neie Proprietär ginn. Den Architektebüro WW+ huet d'Pläng fir d'Restauréierung gemaach, déi eng weider 15 Milliounen Euro kascht huet. Den 13. Juni 2022 war Porte-ouvert vum neie Gebai. Vu September 2022 un ass den Escher Theater fir d'Programmatioun zoustänneg.[7]

Am neien Theatersall sinn 174 Sëtzer; d'Bün ass 10 Meter breet, och un e Kinosécran gouf geduecht. Uewenop ass e Méizwecksall, dee fir Veräinsversammlungen oder Ateliere benotzt ka ginn. Zu gudder Lescht gëtt et eng Bar am Keller, wou och Liesungen oder kleng Concerten organiséiert kënne ginn.[7]

Kuckt och[änneren | Quelltext änneren]

Literatur[änneren | Quelltext änneren]

  • Ronald Dofing: "Écran blanc." in: d'Lëtzebuerger Land Nr.33, 17. August 2018, S.19.

Referenzen[Quelltext änneren]

  1. "Öffentliche Übernahme als letzte Rettung." tageblatt.lu, 9. Februar 2016.
  2. "Petitioners' call to go on with Ariston: Two artists have launched a petition to save a 50-year-old cinema in Esch-sur-Alzette and transform it into a community centre." Luxembourg Times, 24. Mee 2016.
  3. "Sauvons le Ciné Ariston" Change.org, 23. Mee 2016.
  4. "Affiche vum 25. Salon d'auteurs" Gemeng Esch-Uelzecht, 25. Januar 2019.
  5. Institut national pour le patrimoine architectural: Liste des immeubles et objets bénéficiant d'une protection nationale. (Lescht Versioun vum 27. Februar 2024).
  6. "Kanner- a Jugendtheater soll entstoen: Stad Esch wëllt de fréiere Kino Ariston elo awer kafen." rtl.lu, 30.03.2019 06:56.
  7. 7,0 7,1 France Clarinval: "L'après-2022 se dessine à Esch." d'Lëtzebuerger Land 10.06.2022, S.7.